Radioen

On air

Notturno  |  NINON - Best For Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Dem Jean-Claude Hollerich seng nächst Aufgaben an der Kathoulescher Kierch

No der Wal vum neie Poopst

Dem Jean-Claude Hollerich seng nächst Aufgaben an der Kathoulescher Kierch

De Kardinol Jean-Claude Hollerich hat nach 10 Deeg virum Doud vum Poopst François eng Renconter mat him am Vatikan. De Lëtzebuerger huet sech net nëmmen enk verbonne mam Poopst gespiert, mee hien huet och duerch seng Responsabilitéiten als Generalrapporter vun der Weltsynode dozou bäigedroen, fir déi Diskussiounen iwwer d’Kierch ze begleeden. Wéi eng Roll wäert hien an Zukunft spillen?

auto_stories

2 min

De Kardinol Jean-Claude Hollerich zu Roum. | © picture alliance / ipa-agency | ALESSIA GIULIANI / ipa-agency.ne
De Kardinol Jean-Claude Hollerich zu Roum. (Foto: picture alliance / ipa-agency | ALESSIA GIULIANI / ipa-agency.ne)

Datt de Kardinol Jean-Claude Hollerich eng wichteg Roll an der Kathoulescher Kierch géing spillen, datt wëssen déi meescht spéitstens zënter dem Doud vum Poopst François. Dem Kardinol säin Numm ass nämlech méi wéi eng Kéier als dee vun engem méiglechen Nofollger genannt ginn. Elo, wou gewosst ass, wien den neie Poopst ass, kréien déi verschidde Kierchemänner eventuell nei Rollen an Aufgaben zougedeelt.

Deel vun engem enken Team

Wéi eng Roll gesäit de Jean-Claude Hollerich sech an Zukunft eventuell am Vatikan spillen? De Kardinol erkläert, datt säi Fokus weider op Lëtzebuerg läit.

"Meng Roll ass fir Äerzbeschof vu Lëtzebuerg ze sinn. Dat ass mäin Optrag an der Kierch. An déi wëll ech esou gutt erfëllen, wéi ech kann, mat menge Stäerkten a mat menge Schwächten."

De Kardinol ergänzt, datt hien an engem Conseil vun der Synod ass, déi d'Aktuatioun vun der Synod - also d'Aart a Weis, wéi d'Synod ugewannt gëtt - virbereet. 

"An dat ass nach vum Poopst Franziskus ënnerschriwwe ginn am Spidol. Dat soll bis 2028 goen. Fir d'éischt op lokaler, diözesan Ebene. Dann Ebene vu Bëschofskonferenzen, d'Kontinentalebene."

An deenen dräi Joer kéint et sinn - an dat hofft de Jean-Claude Hollerich - datt de Poopst Leo och nach säi spezifesche Bäitrag gëtt. Dat wier säi gutt Recht, an erhoffe géing een et sech och.

Roum soll méi oppe ginn

De Wee zu enger synodaler Kierch, déi also d’Responsabilitéite bannent der Kierch verdeelt, war ee vun de Pläng vum Poopst François. Fir de Kardinol Jean-Claude Hollerich wäert et bannent der kathoulescher Kierch eng Zort Dezentraliséierung ginn.

"Ech mengen, d'Kulture si jo ganz wichteg. Kulturen, an deenen de Glawe sech ausdréckt. An ech menge lues a lues wäert et eng gesond Dezentraliséierung ginn."

Konkret géing dat bedeiten, datt op bei ville Punkten d'Bëschofskonferenzen an och déi kontinental Bëschofsorganisatioune méi decidéiere kënnen. Roum wier net méi déi Plaz, wou alles imposéiert gëtt, erkläert de Kardinol Hollerich, mee et soll zu enger Plaz ginn, wou "een Dialog tëschent deene verschiddene Kulture stattfënnt, wou de Punkt vun der Eenheet vun der Kierch ass, deen aus eng gewësser Diversitéit dann zesummekënnt."

D’Wuert Synode kënnt iwwregens aus dem griicheschen a bedeit "zesummen um Wee sinn", sech also versammelen. Eng Reform, déi den neie Poopst Leo kéint weiderféieren.