Sinn et déi schmock Akafszenteren, déi méi grouss, méi schick, méi Design musse sinn? D'Stied an d'Gemenge gi modern, heescht et gär bei neie Baustellen. Modern? Oder vermodert, kéint ee provokativ froen: Muuscht usetzen, schimmeleg, ver- an zerfalend.
Wann zwanghaft probéiert gëtt ze ästheetiséieren, designtechnesch opzewäerten a méi vum schéine Schäin eranzebréngen, da gëtt d'Verbesserung vun eiser Liewenswelt mat Féiss getrëppelt. Mee wéi, et gesäit dach alles esou schick a propper aus, déi nei Haiser, déi nei Akafszentren, sot Dir.
Vum sterille Stil bis Alibi-Gréngs
Ech erkläre mech. Verschéinere gëtt dann zum Problem, wann et "muss" schéin ausgesinn. Dir kennt et vläicht aus der Konscht: soubal krampfhaft probéiert gëtt, eppes Schéines, eppes Attraktives ze schafen, da gëtt et sécher net attraktiv, mee meeschtens peinlech. A soubal offensichtlech gëtt, datt ee kommerziellen Zweck dohannert stécht, dann ass d'Ästheetik, dat Schéint, ganz séier verluer.
Zeréck bei d'Stied. Déi modern Stadplanung hei am Land geet meeschtens Hand an Hand mat der westlecher Visioun vun der 21-Century-Stad: Groussflächeg Glasbauten, ee sterille Stil, artifiziellt Liicht, kënschtlecht Alibi-Gréngs, konstruéierte Raum, vill Näischt, vill Plaz fir Visioun ... vill Plaz fir Anonymitéit a wéineg fir individuell Gefiller. Akafsstroosse queesch duerch Europa änele sech a wierken doduerch awer friem. Kierchbierg, Cloche d'Or, d'Geschäftsstroossen an der Stad: all funktionéiere se nom selwechte Scheema an nom ëmmer identeschen Ausgesinn.
Et ass vläicht net per se ellen, mee wat mécht dat mat Iech, als Betruechter? Als Sujet an enger Ëmwelt vun esou ganz hyperstiliséierte Bauten? Fanne mir eis an esou enger Ëmwelt nach erëm, déi steril vereenheetlecht ass, onperséinlech, ouni Identitéit vun enger Stad?
D'Individualitéit méi valoriséieren
Firwat leeft dat Gefor, a Muuscht ze endegen? Mee wa mir eis an eiser Liewenswelt net méi erëm erkennen oder doheem spieren, wisou sollte mir eis fir si asetzen? Se gären hunn? Op se oppassen an an hir liewen? Stadgestaltung funktionéiert just dann, wa se et packt, de Mënsch mat anzebannen a Raum fir Matgestaltung ze bidden. Wien hält sech scho gär anzwousch op, wou et plakeg ass? No Feierowend gi munch Géigenden zu Geeschterstied, "doheem" fillt ee sech am hyperkommerzialiséierte Raum net. Den Drang no Verschéinerung muss also hannerfrot ginn: Geet et ëm e kommerziellen Interessi? Fënnt d'Stad sech nach an hirem octroyéierten Design erëm? Ass hire perséinleche Charme nach present oder gouf en hanner der zwanzegster Glasscheif erstéckt?
Mee loosst eis konstruktiv sinn, wat kann hëllefen, fir datt aus enger Stadgestaltung keng Anästhesie gëtt? Vläicht klappt dat grad dann, wann ee sech géint steif Formater wiert. Vläicht sinn et d'Stad an d'Awunner selwer, déi am beschten d'Liewen an hir garantéieren? A Kombinatioun mat Professionelle kéint der Eegestännegkeet vun engem Uert esou vläicht besser Rechnung gedroe ginn; well méi Geeschterstied brauch Lëtzebuerg net, an Nation Branding ass méi, wéi héichmodernen Design unzebidden. Géint de Muuscht am Modernen hëlleft warscheinlech just valoriséiert Individualitéit an net de Kommerz.