Radioen

On air

De Moien  |  Carly Simon - You're So Vain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit Heft vun der "Hémecht"

Geschicht

Neit Heft vun der "Hémecht"

Och wa se net méi bei Saint-Paul gedréckt a publizéiert gëtt: "Hémecht", d'Zäitschrëft fir Lëtzebuerger Geschicht, existéiert weider. Dat drëtt Heft vum Joer koum viru Kuerzem eraus.

auto_stories

4 min

Titelsäit: Brittesch Trommeldekoratioun aus dem 18. Joerhonnert

Ëm Lehnsrecht, Lehnspolitik an de Lehnshaff am 13. Joerhonnert ënner de Grofe vu Lëtzebuerg geet et an engem méi laangen Artikel vum Philippe Moulin. Et ass den zweeten Deel vum jonken Historiker senger Masteraarbecht, den éischten Deel gouf am viregten Heft vun der Hémecht verëffentlecht.

Dës Etüd gëtt e prezisen Abléck an d'Relatiounen tëschent dem Grof vu Lëtzebuerg, dat heescht dem Lehnshär, a senge sëllege Vasalen. Wärend dës tëscheperséinlech Verträg laang mëndlech ofgeschloss gi waren, goufen am 13. Joerhonnert déi feudal Bezéiungen ëmmer méi a schrëftlecher Form festgehalen. Dat hat allgemeng d'Entwécklung vum Recht begënschtegt a vereinfacht hautdesdaags natierlech déi historesch Analys. Esou huet de Philippe Moulin ongeféier 200 Akte fir d'Period 1200 bis 1310 ënner d'Lupp geholl.

Entwécklung vum Lehnswiesen am 13. Joerhonnert

Hien ass ënner anerem zur Conclusioun komm, datt dës Verträg souwuel op Initiativ vum Lehnshär wéi vum Vasall konnten zustane kommen. Béid Säiten haten dorunner nämlech en Interêt. De Lehnshär konnt d'Vasale méi enk u sech bannen a säin Herrschaftsgebitt erweideren. Dem Grof war a ville Fäll d'Benotze vun engem Reseau vu Buerge garantéiert, wat souwuel fir militäresch Zwecker mee och fir déi politesch Kontroll a Friddenszäite vu Virdeel konnt sinn.

De Vasal huet sengersäits vum Schutz duerch de Grof profitéiert a konnt sech méi politeschen Afloss um Territoire vun der Grofschaft via d'Besetze vu Poste sécheren.

Am 14. Joerhonnert dann, ënner dem Jang dem Blannen an duerno dem Wenzel, sollte sech d'Lehnsrecht an d'Lehnswiese souwuel territorial wéi och inhaltlech weiderentwéckelen, esou de Philippe Moulin.

Brittesch Trommeldekoratiounen

An enger weiderer Falletüd, dës Kéier an englescher Sprooch, setzt sech de Ralph Lange, wëssenschaftlechen Assistent am Nationale Geschichts- a Konschtmusée, mat der Datéierung vun zwou Trommeldekoratiounen auserneen.

Déi zwou Textil-Piècen, déi mam Wope vun den englesche Kinneken aus dem 18. Joerhonnert gerëscht sinn, leien am Festungsmusée Dräi Eechelen ausgestallt. Unhand vun enger historescher Anuerdnung an enger konschthistorescher Stilanalys kënnt den Auteur zur Conclusioun, datt déi Objeten op d'Zäit tëschent 1730 a 1751 zeréckzeféiere sinn.

Lëtzebuerger an der Friemelegioun

An der Hémecht liest een des weideren eng ganz Partie méi kuerz Fuerschungsberichter. De Sébastien Vecchiato huet sech fir d'Lëtzebuerger an der Friemelegioun an der Period 1830 bis 1914 interesséiert.

Hire Profil huet sech am Laf vun der Zäit verännert: Veteranen oder Deserteuren aus der hollännescher respektiv belscher Arméi; Zivilisten, dorënner vill veraarmten Handwierker, déi a Frankräich eng Aarbecht gesicht haten; Krimineller, déi der Lëtzebuerger Justiz wollten entkommen; Abenteuerer asw.

An da goufen et an der Légion étrangère esouguer Lëtzebuerger, déi a Wierklechkeet Däitscher waren, déi, Opgrond vun hirer Nationalitéit, besonnesch nom franséisch-preisesche Krich vun 1870 an der franséischer Arméi net méi gutt ugesi waren.

Geschicht vun den CFL

Den Thomas Woloszyn huet sech mat der Geschicht vun den CFL beschäftegt, vun der Grënnung 1946 bis 1984. Nom Zweete Weltkrich hat mat den CFL eng staatlech Gesellschaft déi zwee privat Eisebunnsgestionnairen ersat. Mëtt den 1980er Joren da waren eng ganz Rëtsch wichteg technesch Transformatiounen ofgeschloss, an nei Chantiere goufen an Ugrëff geholl, dorënner d'Ubannung un de franséischen TGVs-Reseau.

Weider Fuerschungsberichter behandelen d'Bezéiungen tëschent der Europäescher Gemeinschaft an der Sowjetunioun, déi rezent Entwécklungen am Säkulariséierungsprozess hei zu Lëtzebuerg grad wéi Aspekter vun der lëtzebuergescher Syntax.

"Hémecht" net méi bei Saint-Paul

Bleift ze bemierken, datt d'Hémecht net méi beim Verlag Saint-Paul erauskënnt, esou wéi dat zanter 1948 de Fall war. Schonn déi zwee éischt Hefter vun dësem Joer waren net méi an der Gaasperecher Dréckerei produzéiert ginn, mee an Optrag vu Saint-Paul bei der Nidderaanwener Firma Printing Ossa.

Saint-Paul ass viru Kuerzem vum belsche Mediekonzern Mediahuis opkaf ginn a wëllt sech wéi et schéngt op déi journalistesch Aktivitéite konzentréieren. Esouwuel den Drock wéi och d'Gestioun vun der Geschichtszäitschrëft Hémecht läit also elo an den Hänn vu Printing Ossa, fir de Contenu bleift d'Redaktioun verantwortlech.