Aktuelles
Op der Sich no Unerkennung: Zu Lëtzebuerg an international
Den Zentrum fir Zäit- an Digitalgeschicht (Luxembourg Centre for Contemporay and Digital History, C2DH) besteet elo zanter bal fënnef Joer op der Uni Lëtzebuerg. Am Gespréich mam C2DH-Direkter Andreas Fickers geet et ëm de Positionnement vum Zentrum an der internationaler Fuerschungszeen grad wéi seng Roll an der Lëtzebuerger Gesellschaft. Den Accès zu Archiven, d'Sich no qualifizéiertem Personal, d'Risike vun Optragsfuerschung an d'Kulturjoer 2022 si weider Theemen am Interview, deen d'Pia Oppel mam belschen Historiker geféiert huet.