D‘lescht Joer huet de Findel ronn 4,8 Millioune Passagéier gezielt. Well de Fluchhafen u seng Grenze kënnt wäerten d’nächst Joer scho vill Funktiounen aus dem Terminal an de Sky Park Business Center, als d'Gebai nieft dem Terminal, verlagert ginn, erkläert den Alexander Flassak.
"Um viele Funktionen den Passagieren zur Verfügung zu stellen, um auf der Luftseite mehr Platz zu schaffen. Und im Grunde um den Platz im Terminal zu optimieren, um damit etwas Zeit zu überbrücken, bis wir mit einem Erweiterungsbau beginnen können.”
Fir d’Fluchpassagéier heescht dat konkret, datt méi Linne fir d’Sécherheetskontrolle sollen entstoen an de Waardeberäich duerno ausgebaut soll ginn. E konkreten Zäitraum fir dës Erweiderungen, konnt den Direkter Alexander Flassak op Nofro hin net nennen.