Radioen

On air

Concert  |  Auf der gleichen Saite

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ 5 Millioune Passagéier um Lëtzebuerger Fluchhafen am Joer 2024

Neie Passagéier-Rekord um Findel

5 Millioune Passagéier um Lëtzebuerger Fluchhafen am Joer 2024

Dëst Joer huet de Fluchhafe 5 Millioune Passagéier gezielt. Dat mellt de Fluchhafebedreiwer Luxairport an engem Communiqué. Zu Stousszäiten kënnt de Fluchhafen u seng Kapazitéitsgrenzen, seet den Direkter Alexander Flassak, am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

D‘lescht Joer huet de Findel ronn 4,8 Millioune Passagéier gezielt. Well de Fluchhafen u seng Grenze  kënnt wäerten d’nächst Joer scho vill Funktiounen aus dem Terminal an de Sky Park Business Center, als d'Gebai nieft dem Terminal, verlagert ginn, erkläert den Alexander Flassak.

"Um viele Funktionen den Passagieren zur Verfügung zu stellen, um auf der Luftseite mehr Platz zu schaffen. Und im Grunde um den Platz im Terminal zu optimieren, um damit etwas Zeit zu überbrücken, bis wir mit einem Erweiterungsbau beginnen können.”

Lauschterenplay_arrow

Fir d’Fluchpassagéier heescht dat konkret, datt méi Linne fir d’Sécherheetskontrolle sollen entstoen an de Waardeberäich duerno ausgebaut soll ginn. E konkreten Zäitraum fir dës Erweiderungen, konnt den Direkter Alexander Flassak op Nofro hin net nennen.