Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Riding For The Feeling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sechs Joer no der Revolutioun

Ägypten

Sechs Joer no der Revolutioun

Sechs Joer sinn et hier, um 25. Januar 2011, dass an Ägypten d'Revolutioun ausgebrach ass, déi zur Ofsetzung vum deemolege President Hosni Mubarak gefouert huet. Mee zënter dem Militärcoup vum Juni 2013 regéiert an Ägypten de fréiere Chef vum Militärgeheimdéngscht Abd El Fatah As-Sissi. Mat repressive Mesurë wollt hien um sechste Joresdag vun der Revolutioun Demonstratioune géint säi Regime verbidden.

auto_stories

3 min

Grad ronderëm de 25. Januar sinn an Ägypten d'Mesurë géint Oppositiounsbeweegunge verschäerft ginn. D'Regierung huet gefaart, dass sech op dësem symboleschen Datum nei Masseprotester géife forméieren. Si huet probéiert mat alle Mëttelen den Ausbroch vun enger neier Revolutioun ze verhënneren. D'Metrosstatioun op der Tahrir-Plaz zu Kairo sinn um Joresdag zäitweis zougemaach. Poliziste si souwuel an Uniform wéi och an zivil iwwert déi ëffentlech Plaze patrulléiert a souguer zwee Helikoptere sinn agesat gi fir sech op nei Protester gefaasst ze maachen.

De 25. Januar 2011 ass an der kollektiver Erënnerung vun den Ägypter den Dag vun der Revolt a vun der Fräiheet. An d'Tahrir-Plaz ass zum Symbol vun där Revolutioun vun 2011 vu viru sechs Joer ginn.

Demonstrante fuerderen 2011 Ofsetzung vum President

Deemools hate sech hei ronn 15.000 Demonstrante versammelt fir d'Ofsetzung vum deemolege President Hosni Mubarak ze fuerderen. Knapps dräi Wochen hat et gedauert, bis datt de Mubarak seng Demissioun bekannt ginn hat an déi éischt demokratesch Präsidentschaftswahlen an Egypten Mëtt 2012 konnten organiséiert ginn.

Mee d'Iwwerraschung war grouss wéi bekannt gouf, datt de Mohamed Morsi vun der sunnitesch-islamistescher Moslembridderschaft d'Wahle gewonnen hat. No just engem Joer am Amt ass de Morsi duerch ee Militärputsch gestierzt ginn. Unhänger vum Morsi ginn zanterhier verfollegt. Et ginn dacks willkürlech Verhaftungen an ëmmer erëm solle laut Amnesty International Mënsche spurlos verschwannen.

De President Al-Sissi stiliséiert sech als Géigner vum islamesche Radikalismus a vum weltwäiten Terrorismus. Mee bei sengen Affer handelt et sech net nëmmen ëm Islamisten. Membere vun der Oppositioun, Journalisten oder einfach Chercheuren op ägypteschen Universitéiten, ginn als Sympathisante vun de Moslembridder duergestallt an hir Verhaftung ouni Prozess gëtt am Numm vun der nationaler Sécherheet justifiéiert.

De Kampf géint den Islamismus gëtt sou als Virwand benotzt fir géint Regime-kritesch Persoune virzegoen. Vill diskutéiert gëtt de Fall vum ägyptesche Journalist Mahmoud Hussein, dee fir den internationalen Noriichtesender Al Jazeera geschafft huet an zanter dem 20 Dezember zejoert, dem Dag vu senger Arees an Ägypten, am Prisong sëtzt.

Mee säi Fall ass just ee vu ville Beispiller. Am bekanntesten dierft an Europa de Mord um italienesche Student Giulio Regini sinn, deen de 25. Januar d’lescht Joer zu Kairo gekidnappt, an duerno gefoltert gouf.

Wahrscheinlechkeet vun neier Revolutioun?

Wéi grouss d'Wahrscheinlechkeet vun enger neier Revolutioun an Ägypten tatsächlech ass, ass schwéier anzeschätzen. Vill Oppositioneller liewen an der Tëschenzäit am Exil an den Al-Sissi genéisst d'Ënnerstëtzung vu groussen Deeler an der Bevëlkerung. Mee souwuel den äyptesche Revolutiounsrot, eng vun den Haapt-Oppositiounsgruppen, ewéi och de fréiere Präsident Mohamed Morsi hunn de 25. Januar dëst Joer de Militärputsch an de Regime vum Sissi condamnéiert an zur Revolutioun opgeruff.

Tatsächlech sinn um sechste Joresdag vun der leschter Revolutioun Demonstranten iwwert d'Tahrir-Plaatz getrëppelt. Awer net fir géint de Regime ze protestéieren, mee éischter fir déi ägyptesch Police ze feieren. De 25. Januar ass nämlech an Ägypten och den nationalen Dag vun der Police.