Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wenn man noch nie Angst im Krieg hatte, weiß man nicht, was Krieg ist"

Sot Emol

"Wenn man noch nie Angst im Krieg hatte, weiß man nicht, was Krieg ist"

Krich an d'Leide vu Mënsche weisen ass den Alldag an d'Essenz vun der däitscher Krisen- a Krichsfotografin Ursula Meissner. Zanter 1992 schafft si als fräi Fotojournalistin.

auto_stories

2 min

Zanter iwwer 30 Joer schafft déi däitsch Ursula Meissner als Krichs- a Krise-Fotografin uechtert d'Welt: Afghanistan, Sierra Leone oder Libanon.

Als fräischaffend Foto-Journalistin huet si esou munch Kricher duerch hir Lëns festgehalen. Deen éischten 1992 iwwer d'Belagerung zu Sarajewo. Den Ament ass si am Niederrhein doheem, a kritt - Pandemie bedéngt - keen Optrag. Am léifste wier si elo am Afghanistan, wou si schonns iwwer 30 Mol de Krich a wat dee mat de Mënsche mécht, am Bild festgehalen huet.

Ee geféierlechen Job

Am Afghanistan ass d'Ursula Meissner als Mann verkleet wochelaang a Begleedung vun de Mujahedin duerch d'Bierger getrëppelt. Dacks hat si an hirem Job Angscht ëmt hiert Liewen, zwee Mol ass si entfouert ginn:

"Bei mir war es so, dass sie mich am Khyber-Pass auf dem Weg nach Kabul festgenommen haben, und meine Begleiter, die mich nach Kabul bringen sollten, und für mich übersetzen sollten, da ja nicht alle Englisch sprechen - die hat man von mir getrennt, dann hat man mich in eine Hütte gesperrt. An der Tür war ein Eisenriegel, bei dem ich heute noch Gänsehaut bekomme. Dann war ich eingesperrt (...) Über das, was vor Ort passiert, kann man nur mit jemandem reden, der auch vor Ort war. Wenn man noch nie Liebeskummer hatte, weiß man nicht, was Liebeskummer ist. Und genauso: Wenn man noch nie Angst im Krieg hatte, weiß man nicht, was Krieg ist."

"Das ist mein Impuls"

Kanner, déi net méi kräische kënnen, Flüchtlingen, déi bei eiseger Keelt buerféiss duerch d'Bierger lafen, dat ass d'Motivatioun fir d'Ursula Meissner, ze weisen, wat de Krich fir Mënschen a virun allem Fraen mécht. Si wëll drop opmierksam maachen, datt Krich sech ni lount.

D' Ursula Meissner kaptivéiert duerch d'Lëns vun hirem Foto-Apparat ee Moment bannen engem grujelege Kontext - een Ablack deen déi ganz Situatioun voller Emotioun zeréckspigelt:

"Es ist wirklich oft Sekunden und bei mir kommt es aus dem Bauch. Sie können jetzt so schnell nicht überlegen, wie mache ich jetzt das Bild, sondern man muss reagéieren, ich mache es, ich stehe auf und ich gehe hin, ich halte an und ich mache das Foto, ich fahre noch mal zurück und mache das Foto."

Der Ursula Meissner hir Fotografien goufen an enger Hellewull Bicher a Publikatioune publizéiert.


D'Ursula Meissner ass den 27. Oktober op eng Konferenz an der Abtei Neimënster invitéiert.