Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sprooch als Traditioun

Ee Mount, een Thema

Sprooch als Traditioun

Den immaterielle Patrimoine besteet aus liewegen Traditiounen, déi vu Generatioun zu Generatioun weidergereecht ginn an enger Communautéit ee Gefill vun Identitéit vermëttelen. Den immaterielle Patrimoine ass immens villfälteg a verännert sech permanent. Net just Fester oder al Bräich, mee och d'Sprooch gehéiert zu dësem Patrimoine.

auto_stories

5 min

A senger Etüd "Zur Literaturgeschichte Luxemburgs" vun 1959 schreift de Journalist an deemolege Minister fir Konscht a Wëssenschaften, de Pierre Grégoire, iwwer déi bekannte Lëtzebuerger Auteuren Edmond de la Fontaine, Michel Rodange a Michel Lentz:[2]

"Stolzes trio jener Zeiten ist bis heute noch nicht übertroffen worden: der pathetische Standesdichter Lentz, der Lyriker und Dramatiker Dicks und der Epiker Rodange"

Wéi sech un dëser Ausso liicht erkenne léisst, gëllen den Dicks, Lentz a Rodange als déi bekanntste Lëtzebuerger Auteuren aus der zweeter Halschent vum 19. Joerhonnert. Si hunn zu den éischte gehéiert, déi iwwerhaapt op Lëtzebuergesch geschriwwen hunn. Besonnesch ervirzehiewen ass dat aus dem Grond, well d'Lëtzebuergescht zu dëser Zäit - wéi d'Historiker Péporté, Kmec, Majerus a Margue schreiwen - nach guer keng héich Unerkennung genoss huet.[3] Wierker op Lëtzebuergesch ze schreiwe war deemools also nach e gewote Projet.

Éischt Auteure schreiwen op Lëtzebuergesch

Den Dicks war deen éischten, deem seng op Lëtzebuergesch geschriwwe literaresch Wierker grousse Succès haten. De Michel Lentz, Auteur vum "Feierwon" an "Ons Hémecht", gouf nach zu senge Liefzäiten als Nationaldichter bekannt. Op sengem Begriefnes huet de Premier Paul Eyschen eng Ried op Lëtzebuergesch gehalen. Et war déi éischte Kéier, datt e Lëtzebuerger Staatsmann seng Mammesprooch an enger offizieller Ried benotzt huet. De Michel Rodange, Auteur vum "Renert", war zu Liefzäiten nach verkannt. Am Ufank vum 20. Joerhonnert huet sech de "Renert" allerdéngs zu engem nationalen Epos entwéckelt. De Renert - mat senger Kombinatioun vu verschiddenen regionalen Dialekter - gouf dunn och als eng Representatioun vun der linguistescher Kaart vu Lëtzebuerg gedeit.[4]

Net just an der Literatur, mee och an der Politik, gouf d'Lëtzebuergescht ufanks vum 20. Joerhonnert seele benotzt. Wéi d'Historiker Péporté, Kmec, Majerus a Margue schreiwen, war déi vum Deputéierte Caspar Mathias Spoo lancéiert Debatt iwwer de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen am Parlament e wichtegt Evenement. A sengen op Lëtzebuergesch gehalene Rieden hat de Spoo sech géint dee - senger Meenung no - exzessive Gebrauch vum Franséischen am Parlament gewiert. D'Majoritéit vun der Populatioun géif dës Sprooch net gutt oder guer net verstoen, an dofir kéint se och net representativ fir d'Vollek sinn. De Spoo konnt sech deemools zwar (nach) net duerchsetzen, mee seng Fuerderunge waren e wichtege Schrëtt um Wee zum verstäerkte Gebrauch vun der lëtzebuergescher Sprooch.[5]

