Radioen

On air

Al Schanken  |  Vaughan, Stevie Ray - Colt Shot

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meenungsfräiheet

Prisma

Meenungsfräiheet

Meenungsfräiheet ass eent vun de Grondrechter vun de moderne westlechen Demokratien. An och an Net-Krisesituatioune soll net op dëst Recht verzicht ginn. Mee déi Meenungsfräiheet stellt och e praktesche Problem: wa jiddweree seng eege Meenung dierf hunn, an déi Meenungen all verschidde sinn, wéi sollen da gemeinsam Decisioune getraff ginn? Zanter dem Ufank vum 20. Joerhonnert ginn et dorop zwou grouss Zorte vun Äntwerten. Gedanken dozou vum Thierry Simonelli

auto_stories

6 min

Demokratie ass eng fei Saach. Well an enger Demokratie sollen et fir all Bierger inaliénabel, onveräußerlech Grondrechter ginn. En dovun ass eng eegen a fräi Meenung, an déi fräi Äußerung vun där Meenung. Mee déi Fräiheet kënnt och mat e puer Problemer. An déi entstinn notamment wann et drëm geet Entscheedungen zesummen ze treffen.

Mer wëssen all wéi schwéier et ass iergendeen vun iergendeppes, dat net senger Meenung entsprécht, ze iwwerzeegen, ganz besonnesch wann nëmmen déi gewaltlos Gewalt vum besseren Argument ziele soll. Dës Spannung tëscht Individualismus op der enger Säit, a Gemeinschaft op där anerer, huet d'Denker vun de modernen Demokratië vun Ufank u beschäftegt.

Wéi evitéiert een et, datt eng Gesellschaft vun Individuen net stänneg an en bellum omnium contra omnes, an en Krich oder e Kampf vun allen géint all ausaart?

D'Iddie vum Carl Schmitt

De spéider nationalsozialistesche Jurist a Rechtsphilosoph Carl Schmitt hat dofir eng Léisung, déi scheinbar och nach haut ëmmer méi Unzéiungskraaft fir vill Leit huet. De Schmitt huet nämlech geduecht, datt esou eng Demokratie eigentlech dann am Beschte funktionéiert, wann een eng Homogenitéit an der Populatioun viraussetze kann.

Demokratie funktionéiert dann am Beschten, wa mer all dat nämmlecht denken, eis nämmlecht verhalen, dat nämmlecht Liewe liewen, an am beschten och déi nämmlecht Rass a Relioun hunn. Zur Demokratie gehéiert et, sou de Carl Schmitt, datt dat Gläicht gläich behandelt gëtt, an dat Ongläicht ongläich. An dat heescht och dat Heterogeent, falls néideg, sollt vernicht ginn.

Dofir besteet de Grondprinzip vun all Politik doran Frënd a Feind ze ënnerscheeden. An dat erkläert firwat een dann och de ganze rechtsstaatleche Fundament vun der Demokratie mat engem Ausnamezoustand ausser Kraaft setzen, wann et drëm geet de Staat, wuelgemierkt: de Staat, ze beschützen.

Neoliberal Gedanken

Zum Gléck hunn awer net all d'Denker vun der Demokratie esou radikal Konsequenze gezunn. Zur ongeféier nämmlechter Zäit huet den Neveu vum Sigmund Freud, den Eduard Bernays, sech och Gedanken iwwer dëse Probleem vun enger Massendemokratie vun Individue gemaach Mee wärend de Carl Schmitt autoritär, politesch an nationalistesch geduecht huet, war de Bernays en Unhänger vun enger neier liberal ekonomescher Ideologie .

De Bernays huet nämlech, grad esou wéi de Journalist a politesche Publizist Walter Lippmann zu där Zäit, gemengt, datt all d'Problemer vum mënschlechen Zesummeliewen da kënne geléist ginn, wann d'Gesellschaft op allen Niveaue wéi en Maart funktionéiert. Dës demokratesch Utopie gouf spéider als neie Liberalismus - als Neoliberalismus - benannt.

A sengem Buch vun 1923 - Crystallizing Public Opinion - situéiert de Bernays de Grondproblem vun de moderne Massendemokratien um Plang vun der ëffentlecher Meenung. An enger demokratescher Gesellschaft, déi op de Prinzippie vun Individualitéit an der Egalitéit opgebaut ass, wëllt all Bierger informéiert sinn, a selwer seng eegen Entscheedungen huelen.

An esou sollt dat och sinn: all Individuum soll mat beschter Informatioun amstand sinn, seng eegen Interessen ze verfollegen, an säin eegent Liewen ze liewen.

D'Ökonomiséierung vun der Gesellschaft

Mee wann dat esou ass, wa jiddweree fir d'éischt, an am Beschten exklusiv no sech kucke sollt, wou kënnt dann de gesellschaftlechen Zesummenhang hir? D'Äntwert op déi Fro, déi haut nach allgemeng akzeptéiert Solutioun vun deem Problem, ass hirersäits guer net esou nei. Si staamt aus dem 18. Joerhonnert.

