Radioen

On air

Tockcity  |  Los Bitchos - La Bomba

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meteorologesch Analys vum Tornado

Reen a Bou

Meteorologesch Analys vum Tornado

Am Nomëtteg vum Freideg, 9. August 2019, ass e staarken Tornado iwwer Deeler vum Südweste vum Land ewechgezunn. Op sengem Wee huet e massive Schued ugeriicht, 19 Persoune goufe blesséiert. Mee wéi konnt et zu dëser Naturkatastroph kommen? Eng Äntwert op dës Fro liwwert de Philippe Ernzer.

auto_stories

9 min

Dësen Tornado ass am Beräich vun enger sougenannter Superzell entstanen. Eng Superzell ass en Donnerwieder, bei deem den Opwandberäich rotéiert. Am Beräich vun dësen Opwandbasen ass d'Wahrscheinlechkeet vun der Entwécklung vun engem Tornado signifikant erhéicht.

De Freideg louche mir ënner dem Afloss vum Stuermdéif YAP, dat mat sengem Kär iwwer de briteschen Insele louch. D'Kalfront vun dësem Stuermdéif huet eis am Nomëtteg passéiert. Virum Passage vun der Front louche mir an enger westlecher bis südwestlecher Stréimung, soudatt engersäits déi waarm Loftmassen aus Südeuropa an anerersäits déi fiicht Atlantikloft an eis Géigende gelenkt gouf. D'Resultat: Eng extrem schmeier Loft. Am Nomëtteg goufen deelweis Taupunkter vun iwwer 20 Grad gemooss, dat bei Lofttemperature vu 24 bis 30 Grad. Mat dobäi koum eng ausgepräägte Wandscherung vum Buedem bis wäit erop. D'Wandscherung beschreift d'Wandrichtungs- an d'Geschwindegkeetsännerung mat der Héicht. Wat och nach matgespillt huet, war d'Instabilitéit an der Atmosphär. Dës kann ënner anerem mat de Parametere Lifted Index, K-Index a CAPE ausgedréckt ginn. CAPE steet fir Convective Available Potential Energy a beschreift déi d'Energie, potenziell zur Verfügung steet, an déi sech bei engem Donnerwieder entluede kann. Mat Wäerter vun 1.200 bis 1.800 J/kg war de Wäert zwar net sou extrem héich, mee zesumme mat den anere Parametere geet dëst scho fir markant Evenementer duer.

Wéi entsteet eng Superzell?

Héichopléisend Wiedermodeller hu schonn um Owend virdrun Hiweiser ginn, datt all Donnerwieder, dat sech am Beräich vun dëser Kalfront entwéckelt an an de Géigende vum Nordoste vu Frankräich, dem Oste vun der Belsch, Lëtzebuerg, an dem Weste souwéi der Mëtt vun Däitschland läit, dozou capabel ass, zu enger Superzell ze ginn.

Mee wéi entsteet eng Superzell iwwerhaapt? Eng Superzell ass am Ufank e ganz normaalt Donnerwieder. Donnerwieder si vu wäitem dacks als héich, Amboss-förmeg Wolleken ze erkennen. D'Ambossform kréie se, wann eng Cumuluswollek sou héich an den Himmel wiisst, bis se net méi weider wuesse kann. Dat ass an ongeféier 12 Kilometer Héicht. D'Wollek breet sech also net méi no uewen aus, mee horizontal. Dës Wollekeformatioun gëtt Cumulonimbus genannt.

