Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ No Reunioun mat CGFP: Gusty Graas bedauert den ugeschloenen Toun

CGFP plangt Protestaktioun

No Reunioun mat CGFP: Gusty Graas bedauert den ugeschloenen Toun

E Méinden ass zu Dummeldeng eng Protestmanifestatioun vun der CGFP géint d’Regierungspolitik. D’Staatsbeamtegewerkschaft wëll sech domat géint d’Violatioun vum Gehälteraccord an der Fonction publique wieren, déi dës Regierung an den Ae vun der CGFP weiderféiere géif.

auto_stories

1 min

Foto: Chambre des Deputés

Am Virfeld vun deem Rendez-vous huet d’Gewerkschaftsspëtzt haut d’DP-Fraktioun gesinn. Den Deputéierte Gusty Graas huet dono vun enger korrekter, konstruktiver Reunioun geschwat, och wann een op verschiddene Punkten net enger Meenung wier.

„Hei geet et ëm en Accord salarial, deen ënnerschriwwe ginn ass, wou eng Rei Saachen nach mussen ëmgesat ginn. Et geet natierlech spezifesch hei ëm den Artikel 32 vum Arméisgesetz, wou jo d’CGFP der Meenung ass, dass dee Bewäertungssystem net dierft an der Arméi ugewannt ginn.“

DP gesäit dat anescht

D'DP, déi dat Gesetz deemools matgestëmmt hat, géif dat anescht gesinn. Et kéint een net vun engem Vertragsbroch schwätzen, fënnt de Gusty Graas.

Als Vize-President vun der Chamberkommissioun vun der Fonction publique bedauert de Gusty Graas dee vun der CGFP ugeschloenen Toun. Fir hie sollten net sou haart Wierder benotzt ginn, well dat net dinglech wier fir d’Zukunft.

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft