Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Premier, Roc Marciano - Armani Section

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Vill ze vill Gefill

Fräie Mikro

Vill ze vill Gefill

Fir sech Gehéier ze verschafen, gëtt am politeschen Debat oft un d’Gefill vun de Leit appelléiert. Dat ass grondsätzlech keng schlecht oder falsch Taktik, ënnert der Bedingung, datt ee bei der Wourecht a bei de Faite bleiwt. An dat ass nach laang net ëmmer de Fall, seet dei fréier Journalistin an Direktesch vun der Sécurité Routière Isabelle Medinger an hirem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

D'Isabelle Medinger ass Direktesch vun der Sécurité routière. | © Chris Zeien play_arrow
D'Isabelle Medinger ass Direktesch vun der Sécurité routière. (Foto: Chris Zeien)

Text vun der Isabelle Medinger

D’Sécherheetsgefill vun eise Matbierger ass jo an der Lescht rëm e grousst Thema. Mee wéi dat mat de Gefiller esou ass, ka keen dat iwwerpréiwen an dofir kann een dat mol an de Raum geheien. En aner positiven Nieweneffekt: Et léisst den Androck opkommen, wéi wann ee sech ganz staark géif fir d’Gefillswelt vun de Leit intresséieren.

Mat deem Geschéck muss een et dann och mat de Fakten net sou genau huelen. Virun Allem kann een dat an all Richtung ausleeën a sech selwer aussichen, weem säi Sécherheetsgefill méi wouer ass, an derwäert ass verstäerkt ze ginn.

Verschidde Leit fille sech schonn onsécher. wann e puer jonk Männer mat engem däischtere Kaputzeplover hinnen um Trottoir entgéint kommen.

Fakt ass awer, datt méi Leit mat däischterem Gezei op der Strooss ugestouss a schwéier blesséiert ginn, oder souguer hiert Liewe loosse wéi bei Iwwerfäll. Ech wëll betounen, datt ech dës Iwwerfäll op kee Fall wëll bagatelliséieren oder verharmlosen, ech géif se just gär zueleméisseg relativéieren. Kaputze sinn och méi e Problem, well se de Foussgänger drun hënneren wouerzehuele wat riets a lénks vun him geschitt, wann e sech am ëffentleche Raum beweegt.

Vill Meenung wéineg Wëssen

Mat de Gefiller ass et wéi mat der Meenung, jiddereen huet der an och e Recht drop - d’Meenungsfräiheet ass souguer an der Verfassung verankert, mee et ass nach laang net egal wien déi Meenung huet a wien se an d’Welt erausposaunt. Dobäi kënnt leider dat Phänomen: „Wéineg Wëssen, vill Meenung, dofir awer ganz haart“.

Kuerz gesot: "Wee mengt dee weess näischt", oder anescht: Realitéit a Gefill leien heinsdo ganz wäit Auserneen.

D’Sécherheetsgefill vun eise Matbierger ass wéi gesot en herrleche Vecteur fir Meinungsmache.

Et kann een ongenéiert vu Sozialtourismus schwätzen, wann eis Strukturen ze kleng sinn a keng sougenannten Touriste méi kënnen ophuelen. Dann ass och den Androck geschaf, mir géife vu Flüchtlingen iwwerrannt. Souguer ënnert deen Äermsten an der Gesellschaft gëtt de Sozialnäid gefiddert.

"Sozialtourismus" ass populisteschen Zynismus

Fakt ass awer, datt d’lescht Joer d’Zuel vun den Asyldemanden em 18 Prozent zeréck gaang ass an datt mer an all deene Joren net am Stand ware genügend mënschewierdeg Strukturen ze schafen.

Deen zweete Fait ass, datt déi Mënschen, deenen Asyl accordéiert gouf an de Strukture feststiechen, well se keng Wunneng ob eisem kranke Marché fannen.

A wann een dat do weess, well ee vläicht nach aner Medie wéi déi "sozial" consultéiert, ass den Ausdrock "Sozialtourismus" populistesch souwisou, mee och nach pueren Zynismus!

Lauschterenplay_arrow

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.