Op d'Fro hin, wat Luxus fir een ass, äntwere mir meeschtens: "Fir mech ass Luxus dat an dat ...". Et schéngt also eppes total Subjektives ze sinn, wat dovun ofhänkt, wéi den Eenzelen d'Welt gesäit, erlieft a versteet.
Ass Luxus néideg?
Hutt Dir Iech vläicht scho mol gefrot, wat Dir Iech vun Ärem Liewensstandard erwaart? Well genee dann, wa mir eis bewosst sinn, wat verstänneg ass an dem Zweck déngt, da kënne mir erausfannen, wat et net ass.
Well eigentlech wësse mir et iergendwéi all: Luxus ass dat, wat mir u sech guer net brauchen, wat iwwerdriwwen ass. Vläicht hutt Dir Iech dës Lescht awer déi deier Schung gegënnt? Wéi frech eigentlech. Et war guer net néideg, an Äert Gewëssen, datt Dir d'Geld net fir onnéideg deier Saachen ausgi sollten, huet sech och gemellt.
Aus dem Alldag erausklammen
Datt Luxus also eppes mat engem gewëssen "Trotz-Moment" ze dinn huet, gëllt och dann, wann Ausschlofen a Kaffi am Bett zu de Luxusmomenter gehéieren.
Mir entscheeden eis bewosst dofir, aus dem Alldag erauszeklammen, an eis ee gemittleche Moien ze gënnen, och wann d'Streck nach op eis waart. Wéi fille mir eis dobäi? Eng Theorie ass, datt mir eis Freed dorunner hunn, eis bewosst entgéint deem ze verhalen, wat elo "richteg" wier, an doran ee Moment vu Fräiheet ze erfueren. Well wiem seng Decisioun ass et, eppes Iwwerflësseges ze kafen, ouni Rechenschaft ofleeën ze mussen? Genee: engem seng eegen. De Recht ass eis dee Moment egal.
D'Erliewen an d'Erfueren
An deem Moment, wou den "ze vill" gewollt ass, trieden eis Usiichte vum Alldeeglechen an Normale vun eisem Liewen däitlech ervir. Wat ass fir Iech noutwendeg? Wat fannt Dir iwwerflësseg? Fir deen ee gehéiert déi drëtt Vakanz am Joer einfach dozou, dat ass mol keen explizitte Luxus. Fir deen aneren ass dat eng onmoosseg Perversioun, an een "too much" mat ville Konsequenzen.
Dofir, et geet net ëm een Objet, deen als luxuriéis wouer geholl gëtt, mee ëm d'Erliewen an d'Erfuere selwer. D'Luxuserfarung, sief et elo d'Vuittons-Schung oder de relaxe Moment bei enger Taass Téi, gëllt deemno fir eis als Moment vun enger fräier Entscheedung, fir eis aus dem Drock vum Alldag auszeklénken.
Eng bewosst Entscheedung
Dann erfuere mir eis als autonom, selbststänneg, Persounen, déi fir sech selwer entscheeden, esou seet d'Theorie. Dat ass u sech ee ganz flotte Gedanken, mee wann ech un eise konsumkapitalistesche Modell denken, bei deem superräich Leit "liewesnoutwenneg" Yachten a Pelzemäntel sammelen, stellt sech d'Relatioun tëschent Luxus a Selbsterkenntnis awer nach eemol a Fro.
Wien de blanne Konsum lieft, fillt wéineg vun där existenzieller Fräiheet. Do ass een awer éischter ee Sklav vum Kommerz. Mee wa sech heiansdo bewosst fir Luxus entscheet gëtt, a mir déi Erfarung voll a ganz ausliewen, da kéint et sinn, datt mir eis selwer als eng Persoun wouerhuelen, déi fräi entscheet, datt si elo eng Auszäit huele kann.
Passt mol dorop op, wann Dir als nächst an der Hängematt leit.