Radioen

On air

Tockcity  |  Juniore - Le Silence

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rutu Modan - Tunnel

Eng Satir op een toppaktuelle Konflikt

Rutu Modan - Tunnel

Bei "Gezeechent" geet et haut em eng Graphic Novel vun der israeelescher Zeechnerin Rutu Modan. "Tunnel" koum an däitscher Iwwersetzung beim Carlsen Verlag eraus, an erzielt vun enger archeologescher Expeditioun, déi direkt an den israeelesch-palästinensesche Konflikt eraféiert. Jeff Thoss, wéi muss ee sech dat virstellen?

auto_stories

2 min

Déi israeelesch Zeechnerin Rutu Modan erzielt an "Tunnel" vun enger archeologescher Expeditioun, déi direkt an den israeelesch-palästinensesche Konflikt eraféiert. D'Graphic Novel presentéiert sech am Ufank als klassesch Abenteuergeschicht mat Ukläng un "Indiana Jones" an "Tintin" - déi awer séier verschwannen, wann d'geopolitesch Realitéit an d'Welt vun de Figuren erabrécht.

Den israeeleschen Archeolog Broshi mengt, datt hien d'Plaz fonnt huet, wou d'Bundeslade vergruewen ass, konnt seng Expeditioun awer ni zu Enn bréngen. Seng Duechter, d'Nili, wëllt dat elo maachen, mee et gëtt ee grousse Problem: D'Bundeslade soll ënner engem Duerf am Westjordanland leien, an Israel huet do ronderëm eng Mauer gebaut. Esou muss dem Nili säin Team fir d'éischt emol op palästinenseschem Territoire gruewen, éier et ka richteg lassgoen.

D'Rutu Modan entwéckelt unhand vun der Expeditioun eng Satir op den israeelesch-palästinensesche Konflikt aus israeelescher Perspektiv. Si léisst keng Geleeënheet aus fir Situatiounen zouzespëtzen oder iwwerzeechent Figuren ze presentéieren, fir d'Lächerlechkeet vum territoriale Sträit an d'Bornéiertheet vun hire Personnagen ze ënnersträichen. Esou huet zum Beispill de Sammler, deen d'Expeditioun finanzéiert, keng Skrupel, och mol mam IS Geschäfter ze maachen. An zwee Palästinenser gruewe gläichzäiteg vun där anerer Säit en Tunnel, fir Saachen ze schmuggelen, esou datt déi zwou Gruppe mussen e Kompromëss fannen, fir datt keen dem aneren seng Pläng duerchkräizt, mee och ouni den eigentlechen Zweck vun hirer Aarbecht ze verroden.

"Tunnel" ass eng enorm witzeg Graphic Novel, clever konstruéiert, bal wéi eng klassesch Comédie, mat staark pointéierten Dialoger, Verwiesslungen an Handlungen, déi sech iwwerkräizen. Trotzdeem vergësst d'Rutu Modan ni d'Brisanz vun israeelesch-palästinensesche Konflikt oder spillt en erof. D'Buch ass eng schaarf a bësseg Satir, dat seng Energie aus der Roserei iwwer eng politesch Situatioun bezitt, déi anscheinend kee Auswee kennt.