Radioen

On air

Trendscheif  |  Kara Jackson - Right, Wrong or Ready

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mäerzstreik vun 1921: Tëschent Mythos an Utopie

Zäithistoriker

De Mäerzstreik vun 1921: Tëschent Mythos an Utopie

Den Zäithistoriker Denis Scuto kuckt haut zeréck op en historescht Evenement, dat virun 100 Joer ganz Lëtzebuerg an Otem gehalen huet: de Mäerzstreik vun 1921.

auto_stories

7 min

Den Denis Scuto ass Historiker a Vizedirekter vum Centre for Centemporary and Digital History (C2DH). Foto: Archiv

Virun honnert Joer goung ee vun de längste soziale Konflikter zu Lëtzebuerg op en Enn, e Konflikt deen sech op all Schmelzen a Minièren am Land iwwer dräi Wochen a lokal iwwer bal zwee Méint gezunn huet: de Mäerzstreik vun 1921. Den 21. Abrëll 1921, no bal aacht Woche Streik, waren d'Aarbechter vun der Rodanger Schmelz déi lescht, déi d'Aarbecht nees opgeholl hunn.

Vun enger Ofhängegkeet an déi aner

Dëse Streik war en kompletten Echec fir d'Aarbechterbeweegung an huet zur Interventioun vu lëtzebuergeschen a franséische Zaldote gefouert. De Streik huet awer och d'Limitte vun der Onofhängegkeet vum Grand-Duché gewisen. Vun der wirtschaftlecher a politescher Ofhängegkeet vun Däitschland virum 1918 ass d'Land zu enger änlecher Ofhängegkeet vun de Gewënner vum Krich iwwergaangen: Frankräich an d'Belsch. Et waren déi franséisch a belsch Ambassadeuren a Schmelzdirekteren, déi der Lëtzebuerger Regierung d'Repressioun vum Streik diktéiert hunn.

D'Geriichter hunn d'Gewerkschaftler vum Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiterverband (BMIAV) zu schwéiere Strofe verurteelt (Geldstrofen a Prisongsstrofe vun engem bis néng Méint). Op d'schwaarz Lëschte vun de Patronen gesat, goufen se vun de Stolkonzerner entlooss. Déi resignéiert Aarbechter verloosse massiv d'Reie vun de Gewerkschaften, déi Jore brauchen fir sech ze erkréien. De Sozialdialog, deen aus der Krichserfarung entstane war, brauch och méi wéi e Joerzéngt fir nees op d'Been ze kommen.

"Les années sans pareilles"

De Streik ass als "Generalstreik vum Mäerz 1921" an d'Geschicht agaangen. E markéiert den Héichpunkt an d'Enn vun deem, wat ech "les années sans pareilles du mouvement ouvrier luxembourgeois" genannt hunn (Denis Scuto, Sous le signe de la grande grève de mars 1921, Editpress, 1990, 464 Säiten).

De Streik war d'Apotheose vun deene Joren. De Begrëff "Generalstreik" reit sech awer och an d'Debatt an, déi an der internationaler Aarbechterbeweegung ëm d'Begrëffer Streik a Revolutioun am Ufank vum 20. Joerhonnert gefouert gouf. Wéi de franséische revolutionäre Gewerkschaftler Georges Sorel a sengem Wierk Réflexions sur la violence vun 1908 erkläert, kann de Generalstreik philosophesch verglach ginn mat "mythes dans lesquels se retrouvent les tendances les plus fortes d'un peuple, d'un parti, d'une classe, tendances qui viennent se présenter à l'esprit avec l'insistance d'instincts dans toutes les circonstances de la vie, et qui donnent un aspect de pleine réalité à des espoirs d'action prochaine sur lesquels se fonde la réforme de la volonté "

Der Himmel voller Geigen

Dëse mytheschen Aspekt vum Generalstreik, definéiert als e Bild dat zur Aktioun incitéiert, wat a Beweegung setzt an anengems d'Ziler vun der revolutionärer Transformatioun vun der Gesellschaft op laang Dauer kläert, fënnt een an den "années sans pareilles" 1918 bis 1921 zu Lëtzebuerg erëm.

