Radioen

On air

De Weekend  |  Nico Theisen

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Tëschent schwéierem Beruffsalldag a groussen Dreem

Op Besuch an der Hotelschoul

Tëschent schwéierem Beruffsalldag a groussen Dreem

Gastronomie, Service an Innovatioun: Dorobber läit an der Hotelschoul zu Dikrech de Fokus. D'Maxi Pesch war sech ee Schouldag an den EHTL ukucken, an huet mat Schüler geschwat, déi Stärekach wëlle ginn, a mat Proffen, déi wëssen, wéi schwéier et am Beruff ka ginn.

auto_stories

5 min

headphones

4 min

© Maxi Pesch play_arrow
Foto: Maxi Pesch

D'Ecole d'Hôtellerie et de Tourisme zu Dikrech (EHTL) huet sech zur Missioun gemaach, jonk Leit op Beruffer aus der Gastronomie, dem Service, dem Tourismus an der Kommunikatioun ze preparéieren. D'Schoul huet ronn 350 Schüler a bitt breetgefächert Formatiounen un, dorënner den DAP Restaurateur an den DT Tourisme et Communication. De Fokus vun der Schoul leit op der Kombinatioun vu Praxis an Theorie. 

Op d'Realitéit virbereeden

De Professer Jean-Marc Dijou, deen déi praktesch Ausbildung an der Restauratioun leet, erkläert, wat d'Schüler am Ufank gewise kréien.

"Mir fänke bei de Basen un: Dësch decken, Service à l'anglaise, Service um Teller, a mir ginn och op Technike wéi Flambéieren oder Decoupéieren an. Och wa vill vun dësen alen Techniken haut manner benotzt ginn, bleiwe si e wichtegen Deel vum Beruff."

Niewent dem Service spillt d’Kachen eng grouss Roll. Vun der traditioneller franséischer Kiche bis bei d'Pâtisserie, gi kreativ Fäegkeeten entwéckelt. Sou gëtt virun de Chrëschtdeeg zum Beispill eng Bûche de Noël mat enger Crème Diplomate preparéiert.

De Menü vun dëser Woch. | © Maxi Pesch
De Menü vun dëser Woch. (Foto: Maxi Pesch)

Mee d'Gastronomie huet och hir Erausfuerderungen: Niddreg Paien, schwéier Aarbechtszäiten a Personalmangel, wéi de Jean-Marc Dijou ze ziele weess.

"Et ass e Beruff, deen duerch Coupuren an dacks schwéier Aarbechtskonditioune gepräägt ass. Vill Restaurante probéiere Léisungen ze fannen, wéi besser Aarbechtszäiten oder méi attraktiv Offeren, mee et bleift eng Erausfuerderung."

D'Schüler gi bewosst mat dëse Realitéite confrontéiert. Trotz den Erausfuerderungen hunn e puer rar Schüler grouss Dreem. Zum Beispill den Antoine, e Schüler am 1. Joer.

"Mäin Zil ass et, e Stärekach ze ginn an en eegene Restaurant opzemaachen. Ech hoffen, hei geet alles an den nächsten 3 Joer. An da wëll ech e gudde Chefkach ginn."

Digitalisatioun a Flexibilitéit

Nieft der Gastronomie steet och Innovatioun am Fokus vun der EHTL. Mat der Formatioun DT Tourisme et Communication kombinéiert d'Schoul déi traditionell Tourismusausbildung mat moderne Kommunikatiounstechniken a Digitalisatioun. Am Bistro vun der Schoul, wou d'Kläng vu Gespréicher an Tasen am Hannergrond ze héiere sinn, schaffen d'Schüler op praktesche Projeten. Mat hirem iPad designe si Flyeren oder huelen e Podcast op. D’Magalie, eng Schülerin, erzielt.

"Mir hate viru puer Woche Brochuren misse maachen, wou mir e Land hu misste schmackhaft maache fir Touristen unzezéien. A mir hu grad eng Emissioun op Spotify doriwwer gemaach. Déi kann ee lauschteren.”

Och Podcaste ginn an der Hotelschoul opgeholl. | © Maxi Pesch
Och Podcaste ginn an der Hotelschoul opgeholl. (Foto: Maxi Pesch)

Do schwätzen d'Schüler zum Beispill och iwwer d'Schwieregkeeten, déi si begéint hunn. Wéi de Copyright bei de Biller vum Flyer.

D’Digitalisatioun spillt eng ëmmer méi grouss Roll, awer och hei ginn d’Schüler op kritescht Denke virbereet, betount de Prof. Sébastien Verbert, deen d’Schüler an der Digitalisatioun begleet. Virun allem wier d’Flexibilitéit wichteg.

"Il faut qu’on puisse passer d’un média à un autre assez facilement. Il faut être à l’écoute de ce qui se dit à l’extérieur, faire nos propres essais. Troisième chose: les élèves au service des autres élèves, avec des systèmes comme le Genius Lab où ils apprennent en aidant leurs pairs."

International Stagen

D’Formatioun bitt breet Perspektiven am Tourismus an an der Kommunikatioun un, erkläert d’Isabelle Frank, déi d’Formatioun mat gestallt. All Schüler maache wärend hirer Ausbildung tëscht zéng an zwielef Woche Stage. Och international, fir hir Fäegkeeten an der Praxis ze entwéckelen.

"No der Formatioun kënne Schüler a Reesagencen, als Guiden oder a Kommunikatiounsberuffer schaffen."

D`Magalie, wat Stewardess well ginn, appreciéiert, datt de Programm an der EHTL esou ofwiesslungsräich ass, an datt de Fokus op Theorie a Praxis läit. Hat bléckt optimistesch an seng berufflech Zukunft.

“Mir ginn net just op Beruffer virbereet, mee och op dat, wat eis als Persoune weiderbréngt."

Lauschterenplay_arrow

Een zweete Campus fir d'Hotelschoul

D'Hotelsschoul zu Dikrech kritt een zweete Campus. Firwat ass dat néideg? Mir froen de Schouldirekter Michel Lanners.

Lauschterenplay_arrow

De Michel Lanners ass Direkter vun der Hotelschoul. | © Jo Diseviscourt
De Michel Lanners ass Direkter vun der Hotelschoul. (Foto: Jo Diseviscourt)