Radioen

On air

Notturno  |  Maija Sofia - Four Winters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sylvia Camarda: "Schwätze war ni meng Sprooch"

Sot Emol

Sylvia Camarda: "Schwätze war ni meng Sprooch"

D'Dänzerin a Choreographin Sylvia Camarda ass op internationale Bünen doheem. Besonnesch hir Zäit beim Cirque du Soleil war dobäi eng knallhaart, awer exzellent Schoul.

auto_stories

2 min

​D'Sylvia Camarda war schonn als Kand wibbeleg, an et war virun allem d'Sängerin Madonna, déi si bei den Danz gedriwwen huet:

"Wou ech kleng war, hunn ech ëmmer ganz vill getuddelt. Ech hunn och heiansdo nach Schwieregkeete mam Tuddelen, wann ech eben Angscht hunn. Dat heescht d'Schwätze war ni meng Sprooch, an ech hunn do mäi Kierper entdeckt fir mat deem ze schwätzen"

Cirque du Soleil: Knallhaart, awer eng excellent Schoul

2005 an 2006 huet si fir Cirque du Soleil, enger kanadescher Entertainment-Firma geschafft. D'Sylvia Camarda seet, datt si deemools op allen Niveaue geléiert hätt. Mee mam Ënnerschreiwe vum Kontrakt iwwergëtt een dem Cirque du Soleil och säi Kierper:

"Ech hat dunn en Affekot geholl, wou ech mäi Kontrakt kritt hunn an deen huet gesot: 'L'esclavage a été aboli et le Cirque du Soleil l'a réinventé'. Dat ass wouer, mee et war eng excellent Schoul, ech hu vill geléiert, ech hu geléiert schaffen, ech hu geléiert wat et ass op enger Bün ze stoen."

D'Sylvia Camarda betount, datt et eng Erfarung wäert war, an se encouragéiert all Jonke wann een déi Occasioun kritt, se ze notzen.

"Schéin, wann e Kand d'Liewe léiert"

An der Pandemie krut d'Sylvia Camarda d'Chance, als Eltere mat sengem klenge Kand intensiv zesummen ze sinn an den Alldag ze liewen.

Et ass eng Zäit mam Kand déi wuel ni méi esou erëm kritt, an dofir soll een och dovu profitéieren.

"Ech sinn esou dankbar datt ech einfach déi Zäit hat (...) Du has däi familiäre Cocoon doheem, deen awer esou eppes vu wichteg ass finalement. Datt s de net all Weekend op engem anere Fest bass, mee du bass doheem an hëls der Zäit."

Den nächste Freideg, 21.01.2022 gëtt op der Televisiounschaîne ARTE, déi éischt Episode vun der Sylvia Camarda hirer neier Emissioun "Dance at Home" diffuséiert.