Radioen

On air

Tockcity  |  Joe Goddard - Rapid Fire Feat. Laima

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Tom Weidig entschëllegt sech fir Like op LGBTQIA+-feindleche Kommentar

"Absolut inakzeptabel"

Tom Weidig entschëllegt sech fir Like op LGBTQIA+-feindleche Kommentar

Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet rezent op Facebook een LGBTQIA+-feindleche Kommentar geliked. Am Kommentar vun engem Notzer hat et geheescht “Mir mussen och hei kempfen an LGTBQ vernischten”. Dës Ofkierzung steet fir lesbesch, gay, bisexuell, transgender a queer.

auto_stories

1 min

Tom Weidig | © Chambre des Députés
Tom Weidig (Foto: Chambre des Députés)

De Kommentar, deen hie geliked huet, wier “absolut inakzeptabel”, gëtt den Tom Weidig den Dënschdeg op Nofro vum Radio 100,7 zou. A sengem schrëftleche Statement un eis heescht et:

"Ech ka mir dat net erklären. Ech muss dee Kommentar am Eifer des Gefechts geliked hunn ouni en ze liesen."

Domat hätt hien d’Aussoen "onwëllentlech" ënnerstëtzt.

Wéi Leit hien drop opmierksam gemaach hunn, hätt hien de Like wëllen erofhuelen, mee hien hätt de Facebook-Kommentar net méi fonnt, esou d’Erklärung vum Tom Weidig. Hie schreift:

"Et deet mir wierklech leed wann domat d'Impressioun gi gëtt, datt ech géint Leit perséinlech goe well. An ech entschëllege mech wann ech domat Leit perséinlech getraff hunn."

Et misst een all Mënsch mat Respekt behandelen, ënnersträicht den ADR-Deputéierten.

Wéinst engem ëmstriddene Facebook-Kommentar vun him selwer, war den Tom Weidig viru ronn engem Joer op Demande vun der Presidentekonferenz vum Chamberpresident Claude Wiseler geruff ginn. Deemools war et ëm seng Menace géint de Karikaturist Carlo Schneider gaangen, am Kontext vum Heescheverbuet an dem Vandalismus um Haus vum Minister Léon Gloden.