Well dës Wollek eben 12 Kilometer a bei Ausname souguer nach méi héich ka ginn, befënnt se sech an ënnerschiddleche Loftschichten. Wa vum Buedem aus, iwwer d'Wollekebasis eraus bis uewen un d'Spëtzt de Wand aus verschiddene Richtungen a mat enger ënnerschiddlecher Vitess bléist, also déi vu virdrun ugeschwat Wandscherung, kënnt et zu enger horizontaler Verwirbelung. All Donnerwieder huet en Opwandberäich, also e Beräich, wou déi fiichtwaarm Loftmassen no uewen an den Donnerwiedertuerm eragesaugt ginn an de System um Liewe gehale gëtt. Dësen Opwand dréckt elo déi horizontal Verwirbelung vun ënnen an d'Vertikaalt, soudatt de ganzen Opwandberäich ufänkt, sech ëm seng eegen Achs ze dréien. Gëtt dësen Zoustand iwwer eng gutt hallef Stonn bäigehalen, da schwätzt ee meteorologesch gesi vun enger Superzell.

Unzeeche fir Tornado hu sech ganz kuerzfristeg ugekënnegt

De Freideg waren direkt zwou Superzellen an eiser Ëmgéigend. Déi éischt ass tëschent 17:15 a 17:55 mat sengem Mesozyklon, also dem rotéierendem Opwand, ganz knapp südëstlech un eisem Land laanschtgezunn. En Tornado huet dës Superzell awer net produzéiert.

D'Superzell, déi den Tornado forméiert huet, huet sech e puer Kilometer nordëstlech vu Chalons-en-Champagne a Frankräich géint 16:00 Auer entwéckelt. An hirem Ufanksstadium war et nach eng normal Donnerwiederzell, integréiert an engem gréisseren Donnerwiederkomplex. Géint 17:15 Auer louch se an der Ëmgéigend vu Marville, ëmmer nach a Frankräich. Um Radar huet een déi éischt verdächteg Signature gesinn, déi fir eng Superzell typesch sinn. Et huet sech un der Südsäit vun der Zell ëmmer méi en Hook-Echo ze erkenne ginn, op Däitsch Haken-Echo. Den Numm kënnt dohier, well et um Radar bësse wéi e Krop ausgesäit. En Haken-Echo ass en direkten Indice dorop, datt am Opwandberäich vun der Zell eng markant Rotatioun am Gaang ass. Heiansdo ass och schonn en Tornado aktiv, wann ee sou eppes um Radar gesäit.

Um 17:30 Auer ass den Hook-Echo ëmmer méi däitlech ginn an och um Dopplerradar konnt een eng staark Rotatioun erkennen. Op engem Dopplerradar gesäit een d'Waasserdrëpsen, déi a Richtung Radarstatioun zéien an déi, déi vum Radar fortzéien. Net nëmmen d'Richtunge gesäit een, mee och d'Vitess. Hellgréng entsprécht op de Radarkaarte vum Kachelmann enger Geschwindegkeet vun 115 km/h a Richtung Radar, hellrout Vitesse vun 115 km/h vum Radar fort. Genee do, wou den Hook-Echo war, ware lauter hellgréng an hellrout Signaturen direkt niewenteneen. Zu dësem Zäitpunkt war mir kloer, datt wuel eng kräfteg Superzell eist Land erwësche wäert. Et war zu deem Zäitpunkt nach net gewosst, datt wierklech een Tornado um Buedem war. Iwwer meng Servicer hat ech awer aus Sécherheetsgrënn an engem Update géint 17:33 Auer betount, datt et opgrond vun der rotéierender Opwandbasis zu deementspriechende Begleeterscheinunge komme kéint. Leider ass dëst och sou agetraff.

Duerch déi extrem héich Loftfiichtegkeet a Buedemhéicht houngen d'Wolleken zimlech déif. Dëst spillt der Entwécklung vun engem Tornado an d'Kaarten. De Radar-Daten no war den Tornado géint 17:30 mat Sécherheet schonn um Buedem, dat am Beräich Lonkech an ass tëschent 17:43 a 17:50 iwwer Péiteng ewechgezunn. D'Superzell huet sech vun do aus weider a Richtung Nordoste beweegt an ass nach iwwer Mamer an duerno nërdlech un der Haaptstad laanschtgezunn. Den Tornado huet sech méiglecherweis awer scho kuerz virun Dippech opgeléist. Am weidere Verlaf ass d'Superzell ëmmer méi schwaach ginn, et war just nach en normaalt Donnerwieder. D'Reschter dovu sinn iwwer den Oste vum Land an Däitschland eriwwergezunn an hunn op hirem Wee nach fir deels zolidd Schied gesuergt.

