Et goung net ëm materielle Schued, deen domat sollt kompenséiert ginn, well et gouf näischt futtigemaach. Greenpeace ass vun der Jury haaptsächlech wéinst Calomnie, also Verleumdung, schëlleg gesprach ginn. Fir vill Observateuren: e klassesche Fall vun engem SLAPP-Urteel (strategic lawsuit against public participation), dem Urteel um Enn vun enger juristescher Prozedur, där hiert eenzegt Zil et ass de Viséierten ze intimidéieren.
De Professer Burkhard Hess war bis Hierscht 2023 Chef vum Max Planck Institut fir internationaalt an europäescht Recht hei zu Lëtzebuerg, éier hien eng Professur op der Uni Wien ugeholl huet. Hie wier schockéiert iwwer dat Urteel gewiescht, sot hien. Hie gëtt awer och zou, datt d'Grenz tëscht legitimmen an exzessive Protest heiansdo e schmuele Grad ass.
"Man muss sich auch wehren dürfen gegen Protestformen, die vielleicht in rechtswidrige Handlungen umschlagen, gar keine Frage, und man muss sich auch gegen Verleumdungen wehren können. Aber umgekehrt können eben auch Verleumdungsklagen umgedreht werden und als sozusagen Angriffswaffe gegen die andere Seite genutzt werden. Wichtig ist dann, dass die Gerichte sensibilisiert sind, dass dies politische Verfahren sind und dass hier, und das ist das Wichtigste, eine rasche Entscheidung erfolgen muss."
Eng onofhängeg Justiz an enger stabiller Demokratie wier déi bescht Garantie géint SLAPP-Urteeler, awer och keng absolut Garantie. Well een onkamoud Kontrahenten och aschüchtere kann, wann een e mat Plainten zouschëtt. An datt dat och an Europa méiglech ass, huet sech an engem Fall gewisen, deen dozou geféiert huet, datt de Conseil de l'Europe an der Thematik aktiv gouf.
Doud vun der Daphne Galizia Ausléiser fir Reformen
Konkret geet et ëm de Mord vun der Journalistin Daphne Galizia zu Malta am Joer 2017, déi ënner anerem iwwer Korruptioun an der malteesescher Regierung a Gesellschaft opgekläert huet. "Als sie ermordet wurde, waren gegen sie mehr als 35 Zivilklagen anhängig."
De Burkhard Hess gouf deemools an en Expert-Comité beruff, deem seng Aarbecht zum Resultat geféiert huet, datt den Europarot senge Memberen d'Recommandatioun ausgeschwat huet fir géint SLAPP-Prozesser virzegoen. Gläichzäiteg hätt d'EU eng Direktiv un d'Memberstaaten erausgi fir acceleréiert Zivilprozesser géint SLAPP-Prozesser.
"Und parallel hat der Europarat eine breitere Perspektive eingenommen und eine allgemeine Handlungsanweisung den Mitgliedstaaten empfohlen. Also wir haben jetzt eine ganze Fülle von Ideen und Konzepten zur Bekämpfung von Slapps.“
Gesellschaft elo besser geschützt
Dee Package hätt dozou geféiert, datt d'Zivilgesellschaft hei an Europa op jiddwer Fall vill besser géint SLAPP-Urteeler geschützt ass, wéi dat an den USA de Fall ass. D'SLAPP-Direktiv vun der EU géif och virgesinn, datt Acteuren iwwer Zivilprozesser d'Käschte fir esou SLAPP-Prozesser kënnen zeréckfuerderen.
"Und genau das ist jetzt in den Niederlanden passiert. Die Niederlande haben diese Vorschrift umgesetzt und Greenpeace hat bereits eine entsprechende Rückforderungsklage eingereicht."
Mam Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg hu mir iwwer een Urteel geschwat, dat am Moment fir Diskussioune suergt.