Ernimme mer hei d'revolutionär republikanesch Beweegung direkt nom Krich, d'Droung mam Generalstreik beim Verkaf vun den däitsche Schmelzen 1919, Fuerderunge fir eng Sozialiséierung vun der Produktioun an d'Nationaliséierung vun de Fabricken, asw.

Der Komponent vum Mythos setzt de Sorel déi vun der Utopie entgéint. Utopie definéiert een als e rationelle Projet vun enger Transformatioun vun der reeller Situatioun duerch eng Politik vun de klenge Schrëtt: "Tandis que nos mythes actuels conduisent les hommes à se préparer à un combat pour détruire ce qui existe, l'utopie a toujours eu pour effet de diriger les esprits vers des réformes qui pourront être effectuées en morcelant le système ; il ne faut pas s'étonner si tant d'utopistes purent devenir des hommes d'Etat habiles lorsqu'ils eurent acquis une plus grande expérience de la vie politique."

Dës utopesch Aspekter sinn am lëtzebuergesche Beispill duerch déi gëeente Gewerkschaftsbeweegung no 1918 symboliséiert, déi sech hirer Stäerkt bewosst war an déi vun Erfolleg zu Erfolleg an de Joren 1918 bis 1921 geflunn ass. Eng ganz Serie vu fundamentale soziale Reforme konnt duerchgesat ginn. Hei e puer Beispiller: den 8-Stonnendag, Conseils d'usine, d'allgemengt Wahlrecht, d'chambres professionnelles (e Gesetzesprojet vun 1920, agefouert 1924). Dës Reforme wollten anengems reell Situatiounen an de Betriber veränneren an en aneren, demokratesche Fonctionnement vun der Gesellschaft experimentéieren.

Am Februar 1921 schwankt déi lëtzebuergesch Gewerkschaftsbeweegung tëscht den zwee Pôlen vum Sorel, Utopie a Mythos. Sollt se de Wee vun de Reforme weidergoe wéi zënter 1918, gezeechent duerch Verhandlunge mat de Patronen an der Regierung, gestäipt op d'Conseils d'usine an d'Gewerkschaften, déi zu Massenorganisatiounen ugewuess waren? Resultater wéi den 8-Stonnen Dag, Lounerhéijungen, Aarbechterdelegatiounen hu kloer fir dës Strategie plädéiert.

Oder sollten d'Gewerkschaftler dës Erfolleger anescht interpretéieren? Beweisen se net, datt méi radikal Transformatioune méiglech sinn. Den Eisebunner a sozialisteschen Deputéierten Aloyse Kayser resuméiert 1922 d'Atmosphär vun deene Joren esou: "Damals hing der Himmel voller Geigen, man versprach uns der Reihe nach alle Wunderländer, die Schlagwörter des Selbstbestimmungsrechtes, der Nationalisierung, der Sozialisierung usw. flogen an unsere Schädel wie gebratene Tauben."

An dësem Klima hunn d'Schmelze vun Déifferdeng, Rodange a Stengefort am Februar 1921 Lounkierzungen, Kuerzschichten a virun allem massiv Entloossungen ugekënnegt. D'Konzerner Hadir (Déifferdenger Schmelz), Ougrée-Marihaye (Rodange) an d'Société des Mines de la Loire (Stengefort) justifiéieren dëst duerch gréisser finanziell Probleemer 1920 an 1921. Nee, äntweren d'Gewerkschaften, dat erkläert sech net duerch déi wirtschaftlech Konjunktur, dat ass en internationale kapitalistesche Komplott.

Vum soziale Konflikt zum nationale Symbol

De BMIAV gräift d'Revendicatioun vun der Schmelzbesetzung op vun der jonker kommunistescher Partei - déi just am Januar 1921 gegrënnt gi war - a lancéiert de Slogan vum "passive Widerstand" gestart. Ëm wat geet et?

Wann et zu Entloossunge kënnt, sollen d'Aarbechter op hir Aarbechtsplaz goen an sech ënner den Uerder vun hire Gewerkschaftsdelegéierte stellen. Si sollen d'Schmelze besetzen. Um Terrain setzen d'Conseils d'usine den 1. Mäerz d'Besetzung vun der Déifferdenger Schmelz ëm, duerno zu Rodange a Stengefort. Si halen d'Héichiewen a Betrib, ier déi lëtzebuergesch a franséisch Militärmuecht kommen an se verdreiwen.

