Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Mapache - What A Summer

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Luc Frieden: Schwiereg éischt 5 Méint am Amt

Iesse mat der Press

Luc Frieden: Schwiereg éischt 5 Méint am Amt

„Schwiereg Zäiten“, sou huet de Premier Luc Frieden seng éischt fënnef Méint als Premier de Mëtteg um Mäertchen an der Stad beschriwwen. D‘Regierung hat do, wéi all Joer, d‘Press op en Iessen invitéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Pierre Reyland

D‘Iessen um Mäertchen, op dat d‘Regierung d‘Press all Joer invitéiert, soll de Journalisten a Ministeren et erlaben, méi relax mateneen ze schwätzen. An obwuel dat, bei sonnegem Wieder e gebakenem Fësch, och de Fall war, huet de Luc Frieden betount, datt d‘Situatioun an Europa an an der Welt alles anescht wéi relax wier:

„Ech hunn ni geduecht, datt ech géing Premier ginn zur Zäit wou an Europa Krich ass. Zu enger Zäit, wou mer erëm mussen oprëschten.“

An och de Premier sot dat, wat de Finanzminister Gilles Roth dëser Deeg sot:

„Ech mengen, datt mer mussen, leider soen ech, méi an d‘Defense investéieren. Zesumme mat eise Partner bei der Nato an der EU.“

Problemer trotz staarkem Sozialstaat?

Ënnert de Prioritéiten, déi de Luc Frieden a seng Regierung hei am Land wéilt upaken, wieren, d‘Kanneraarmut, wou hien och scho Reunioune gehat hätt, „fir d‘Fakte besser ze Verstoen“: Wou kënnt déi hir, trotz staarkem Sozialstaat. Och am Wunnengsbau hätt de Premier gär bis Juni Fortschrëtter.

„An dann d‘erneierbar Energien. Wa mer der Klimawandel wëlle bremsen, dat geet dat net ouni massiv Investitiounen an déi erneierbar Energien.“

D'Attraktivitéit vu Lëtzebuerg manner evident

Net all Regierungsmembere waren op d‘Iesse mat der Press um Mäertche komm. Eng gutt Dose waren awer do, dorënner den Ausseminister Xavier Bettel. Dee war grad aus den USA zréckkomm, vun enger Wirtschaftsmissioun, zesumme mam Ierfgroussherzog. Bei där ass et drëms gaangen, d‘Relatiounen ze fleege mat amerikanesche Betriber, déi zu Lëtzebuerg sinn, wéi Goodyear oder Dupont:

„Mir si frou, datt se do sinn an Aarbechtsplaze schafen. Mee et kann awer och grad esou gutt sinn, datt se muer fort sinn.“

Och do wier d‘Ëmfeld manner gutt, an d‘Attraktivitéit vu Lëtzebuerg manner evident, wéi nach viru Joren, sou den Ausseminister.

De Mäertche wier e wesentlecht Stéck Traditioun zu Lëtzebuerg, sot nach de Luc Frieden. Mee och déi änneren sech. De Premier huet keen traditionelle gebakene Fësch giess, mee en Hamburger.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft