Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - Wat eis am Wee steet

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Lex Delles iwwer nei Ëffnungszäiten: De Sozialdialog huet funktionéiert

Léisst Kritik vu Gewerkschaften net gëllen

Lex Delles iwwer nei Ëffnungszäiten: De Sozialdialog huet funktionéiert

Déi nei Ëffnungszäite fir de Commerce, fir déi ee Gesetzesprojet virläit, ass ëmstridden. De Gewerkschafte geet dës Mesure ze wäit, de Patronatsverbänn net wäit genuch. De Wirtschaftsminister Lex Delles hätt probéiert ee Mëttelwee ze fannen, seet hien am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

Lex Delles | © MFIN / SIP play_arrow
Foto: MFIN / SIP

Et bräicht een neit Gesetz, well dat aktuellt immens vill Ausnamereegelungen hätt, argumentéiert de Wirtschaftsminister Lex Delles. Iwwerdeems hätt een Urteel 2017 eng Jurisprudenz geschaf, déi dat aktuellt Gesetz ausgehiewelt hätt. Ee Bäcker duerft do net esou fréi opmaache wéi eng Tankstell direkt niewendrun.

"Wou gesot ginn ass, majo jiddwereen, deen dat nämmlecht verkeeft, muss och zu nämmlechter Zäit kënnen ophunn. An an deem Kader hu mer déi Upassungen hei vum Gesetz gemaach."

D'Reprochë vun de Gewerkschafte, datt déi nei Aarbechtszäiten eng Attack op de Sozialdialog wieren, léisst de Lex Delles iwwerdeems net gëllen. Et wier ee mat de Gewerkschaften a mat de Patronatsverbänn am Echange gewiescht. Deemno hätt de Sozialdialog funktionéiert.

Lauschterenplay_arrow