Dat selwecht geschitt an allen anere Schmelzen a Minne vum Land, och wann do keng Entloossunge beschloss gi waren. Mee d'Kräfteverhältnis ass ze ongläich. Franséisch Besatzungstruppe ware vun 1918 bis 1923 zu Lëtzebuerg an d'Regierung huet se zur Hëllef geruff fir de Lockout, dat heescht d'Expulsioun vun den Aarbechter aus der Schmelz duerchzesetzen, sou wéi déi franséisch Truppen et schonns wärend de Revolutiounsdeeg vu Januar 1919 an der Stad gemaach haten.

Den Historiker Jacques Maas huet op d'Schlësselroll vum franséischen Direkter vun der Déifferdenger Schmelz, dem Generol Gabriel Maugas, engem Mataarbechter vum Maréchal Foch, an dësem soziale Konflikt higewisen.

Et war déi Déifferdenger Schmelz, déi als éischt Massenentloossungen ugekënnegt huet. Et war de Maugas dee reegelrecht an d'Konfrontatioun gedréckt huet an de Staatsminister, den Emile Reuter, an de Buergermeeschter vun Déifferdeng, den Emile Mark, dozou bruecht huet d'Arméi ze schécken. D'Regierung, déi de 25. Februar nach verkënnegt hatt, datt déi friddlech Besetzung vun der Schmelz duerch d'Aarbechter legal wier, léisst d'Gewerkschafte falen a gëtt dem Maugas sengem Appel no, sengem Uerdnungsdiscours a senge Spekulatiounen iwwer den anscheinend revolutionäre Charakter vun der Streikbeweegung. De Staatsminister Emile Reuter gëtt och dem Drock vun den auslännesche Muechten no, der Belsch a Frankräich, déi iwwer hir Ambassadeuren d'Ofschafung vun de Conseils d'usine fuerderen. Dëst gëtt duerch en Arrêté vum 11. Mäerz 1921 ëmgesat.

De Mäerzstreik war e totalen Echec. Mee e gouf spéider zu engem nationale Symbol. De Streik hat d'Charakteristike vun engem Generalstreik duerch säi Versuch d'Beweegung ze generaliséieren an duerch déi deeglech Massendemonstratiounen, déi e begleet hunn, och wann d'Extensioun vum Streik op aner Secteuren (Eisebunn, ëffentlechen Déngscht, Geschäfter) schlussendlech net geklappt huet. Am Sënn vun engem Generalstreik war déi effektiv Kontroll vun der Produktioun an de Betriber duerch d'Belegschaften, och wann d'Militärmuecht dëser Kontroll séier en Enn bereet huet.

D'Symbol vum Generalstreik, wat 1921 beschwuer gouf, gouf dono vun de Gewerkschaften oft benotzt fir op de mobiliséierenden Effekt vum Slogan vum Generalstreik zeréckzegräifen, an der Suite vun de Reflexioune vum Sorel a vun Aneren. Bei dëse Konflikter blouf et bei Streiker vun engem Dag oder einfach bei Menace vun engem Streik. Mee et ass hinne gelongen d'Kräfteverhältnis tëscht Patronen, Gewerkschaften a Regierung ze beaflossen. Ernimme mer hei als Beispiller de Streik vum 9. Oktober 1973, de Generalstreik vum 5. Abrëll 1982 géint d'Manipulatioune vum Index no der Devaluatioun vum belsche Frang, d'Droung mat engem Generalstreik am Joer 1993 am Kader vun der Reform vun der Krankeversécherung a wärend den Tripartiteverhandlunge vun 2005/2006 an 2009/2010.

Viru kuerzem hunn d'global Klimastreiker vun 2018-2019 eis drun erënnert datt an der Debatt iwwer d'Äntwerten op déi sozial an environnemental Urgencë vum 21. Joerhonnert, d'Fro vum Sorel, Mythos oder Utopie, weiderhi ganz aktuell bleift...