Immens Kräfte goufe fräigesat

De Schued, deen am Beräich Péiteng a Käerjeng ugeriicht gouf, war erstaunlech. Geparkten Autoe goufe vun hire Parkplazen ewech gedroen, deels souguer méi wéi 20 Meter wäit. En Daach ass an der Géigend vun der Place du Marché zu Péiteng op e Parking gefall. Duerch déi zolidd Kraaft vum Wand ass ee vun den do geparkten Autoen op dësem Daach gelant.

Stroosseschëlter a Stolgitter-Héichspannungsleitunge goufe wéi Fixspéin ëmgeknéckt. Zillen, Staangen, Schiferplaquen an aner Géigestänn stouchen an de Fassaden dran. Vill Diecher goufe staark beschiedegt, ganz vill Haiser a Gebaier goufe komplett ofgedeckt. Déck Maueren aus Bëtong hunn dem Drock vum Wand net méi Stand gehalen, souguer Bëtongs-Piliere goufe vum Wand versat. E puer Zeie schwätzen dovun, wéi si gesinn hunn, datt den Tornado deels ganz Beem aus dem Buedem gerappt an duerch d'Loft geschleidert huet.

F2 oder F3 Tornado

Dëst war elo just eng kuerz Beschreiwung vum Schued, mee vu wëssenschaftlecher Säit ass fir de Moment bekannt, datt et sech ëm en Tornado vum ieweschten F2-Beräich gehandelt huet, méiglecherweis och ënneschten F3 Beräich. F2 entsprécht Wandvitesse vun 181 bis 253 km/h, F3 254 bis 332 km/h. Den Estimatiounen no sollen d'Wandvitesse kuerzzäiteg tëschent 250 an 300 km/h geleeën hunn.

Den Tornado war e sougenannte Multi-Vortex-Tornado. Dat heescht, datt et eng Haaptzirkulatioun gouf, also en Haaptwirbel, an e puer méi klengräimeg Wirbelen, déi ronderëm den Haaptwirbel zirkuléiert sinn. Dës méi klengräimeg Wirbele sinn extrem kuerzlieweg a baue sech an Zäit vu Sekonnen op an erëm of. Duerch hir séier Dréibeweegung kënnen dës bei wäitem méi staark ginn, wéi d'Haaptzirkulatioun. De wierklech zolitte Schued sollt also haaptsächlech duerch den Afloss vun de méi klengräimege Wirbelen ugeriicht gi sinn, an deene wuel déi héchst Vitessen erreecht goufen. D'Kachelmann-Wiederstatioun vu Péiteng, déi zu Rodange um Clopp situéiert ass, huet eng Vitess vun 128 km/h gemooss. Et ass also dovun auszegoen, datt den Tornado der Statioun richteg no komm, mee net genee iwwer se ewechgezunn ass.

Hätt een den Tornado kënne viraussoen?

Hätt een den Tornado kënne viraussoen? Jein! Den Tornado u sech an déi genee Géigend, wou en optrëtt, ass eng Saach vun der Onméiglechkeet. Duerch e Koup Berechnunge vun de Wiedermodeller kann een awer op d'mannst e Potenzial erkennen, ob sech an de kommenden 12 bis 24 Stonnen eng Superzell an eventuell en Tornado forméiere kéint oder net. Am Fall vum leschte Freideg konnt een den Owend virdrun tatsächlech Hiweiser op de Modellkaarten erkennen, mee ob sech wierklech eppes entwéckelt, weess een zu deem Zäitpunkt nach net.

Wéi kann ee sech schützen?

Et war net den éischten Tornado zu Lëtzebuerg. An zwou aneren Episode vu Reen a Bou sinn ech op e puer weider bekannt Tornadofäll hei zu Lëtzebuerg ze schwätze komm. Ze fanne sinn dës op der Websäit vum radio 100,7.

