Radioen

On air

Tockcity  |  Empire of the Sun - Changes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Opschwong - Awer net fir Jiddereen

Wirtschaftswuesstem a Working Poor

Opschwong - Awer net fir Jiddereen

Op ronn fënnef Prozent vum PIB beziffert de Statec de Wirtschafts-Wuesstem fir déi nächst zwee Joer. Den Taux vun der Aarbechtslosegkeet soll erof goen. Roseg Zäite kéint een also mengen. Mee sou einfach ass et awer net. An hirem rezente Panorama social huet d'Chambre des Salariés geschriwwen, datt 16 Prozent vun de Léit zu Lëtzebuerg riskéieren an d'Aarmut ze rutschen? Wéi passt dat zesummen?

auto_stories

3 min

Et muss ee kompetitiv bleiwe fir an der Wirtschaft z'iwwerliewen. An d'Prognose fir Lëtzebuerg, déi de Statec dës Woch virgestallt huet, schénge positiv. De Wirtschaftswuesstem soll dëst an dat nächst Joer bei 4,8 Prozent leien. "Dem Land geet et gutt", hat de Serge Allegrezza, den Direkter vum Statec bei der Presentatioun ënnerstrach.

A jo, en Opschwong ass do. Mee d'Fro ass, wie profitéiert vun dësen Opschwong. Wann ee sech de Panorama social, deen d'Salariatskammer d'lescht Woch erausbruecht huet ukuckt, muss ee soen: net Jiddereen. 16 Prozent vun de Mënschen hei am Land liewen den Zuele vun Eurostat no am Aarmutsrisiko. En héijen Taux, fir e Land, deem et dach gutt ze goe schéngt. An eng Aarbecht schéngt hei am Land och net virun der Aarmut ze schützen.

Wéi vill ass eng Aarbecht wäert?

Eelef Prozent vun de Vollzäitbeschäftegten hei am Land liewen ënnert der Aarmutsgrenz. Dat ass den drëtt-héchste Wäert EU-wäit, schreift d'CSL an hirem Panorama social. Bei deenen, déi Deelzäit schaffen, si souguer 16 Prozent an deem Fall.

Doduerch gëtt natierlech och den Taux vun der Aarbechtslosegkeet hei Land relativéiert. Um Enn vum leschte Joer wieren nach 6,3 Prozent vun de Mënschen hei am Land ouni Aarbecht gewiescht, hat d'Adem am Abrëll matgedeelt. De Statec prognostizéiert, datt dësen Taux bis 2018 nach weider op 5,6 Prozent erof wäert goen. Ëmmer erëm gëtt dorobber higewisen, wéi wichteg et fir e Mënsch ass, aus der Aarbechtslosegkeet ze kommen, och fir d'Moral. Mee wéi vill ass eng Aarbecht wäert, wann een dann trotzdeem géint d'Aarmut kämpfe muss.

Betraff vun dem Phänomen "Working Poor", si virun allem Verkeefer, Botzpersonal oder Leit aus dem Hotel- a Restauratiouns-Beräich. Et betrëfft also déi Domainer, an deene gréisstendeels de Mindestloun bezuelt gëtt. De Mindestloun misst hei zu Lëtzebuerg erhéicht ginn, hat de Marc Baum vun déi Lénk virgëschter bei enger Interpellatioun an der Chamber gefuerdert. Deen Opruff hat och schonn de President vum CSL, de Jean-Claude Reding déi Woch virdru gemaach.

Et muss eppes bei de Salairë geschéien

Natierlech kéint een Argument géint déi Fuerderung sinn, datt Lëtzebuerg, am Verglach zu den Nopeschlänner, schonn en héije Mindestloun huet. Allerdéngs, sinn a wuel kengem vun dëse Länner d'Käschte fir ze liewen esou héich wéi hei. Dat ënnersträicht eng Etude, déi de Statec am Dezember iwwert d'Liewenskäschten zu Lëtzebuerg eraus bruecht hat. 1.923 Euro bräicht eng Eenzelpersoun hei am Land fir anstänneg ze liewen, hat et an der Etude geheescht. Vun dem Montant misst een an der Moyenne eleng schonn 1.034 Euro fir de Logement ausginn.

Donieft hat d'Etude festgehalen, datt den onqualifizéierte Mindestloun nëmmen dann duer géif goe fir hei zu Lëtzebuerg anstänneg ze liewen, wann déi betraffe Persoun, vu soziale Prestatioune profitéiere kann. Den RMG géif egal wéi net duergoen.

Et muss also eppes bei de Salairë geschéien. Kuckt een eng aner Statistik an der neier "Note de conjoncture" vum STATEC, da schéngt dat an de leschte Joren nëmme bedéngt de Fall gewiescht ze sinn. Zënter 2012 ass d'Masse salariale hei am Land ëm 4,5 Prozent geklomm. Am selwechten Zäitraum awer, ass d'Produktivitéit ëm eelef Prozent geklommen. Dat géif natierlech der Kompetitivitéit vum Standuert Lëtzebuerg entgéint kommen, schreift de Statec. Déi Beschäftegt kënne sech also wéinstens iwwert eppes freeën.