Verbindung tëscht Sprooch an Identitéit

Den Zweete Weltkrich ass eng wichteg Zäsur fir d'Unerkennung vum Lëtzebuergeschen als eegestänneg Sprooch. Wéi am Buch Inventing Luxembourg detailléiert beschriwwe gëtt, huet d'Regierung an der Zäit just virum Krich ugefaangen, d'Lëtzebuergescht als ee Schlësselelement vun der nationaler Identitéit un z'erkennen. Mee genee dës Identitéit wollten d'Nationalsozialisten am Krich a Fro stellen. Lëtzebuerg géif eigentlech zum Däitsche Räich gehéieren, an d'Lëtzebuergescht wier keng eegestänneg Sprooch, mee een däitschen Dialekt. Wéi si du gemierkt hunn, datt d'Lëtzebuergescht am Widderstand eng ëmmer méi grouss symbolesch Bedeitung krut, hunn d'Nationalsozialisten d'Sprooch geziilt ënnerdréckt. Am Januar 1942 kruten d'Fonctionnairë verbueden, Lëtzebuergesch ze benotzen an am Mee goufe lëtzebuergesch Bicher verbrannt.

Schonn an der Vollekszielung am Oktober 1941 haten d'Nationalsozialisten däitlech gemaach, datt si Lëtzebuergesch net als eegestänneg Sprooch toleréiere géifen. Op d'Froen iwwer Nationalitéit, Ethnizitéit a Mammesprooch sollt déi vun den Nationalsozialisten erwaarten Äntwert, dräimol "däitsch" sinn. Wéi awer däitlech gouf, datt iwwert 90 Prozent mat dräimol "lëtzebuergesch" geäntwert huet, gouf d'Vollekszielung ofgebrach.[6]

Lëtzebuergesch gëtt ëmmer méi wichteg

Lëtzebuergesch dem Däitsche virzezéien huet sech also am Krich als e wichtege Moyen entwéckelt, fir Widderstand géint déi nationalsozialistesch Occupatioun auszedrécken. D'Lëtzebuergescht krut een ëmmer méi wichtege Status, wat ee schonn eleng dorunner gesäit, datt nom Zweete Weltkrich an der Chamber verstäerkt Lëtzebuergesch benotzt gouf.

An den 1970er an 1980er Jore klëmmt mat engem wuessenden Nationalbewosstsinn och den Interessi un der lëtzebuergescher Sprooch op en Neits. 1984 gëtt d'Lëtzebuergescht duerch e Gesetz offiziell zur Landessprooch. No dësem Gesetz wiisst de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen am Alldag, an ëmmer méi Leit schreiwe sech a Lëtzebuergeschcoursen an. Dëst läit natierlech och mat dorunner, datt een, wann een d'Lëtzebuerger Nationalitéit wëllt kréien, d'lëtzebuergesch Sprooch beherrsche muss. Sprooch ass also ee wichtegen Deel vun engem Nationaliséierungs- an Upassungsprozess.

Dës kuerz Skizz vun der Geschicht vum Lëtzebuergesche weist, wéi wichteg d'Sprooch als Ausdrock vun enger nationaler Identitéit am Laf vun de Jore ginn ass. Besonnesch an der Zäit vun der nationalsozialistescher Occupatioun huet Lëtzebuergesch e symbolesche Charakter fir de Widderstand kritt. Och wann dem Lëtzebuergesche kee Monument opgeriicht gouf, huet d'Sprooch am kollektive Gediechtnes eng wichteg Bedeitung - wat erkläert, wisou och d'Sproochen zum immaterielle Patrimoine dozou gehéieren.


[1] Péporté (u.a.), Inventing Luxembourg, S. 229.

[2] Grégoire, Literaturgeschichte, S. 51.

[3] Péporte (u.a.), Inventing Luxembourg, S. 240.

[4] Péporté (u.a.), Inventing Luxembourg, S. 240ff.

[5] Ebd., S. 257ff.

[6] Ebd., S.279f.

Sourcen:

  • Péporté, Pit/Kmec, Sonja/Majerus, Benoît/ Margue, Michel: Inventing Luxembourg. Representations of the Past, Space and Language from the Nineteenth to the Twenty-First Century, Leiden/Boston 2010.
  • Grégoire, Pierre: Zur Literaturgeschichte Luxemburgs, Luxemburg 1959.