Radioen

On air

Concert  |  Auf der gleichen Saite

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ "Aarmut bekämpft een net, andeems een déi Aarm bekämpft"

Ee Joer Heescheverbuet

"Aarmut bekämpft een net, andeems een déi Aarm bekämpft"

Et wëllt een organiséiert an aggressiv Heeschebanden aus der Stad dreiwen. Dat war d'Justifikatioun vun der Stater Buergermeeschtesch fir d'Heescheverbuet, dat virun engem Joer an der Uewerstad an op der Gare ageféiert gouf. Wat fir en Afloss huet d’Heescheverbuet dann op déi Leit, déi op der Strooss liewen? Wéi huet dëst Verbuet hiert Liewe verännert?

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Illustratioun Heeschen | © picture alliance / Zoonar | HGVorndran play_arrow
Foto: picture alliance / Zoonar | HGVorndran

Et ass hallwer 12, de 5. Dezember an der rue de la Fonderie zu Hollerech. Schonn um véierel op 11 stinn déi éischt Leit an der Rei fir bei der Stëmm vun der Strooss eppes Waarmes ze iessen ze kréien. Déi eng sti mat enger Wallis am éischte Schnéi vun dësem Joer ze waarden. Anerer diskutéiere mat hire Bekannte fir d'Zäit erëmzekréien, bis datt si dru kommen. Bei der Stëmm vun der Strooss kréie si nämlech fir 50 Cent eppes ze iessen.

Um Punkt 12 ginn d'Dieren op, an déi éischt Leit dierfen eran

Mir sëtzen eis un en Dësch a komme mat engem 27-järege Mann an d'Gespréich. Hie koum virun 2 Méint op Lëtzebuerg fir eng Aarbecht ze fannen. Bis elo wier et awer net esou einfach, well him d'Pabeiere feelen. Heesche mécht hien net. A sengen Ae sollt een dofir awer kee verurteelen.

"Je crois que chacun préfère aller travailler pour gagner sa vie. Si une personne va dans les rues pour mendier, c'est parce qu'elle n'a pas le choix."

Eng Fro vun Iwwerliewen

Am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg begéine mir dem Mëtt-20 järege Seba. De Seba huet bis viru 5 Méint an enger Struktur gelieft, wou hie betreit gewunnt huet. Elo ass hien op der Strooss an heescht trotz dem Verbuet. Fir hien ass et och eng Fro vun Iwwerliewen.

"Vu datt eis d’Heesche verbuede ginn ass, ass eis eng gewësse Garantie oder eng gewësse Geldquell einfach dramatesch ewechgerappt ginn."

Dëse 40-Järegen Sans-abris aus Frankräich lieft zanter engem Mount op der Strooss. Hien huet elo eng Aarbecht fonnt an hofft, datt hie sech séier eng Wunneng leeschte kann.

Selwer huet hien nach keng schlecht Erfarunge mat der Police gemaach. D'Police géif sech op Leit konzentréieren déi klauen oder dealen an déi sougenannten einfach Heescherte mat Rou loossen, seet hien:

"Ils ciblent leur proie, en fait. Ils savent qu'eux, ils ne font rien de méchant, genre, ils veulent s'en sortir."

"Sech an eis Lag versetzen"

Och wann d'Police d'Mendicité simple laut der Stater Buergermeeschtesch net géif bestrofen, ass de Seba net averstane mam Heescheverbuet. Hie fënnt, datt d'Lydie Polfer méi Verständnis sollt weisen:

"A mengen Ae sollt si sech selwer mol an eis Lag versetzen, sech selwer mol en Dag oder eng gewëssen Zäit an eis Lag versetzen, an eisen Alldag. Da géif si gesinn, wéi et ass ze heeschen, a virun allem wéi et ass, wann et engem verbuede gëtt."

Och den Dennis heescht. Dee ronn 50-järege Mann lieft zanter 31 Joer op der Strooss. Hie seet, datt och hie sech elo muss anescht uleeë beim Heeschen.

"Das hat aber für mich auch Konsequenzen, weil mich kennen ja so viele Menschen und die dürfen mir kein Geld mehr geben. Aber sie machen es doch ein bisschen, heimlich."

"E gewaltege Schrëtt an déi falsch Richtung"

Bei all de Gespréicher war de Fazit änlech. Trotz dem Heescheverbuet géifen d'Leit weider heeschen. D'Persoune géife just manner Geld kréien, well een dat heemlech maache misst.

De Seba betount zum Schluss nach:

"Et ass a menger Siicht e gewaltege Schrëtt an déi falsch Richtung, well Aarmut bekämpft een net, andeems een déi Aarm bekämpft.”

Lauschterenplay_arrow