Radioen

On air

Vue sur mer  |  Chappell Roan - Good Luck, Babe!

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ 3 EU-Leaderen op Besuch zu Lëtzebuerg

Um Europadag

3 EU-Leaderen op Besuch zu Lëtzebuerg

Um Europadag waren direkt 3 EU-Leaderen op Invitatioun vum Premier Luc Frieden op Lëtzebuerg gereest. D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, d‘Europaparlamentspresidentin Roberta Metsola, an de Conseilspresident Antonio Costa si mam Premier duerch d‘Haaptstad spadséiert, mat punktuellen Arrêten op wichtege Plaze fir déi europäesch Constructioun, dorënner d‘Robert Schuman Haus a Clausen.

auto_stories

2 min

EU-Leaderen an de Lëtzebuerger Premier virum Robert Schuman Haus a Clausen. | © 	© SIP / Emmanuel Claude
EU-Leaderen an de Lëtzebuerger Premier virum Robert Schuman Haus a Clausen. (Foto: © SIP / Emmanuel Claude)

 Do goufen dann och d'Riede gehal. Virop de Luc Frieden, dee sech houfreg gewisen huet, datt déi dräi EU-Leaderen den Europadag zu Lëtzebuerg verbruecht hunn.

"An duerfir ass et eng ganz grouss Éier fir mech, dat fir d'éischte Kéier an der Geschicht vun Europa d'Presidente vun deenen dräi Institutiounen, d'Parlament, de Conseil an d'Kommissioun, op Lëtzebuerg komm sinn. Dat ass eng Unerkennung fir eist Land, fir säin europäeschen Engagement."

"Russland wäert zur Rechenschaft gezu ginn"

En dominant Theema vun de Rieden de Freideg war déi russesch Invasioun vun der Ukrain. D'EU-Leaderen hu widderholl, d'Ukrain kéint weider op hir Ënnerstëtzung zielen. Well d‘Zukunft vun Europa géif an der Ukrain geschriwwe ginn, sot de Freideg d‘Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen.

"Um Europadag haut fänkt d'Gerechtegkeet fir d'Ukrain sech ze konkretiséieren, ee speziaalt Tribunal fir d'Verbrieche vun Aggressioun ass zu Lwiw lancéiert ginn. Dat ass e staarke Message fir d'Welt. Russland wäert wéinst dem Verbrieche vun Aggressioun zur Rechenschaft bruecht ginn."

Zu Lwiw an der Ukrain waren de Freideg d'EU-Ausseministeren, ënnert hinnen de Xavier Bettel zesummen, fir sech um Europa Dag, solidaresch mat der Ukrain ze weisen. D‘EU-Aussebeotragte Kaja Kallas huet do och nach annoncéiert. D'EU géif der Ukrain, fir hir Verdeedegung, eng weider Milliard Euro zur Verfügung stellen, déi duerch Zënsen op agefruere russesche Verméige generéiert goufen.