Den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn war ee vun de grousse Gewënner vun der Pandemie. Géint Chrëschtdag huet hien als beléiftsten däitsche Politiker gegollt, op eemol stoung souguer eng Kanzlerkandidatur am Raum. Mee duerch eng ganz Rei Skandaler huet sech de Wand gedréit. Déi rezentste Reproche: De Jens Spahn soll probéiert hunn, qualitativ mannerwäerteg Schutzmasken u Sans-Abrisen an u Mënsche mat Behënnerung ze verdeelen. Detailer vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch
arrow_back_ios
Aktuelles
En onmoralesche Plang
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
