Radioen

On air

Notturno  |  Frank Zappa - Anyway The Wind Blows

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Paradigma

Gedankespigel

Paradigma

Wat wier wann? Wat wier, wann eis Meenungen, Theorien, Erkenntnisser, eist Wëssen, jo eis ganz Denkwelt, wann sech déi op eemol als net wouer géif enttarnen? Wéi géif Dir Iech da fillen?

auto_stories

3 min

Oft huele mir un, datt d'Welt sou ass, wéi mir se verstinn. Dat ass eis psychologesch Confortzon. Wann ee mierkt, datt ee sech geiert huet, kann dat zimmlech onbequeem sinn. An awer ass dat eigentlech eppes ganz Wichteges: verdréinten Usiichte gi sou enttarnt a wäerten eis net méi ieren dinn.

Hu mir d'Welterkenntnis erreecht?

Dir fannt, dat ass just ee klengen Trouscht? Déi eege Weltsiicht ass dach oft déi, an där mir eis sécher spieren? Jo schonn, mee dann denkt eemol un déi Feelinterpretatiounen an der Wëssenschaft, déi duerch revolutionär nei Erkenntnisser konnten iwwerwonne ginn.

D'Ptolemäescht Weltbild zum Beispill: Hei gouf ugeholl, datt d'Äerd am Zentrum vun der Planéitekonstellatioun an eiser Galaxie stéing, mee mat där Usiicht konnten immens vill Froen, déi op eemol opgetaucht sinn, guer net gekläert ginn.

Réischt wéi de Kopernikus koum a mat sengem heliozentresche Weltbild plausibel Léisungsvirschléi fir sëllege Rätsel geliwwert huet, ass eng Revolutioun fir d'Denke vun der Neizäit méiglech ginn. Nach haut beruffe mir eis dorop, dem Newton seng Konzeptioun vu Gravitéit an Trägheet ginn op dëse Paradigmewiessel zeréck. Mee och hei dierfe mir eis net drop verloossen, datt mir d'Welterkenntnis elo erreecht hunn.

Déi absolutt Wourecht ass net erreecht

Verschiddener vun Iech rulle lo mat den Aen: firwat net ? Villes kënne mir eis dach mëttlerweil erklären. D'Wëssenschaft ass dach dat, op dat mir eis beruffen. Dat, wat eis verlässlech Erklärunge liwwert?

Jo, schonn, an dat ass och gutt sou, mee et muss eis awer kloer bleiwen, datt och mir haut déi absolutt Wourecht net erreecht hunn ... gottseidank.

Ech erkläre mech: Fir datt Wëssenschaften iwwerhaapt viru komme kënnen, Analyse féieren a Resultater liwweren, fir eis eist Ëmfeld méi verständlech ze maachen, musse gewësse Grondunnahmen akzeptéiert ginn. Réischt wa mir bewosst Paradigmen unhuelen, also dovun ausginn, datt eppes "sou ass", kënne weider Problemléisungen ausgeschafft ginn.

D'Paradigma enthält eng Rei Reegelen, Wäerter, Methoden, déi vun der Gemeinschaft gedeelt ginn, an als Basis fir déi wëssenschaftlech Fuerschung déngen.

D'Liewe bleift ee Prozess

Sou wäit, sou gutt. Mee, ee klengen Appell un d'Demutt : De Paradigma ass ni absolutt oder vu Feeler befreit. Och wa mir eis op eppes gëeenegt hunn, domat geschafft hunn, kënnen Onstëmmegkeeten optauchen. Onerklärlech Problemer, déi zur Kris vun der Wëssenschaft féiere kënnen.

Wie sot zum Beispill, datt de Wuesstems-Wirtschaftsmodell, deen eng Kéier als gëllent Päerd ugeholl gouf, fir ëmmer dee richtegen ass? Oder datt d'Demokratie sech als beschte politesche Modell fir ëmmer beweist? Vläicht kéinte mir eis nach ganz aner Formen denken, déi besser op d'Ufuerderunge vun haut passen. Et ass alles stänneg an der Entwécklung, firwat sollten déi Strukturen, an deene mir liewen, handelen, an denken, sech net weiderentwéckelen? D'Liewe bleift ee Prozess.

De Fortschrëtt ass eppes Dynamesches

Deemno musse mir eis trauen, Meenungen an Theorien ëmmer nees ze hannerfroen an ze préiwen. Nëmme sou kann eng Revolutioun am Weltverständnis, mat verbesserten Theorien a Grondsätz, entstoen. De Fortschrëtt ass eppes Dynamesches.

Vläicht musse mir villes vun deem, wat mir als Selbstverständlech ugeholl hunn, nei bewäerten oder och verwerfen, well et mat den Ufuerderunge vum neien "Haut" net méi kompatibel ass.

Vläicht, warscheinlech, gëllt dat awer souguer och fir déi ganz perséinlech Erwaardungen, déi mir un d'Liewen hunn.

E bësse Courage ass sécher gefrot, mee et ass ni ze spéit, fir déi eege kopernikanesch Revolutioun.