1714 huet de Bernard de Mandeville - en hollänneschen Denker a senger Fabel vun de Beien dee politeschen a gesellschaftleche Probleem vun der Gesellschaft vun Individue fir d'éischt mat der Ökonomiséierung vun der Gesellschaft geléist.

Am bekanntste gouf dat Prinzip mam schottesche Moralphilosoph an Ekonomist Adam Smith senger Ausso, datt et net de gudde Wëlle vum Metzler, Bauer oder Bäcker ass, deen eist Owendiesse garantéiert, mee hiert perséinlecht Interesse. Wann also jiddweree just no sengen Interesse kuckt, dat funktionéiert dat Ganzt zum Virdeel vun allen.

Dat ass d'Wonner vun der ekonomescher Gesellschaft: wann ech mech selwer hemmungslos fir meng eegen Interesse schaffen, da schaffen ech a Wierklechkeet fir den "Intérêt général". Dank der Funktiounslogik vum oppene Maart gëtt also och nach de selbstsüchtegsten Egoist, dee just no sengen eegenen Interesse kuckt, zum Verwalter vum ëffentlechen Interesse.

Déi bewosst an intelligent Manipulatioun

Virun deem ideologeschen Hannergronn wollt den Edward Bernays de Probleem vun der Meenungsfräiheet an de Massendemokratië léisen. Mee am Ufank vum 20. Joerhonnert war et och scho kloer, datt d'Wonner vun der onsiichtbarer Hand en kléngen "Coup de Main" vu baussen néideg hat.

A sengem bekanntste Buch mam Titel "Propaganda" schreift dohier den Eduard Bernays: Déi bewosst an intelligent Manipulatioun vun den organiséierte Gewunnechten a Meenunge vun de Massen ass e wichtegt Element vun der demokratescher Gesellschaft.

Déijéineg, déi dësen onsiichtbare Mechanismus vun der Gesellschaft manipuléieren, bilden eng onsiichtbar Regierung. [...] Mir gi regéiert, eise Verstand gëtt gebilt, eis Geschmäcker geformt, eis Iddie virgeschloen, gréisstendeels vu Männer, vun deene mer nach ni héieren hunn.

Déi politesch Uwennung

De Bernays mécht hei Reklamm fir den neie Beruff, deen hie verkafe wëllt: de Beruff vum Consultant an de Public Relations. Soit, wat en haut de Manager vun der Ëffentlechkeetsaarbecht nennt. Mer brauchen och net op all déi Anekdote vun de fantastesche Reussitte vum Bernays anzegoen. Déi sinn zum gudden Deel iwwerdriwwen, well dem Bernays gouf et an éischter Instanz dorëm sech selwer ze verkafen.

Wat den Bernays och séier verstanen hat, war datt seng net esou nei politesch Iwwerzeegung d'Gesellschaft als Maart funktionéieren ze loossen, net nëmme kommerziell, mee och politesch Uwennungen hat.

Well grad esou, wéi en Verkeefer bei potentielle Clienten en Wonsch no verschidde Produiten ervirzeruffe versicht, grad esou sollt och eng gewiefte Regierung d'Bierger dozou bréngen an déi gewënschte Richtung ze denken an ze handelen. An dee politesche Besoin hunn d'Consultante vun de Public Relations net emol mussen erschafen: dee war scho längst do.

Politik als Wuer verkafen

De Genie vum Bernays bestoung och hei virun allem doran Politiker seng Servicer als Léisung op hir Problemer ze verkafen. An hei kënnt dann alles a bal perfekter ideologescher Harmonie zesummen: e gudde Business brauch en gudde Leadership. A wa Politik Business ass, oder wéi de Bernays et rappelléiert, wa Politik souwisou den éischten "Big Business" war, dann ass den nämmlechte Prinzip vum Leadership och an der demokratescher Politik ausschlaggebend.

An enger Demokratie soll de politesche Leadership nom Modell vum Businessleadership funktionéieren. An dat an éischter Instanz iwwer Ëffentlechkeetsaarbecht, dat heescht: iwwer d'Organisatioun an d'Formatioun vun der fräier, demokratescher Meenung. Dofir ass et wichteg, datt Politik all d'Mëttele vun der Psychologie, vun der ugewannter Sozialwëssenschaft, vun de mediale Marketing a Propaganda-Technike beherrscht fir Uerdnung an de Chaos vun de Meenungen ze bréngen.

Eng gutt Regierung, e gudde politesche Leadership, schreift de Bernays, kann a soll verkaf gi wéi all aner Wuer och. Well nëmmen esou entseet déi fräi Meenung, déi als Grondwäert an eisen Demokratien esou weesentlech ass.