Wéi kann ee sech virun engem Tornado schützen? Wann ee gesäit, datt en Tornado op een duer kënnt, da soll een, wa méiglech, an engem Keller no Schutz sichen. Ass kee Keller do, dann ass een an der Mëtt vum Haus um Rez-de-Chaussée am séchersten. Eng Reegel beseet: Kuckt, datt Dir sou vill Mauere wéi méiglech tëschent Iech an dem Tornado hutt. Och Raim, déi an der Mëtt vum Gebai sinn a keng Fënsteren hunn, kënnen Iech schützen. Huet ee grad keng aner Méiglechkeet an et befënnt ee sech an engem aneren, manner sécherem Raum, da sollt ee sech vu grousse Fënsteren, Dieren a Miwwele ewech halen. Glasscheiwe kënne briechen a Miwwele kënnen duerch d'Vibratiounen ëmfalen. Et sollt een déi grouss Miwwelen och probéieren sou ëmzestellen, datt potenziell Fluchtweeër net kënne verspaart ginn.

Et gëtt ëmmer gesot, datt den Auto déi sécherst Plaz an engem Donnerwieder ass. Bei engem Tornado ass dat awer net de Fall. Et sollt ee während engem Tornado nëmmen an engem Auto sëtzen, wann ee séier genuch fortfuere kann. Ass den Tornado ze séier ënnerwee, da besteet héchste Liewensgefor. Wann et méiglech ass, an Dir mierkt, datt Dir nach genuch Zäit hutt, da laaft aus dem Auto eraus a Sicht Iech an engem nooste Gebai Schutz. Camper a Roulottë sinn awer ze vermeiden, well dës wéi Spillsaachen duerch d'Loft gewirbelt kënne ginn.

Wann Dir am Fräie sidd, an et ass een Tornado ze gesinn, da probéiert erauszefannen a wéi eng Richtung en zitt. Zitt den Tornado säitlech, da kënnt en am Normalfall net op Iech duer. Ass awer keng Säitebeweegung ze erkennen, da kënnt en direkt op Iech duer. Fuert oder laaft an dësem Fall net genee an déi entgéint gesate Richtung fort, well en Iech dann eventuell nach anhuele kéint, mee diagonal.

Ass den Tornado schonn ze no an Dir hutt keng Zäit méi fortzelafen oder fortzefueren, da musst Dir Iech flaach op de Buedem leeën oder wa méiglech, Iech flaach mam Gesiicht no ënnen an e Stroossegruef leeën. De Kapp sollt dobäi mat den Hänn geschützt ginn, fir net vu Saachen, déi ronderëm fléien, getraff ze ginn. Bei schwaachen Tornadoe kann een duerch dës Method ouni gréisser Blessuren iwwerliewen, bei méi staarke sinn d'Chancen däitlech méi kleng.

Ginn et ëmmer méi Tornadoen?

Nach eppes ganz Wichteges: Dir sollt Iech nimools ënner enger Bréck ophalen, wann en Tornado op Iech duerkënnt. Eng Bréck gëtt zu engem Wandtunnel, well de ganze Wand ënner d'Bréck gedréckt an duerchgepresst gëtt. De Wand gëtt nach méi staark a kann Iech an Zäit vu Sekonne matrappen.

Ginn et duerch de Klimawandel ëmmer méi Tornadoen? Dës Fro kann een net genee beäntwerten, well enger korrekter Statistik e bestëmmte Faktor dotëschentfunkt: D'Smartphonen a modern Geräter vun haut. Deemools konnt een net sou séier a sou einfach en Tornado filmen, wann een ee gesinn huet. Haut geet dat ganz einfach, alles lant direkt am Internet. Dohier kënnt et engem sou vir, wéi wann dës Phenomener zouhuele géifen. Ob dat wierklech esou ass, ass de Moment net ze erkennen. Datt et awer duerch de Klimawandel sou komme kann, ass denkbar.