Et ware Wierder, wei een se éischter vu konservative Politiker kennt. A Groussbritannien ze liewen, wier ee Privileeg, deen een sech verdénge misst, sot de Keir Starmer. D’Land géing riskéieren, duerch Immigratioun eng Natioun vu Friemen ze ginn.
"Care Worker Visa" gëtt ofgeschaf
Seng Regierung huet elo an engem „Immigration White Paper“ nei Reegele virgestallt, déi och EU-Bierger:inne betreffe kéinten. Zum Beispill kënnen Auslänner:inne lo réischt no 10 Joer d’Staatsbiergerschaft ufroen, am Plaz schonn no 5 Joer. Fir hei ze schaffen ënnert dem Skilled Work Visum muss een elo Diplomer vun enger Héichschoul oder Universitéit virweisen, an et ginn nei Ufuerderunge fir englesch Sproochekenntnisser.
Och de Gesondheetssystem ass betraff. Den "Care Worker Visa", dee Groussbritannien nom Brexit agefouert hat fir de Manktem un Personal am Fleegesecteur ze bekämpfen, gëtt ofgeschaaft.
"Mir wäerten endlech éieren, wat et heescht, d‘Kontroll zréckzehuelen a mir wäerte wielen, wien heihinner kënnt, fir datt d‘Migratioun am Intressi vun eiser Natioun funktionéiert." sou de Keir Starmer.
Personal aus dem Ausland nach ëmmer dréngend néideg
D‘Kritik huet net laang op sech waarde gelooss. De Präsident vun der Flüchtlingsorganisatioun Care4Calais seet, datt dem Keir Starmer seng Ried Rietsextremisten ufeiere wäert.
Fleegedéngschter a Gewerkschafte soten, Personal aus dem Ausland wier nach ëmmer dréngend gebraucht an et wier geféierlech, de Care Worker Visum ze sträichen ouni Alternativen unzebidden.
Nom Brexit ass d‘Zuel vun den Awanderer:innen a Groussbritannie geklommen. Et sinn zwar manner Leit aus der EU op d‘Insel komm, mee Immigratioun aus aneren Deeler vun der Welt ass weider geklomme. De Keir Starmer steet ënner Drock nodeems d‘rietsradikal Partei Reform UK gutt a rezente Lokalwalen ofgeschnidden huet.