Déi Bréisseler Transportgesellschaft STIB ass wéinst Diskriminatioun verurteelt ginn, well si op Gronn vum Prinzip vun der reliéiser Neutralitéit eng Kandidatur vun enger islamescher Fra refuséiert huet. An nëmmen e puer Deeg ass den Dossier ronderëm den islamesche Schleier, a méi generell reliéis Symboler an der Ëffentlechkeet, e gliddege politesche Sujet ginn.
Detailer mat eisem Korrespondent an der Belsch, de Georges Kohnen