Radioen

On air

Resonanzen  |  Friedrich Burgmüller - Dräi Nocturnen, I. Andantino - Duo Marcanto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Variante vun autoritärer Perséinlechkeet

Autoritär

Variante vun autoritärer Perséinlechkeet

Wärend den Erich Fromm an den 30er Joren un der empirescher Etüd iwwer autoritäre Charakter geschafft huet, war den Theodor Adorno sengersäits vun de 40er Joren u mat der Etüd iwwer autoritär Perséinlechkeet beschäftegt.

auto_stories

4 min

E Mauerbild vum Theodor W. Adorno, gemoolt vum Justus Becker an Oğuz Şen / Senckenberganlage, Frankfurt

An hei dierft ee sech wuel direkt froen, wat dann d'Differenz ass tëschent engem autoritäre Charakter an enger autoritärer Perséinlechkeet. Selbstverständlech kann een déif metaphysesch Iwwerleeungen doriwwer fannen, wat dann elo déi wesentlech Ënnerscheeder tëschent Charakter a Perséinlechkeet ausmaachen.

Zum Gléck brauche mer awer an dësem Fall net esou wäit ze goen, well wat beim Adorno autoritär Perséinlechkeet heescht, soll sech virun allem dem Numm no vun deem ënnerscheeden, wat de Fromm autoritäre Charakter genannt huet. Am Fong handelt et sech awer ëm zwou Etüde vun den nämmlechte Phenomeener. Den Hannergrond vun der Differenz an Numm läit an éischter Instanz an enger perséinlecher Rivalitéit tëschent den Auteuren.

Famill an Autoritéit

D'Studie iwwer déi autoritär Perséinlechkeet verfollegt dann och eng änlech Absicht, wéi déi iwwer d'Famill an Autoritéit. Och d'Methodologie vun dëser Studie war fir seng Zäit héich originell. Just ee Beispill vun de Problemer bei esou Etüden, dat liicht verständlech ass:

Leit mat engem Questionnaire ze befroen, ass net wéi en Thermometer an d'Waasser ze stieche fir d'Temperatur erauszefannen. Dem Waasser ass d'Temperatur nämlech egal.

De Leit, déi op Froen äntweren, sinn dës Froen awer guer net egal. Besonnesch bei politesch, moralesch oder perséinlech delikat Froen, muss een dovun ausgoen, datt d'Äntweren och ëmmer strategesch sinn.

Verschidde Syndromer

E groussen Deel vun der Aarbecht vun der Etüd iwwer autoritär Perséinlechkeet bestoung also doran nozedenken, wéi een indirekt u Virurteeler, Iwwerzeegungen an Attitüden erukënnt, déi déi Befroten entweder net wëllen oder net kënnen direkt ausdrécken.

Loosse mer och déi interessant Kritik vun den übleche psychologesche Klassifizéierungen op der Säit, déi och nach haut brennend aktuell bleiwen, a kucke mer eis direkt e puer Variante vun der autoritärer Perséinlechkeet un. Dës Varianten ginn an der Studie als Syndromer bezeechent. Mee contrairement zur klassescher medezinescher Bedeitung, soll e Syndrom hei kee méi oder wéineger zoufällegt, statistesch relevant Zesummekomme vu Symptomer bezeechnen. Syndrom soll hei eppes heesche wéi en novollzéibaren, logesch a psychologeschen Zesummenhang vu Perséinlechkeetszich, Iwwerzeegungen a Verhalensweisen.

Déi verschidden Syndromer, déi esou aus der Studie vun den Testpersounen ervirgoungen, waren:

  • de Verurteels-Syndrom mat Ressentiment,
  • de konventionelle Syndrom,
  • den eigentlechen autoritäre Syndrom,
  • de Rebell an de Psychopat,
  • de Spänner,
  • an de manipulativen Typus.

Eng ganz agreabel Gesellschaft also, vun deenen ugeholl ass, datt se ënner de richtege gesellschaftleche Konditiounen, jee no Syndrom, déi äifregst faschistesch Bürokraten, Sadisten, Folterknechten, Kläpper, Zaldoten, Ideologen oder Politiker gi kënnen. Bei dëser Klassifizéierung handelt et sech wuelgemierkt ëm theoretesch Idealtyppen, déi an der Realitéit just a Mësch-Verhältnisser mat verschiddenen Akzentuéierungen virkommen.

Stereotyppen, déi iwwerholl ginn

Kucke mer eis emol déi statistesch heefegst Syndromer vum konventionellen an dem manipulativen Typus un. Den eigentlech autoritäre Syndrom hale mer eis fir déi nächst Episod.

Wann den Adorno an de spéide 50er Joren nach emol schreift, datt Mënsche wäitgoend just nach Funktioune vum Institutionelle sinn, vun der Ariichtung vun der Welt, da gëllt dat besonnesch fir déi Zort vun autoritärer Perséinlechkeet, déi sech duerch de "konventionelle Syndrom" charakteriséiert.

De Konventionellen denkt quasi nëmmen a Stereotyppen, déi en aus senger direkter Ëmwelt iwwerhëlt, dacks emol net bewosst oder reflektéiert. Frae vun dëser Dispositioun leeën z. B. Wäert op Propretéit an op affichéiert Weiblechkeet, Männer op d'Duerstellung vu sech selwer "als richtegen" an staarke Mann.

D'Akzeptéiere vun de virherrschende Wäerter ass hei méi wichteg, wéi déi eege Meenung oder Zefriddenheet. Dofir hunn d'Virdeeler vun dëse Leit och meeschtens kee Rapport zu hinne selwer. Si si wéi vu baussen opgeprafft an dofir och vun enger Zort vu Rigiditéit, déi all rationeller Iwwerleeung widdersteet. Fundamental fir déi Konventionell ass och d'Ënnerscheeden tëschent dem eegene Grupp an de Friemen. Alles wat déi eegen Iwwerzeegungen a Fro stellt oder stéiert, ass insupportabel a provozéiert Ofneigung.

D'Welt no de Stereotyppe formen

De manipulativen Typus ass nach emol eng ganz aner Zort vun Autoritären. Hei kritt d'Denken a Stereotyppen nach emol eng ganz aner Dimensioun an Form. Déi ganz Welt, schreift den Adorno, ass hei an eidel, schematesch, administrativ Felder agedeelt. Fir de Manipulative gëtt et kee Réckzuch an eng onzefridden Introversioun, mee eng andauernd Interventioun an enger Welt, déi just aus maniabelen Objete besteet. Alles an der Welt soll no de Stereotyppen a Scheemae geformt a geuerdent ginn. Dës Stereotyppe sinn dann och keng Mëttele méi zum Zweck, mee si ginn zum Zweck selwer.

Uerdnung ass hei net dat halleft d'Liewen, mee d'Liewe selwer soll näischt méi si wéi Uerdnung. An dës Uerdnung ass direkt opgedeelt nom Frënd-Feind Scheema. Wat der Uerdnung net entsprécht, dat muss geriicht ginn. Hei verbënnt sech eng räich Intelligenz mat enger extremer, affektiver Aarmut.