Radioen

On air

Thé Dansant  |  Joni Mitchell - You Turn Me On I'm A Radio (For The Roses Early Session)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Olivier Jacquin: Lëtzebuergesch Co-Finanzéierung geet net duer

Kooperatioun Lëtzebuerg-Frankräich

Olivier Jacquin: Lëtzebuergesch Co-Finanzéierung geet net duer

120.000 Frontaliere kommen aus Frankräich a bezuelen hei am Land hir Steieren a Cotisatiounen. Mat Frankräich gëtt et een aneren Accord vun enger Co-Finanzéierung vun Infrastrukturen. Dat geet net duer, esou de franséische Senateur Olivier Jacquin.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Iwwer eng Konventioun mat der belscher Regioun Wallonie zum Beispill, bezilt Lëtzebuerg ronn 50 Milliounen Euro, déi iwwer 250 Gemenge verdeelt ginn. Den Olivier Jacquin, Senateur vu Meurthe et Moselle, proposéiert dofir, datt de Grand-Duché an een interregionale Fong abezilt.

Frankräich wëll ee fixe Prozentsaz

D’Frontaliere bezuelen hei am Land hir Steieren, mee brauchen am Residenzland, grad ewéi all Bierger, Infrastrukturen ewéi Schoulen, Crèchen, Spideeler oder Kulturzenter. Anescht ewéi an der Belsch participéiert sech de Grand-Duché u verschidde Projeten a Frankräich. Ee fixe Prozentsaz u Steieren u Frankräich ze transferéieren, dat wollt Lëtzebuerg net.

Mee den Olivier Jacquin seet, datt déi lokal Autoritéiten net genuch Gelder hätte fir Projeten zu 50 Prozent ze co-finanzéieren. Aus deem Grond fuerdert hien, datt Lëtzebuerg zu 80 Prozent an ee Fong abezilt.

Reuniounen all Joer tëschent de Regierungen

Lëtzebuerg bedeelegt sech am Beräich vum ëffentlechen Transport un de Käschte bei der Bunn, mee et dierft een d’Strooss net vernoléissegen. Et kéint een och eng Infrastruktur bezuele fir d’Vëloen.

De franséische Senateur ass och der Meenung, datt een all Joer kéint eng Reunioun tëscht der franséischer an der Lëtzebuerger Regierung organiséieren, fir ze iwwerpréiwen, wéi déi Gelder schlussendlech an de betraffe Gemengen ukoumen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft