Deen neie chineesesche KI-Modell wier zwar fräi um Internet zougänglech mee net fir europäesch Konsumenten entworf ginn. Notzer sollen dofir ni perséinlech oder vertraulech Donnéeë bei Deepseek präisginn. An Deepseek och net an engem informateschen Ëmfeld installéieren. Dat fir de Risk vun Datefuitten ze limitéieren. Et géif iwwerdeems e Mangel un Transparenz iwwert d‘Gouvernance vun Deepseek an déi méiglech Implicatioun vu staatlechen oder Drëtt-Acteuren an der Gestioun vun den Donnéeën, esou nach d‘CNPD. Notzer sollte léiwer KI-Outile gebrauchen, déi konform mat den EU-Reglementatioune sinn.
arrow_back_ios
article
article
/ Déi national Dateschutzkommissioun CNPD warnt virun Deepseek
Keng Garantië wat den Datenschutz ugeet
Déi national Dateschutzkommissioun CNPD warnt virun Deepseek
D‘Notze vun Deepseek géif grouss Bedenke mat sech bréngen – notamment wat d‘Sammelen an den Traitement vun Donnéeën ouni déi néideg Garantien ugeet, heescht et an de Recommendatioune vun der CNPD.
auto_stories
1 min
![Deep Seek | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak Deep Seek | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak](/1_Foto/2025/257759/image-thumb__257759__base_thumbnail/2025-02-11-Deep%20Seek.4238a4a9.jpg)
Deep Seek (Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak)