Radioen

On air

Spektrum  |  Horse Jumper Of Love - Wink

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ De Marc Goergen huet eng Denonciatioun beim Parquet gemaach

Wéinst enger gefälschter Ënnerschrëft

De Marc Goergen huet eng Denonciatioun beim Parquet gemaach

Bei der Piratepartei huet de Partei-Coordinateur an Deputéierte Marc Goergen eng schrëftlech Denonciatioun beim Parquet gemaach. Ënner anerem wéinst Ënnerschrëftefälschung an Zesummenhang mat der Iwwersetzungsapplikatioun MALT. Déi RTL-Meldung huet de Marc Goergen eis op Nofro hi confirméiert.

auto_stories

1 min

Foto: Chambre des députés/Flickr

Gefälschte Bankextraite mat nogemaachten Ënnerschrëfte wieren un den Office national de l'accueil geschéckt ginn, fir Iwwerweisunge virzetäuschen, déi awer ni gemaach gi wieren.

D'Parteileedung hätt d'Fälschunge confirméiert kritt, an d'Affekoten hätte geroden eng Denonciatioun ze maachen, well hien an anerer, legal gesinn, matwëssend wieren, esou de Marc Goergen.

2016 hat den ONA en Appel à Projet lancéiert fir eng App ze entwéckelen, déi Flüchtlingen hëllef sollt, arabesch Sätz op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen. D'Piratepartei krut deemools dësen Zouschlag. Mee eng Iwwerpréiwung am Optrag vun der IGF huet méi spéit erginn, datt eng Rei staatlech Suen an d'Täsche vu Membere vun der Piratepartei gefloss sinn.