Radioen

On air

Notturno  |  Meernaa - As Many Birds Flying

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LGBTIQ-Strategie: "Jiddweree muss sech selwer kënne sinn"

Gläichstellung

LGBTIQ-Strategie: "Jiddweree muss sech selwer kënne sinn"

"Jiddweree muss sech selwer kënne sinn - ouni Angscht an ouni Diskriminatioun". Dat ass d'Leitmotiv vun der EU-Kommissioun hirer éischter Strategie fir d'Gläichstellung vun LGBTIQ-Persounen - also lesbesch, schwul, bi-sexuell, transgender, intersex a queer Persounen. Dës Strategie gouf leschten Donneschdeg vun der EU-Kommissioun virgestallt. D'Zil ass et, verstäerkt géint Diskriminatioun opgrond vun der sexueller Orientatioun a Geschlechtsidentitéit virzegoen, déi fir vill LGTBI-Persounen an Europa nach ëmmer eng alldeeglech Realitéit ass.

auto_stories

4 min

D'EU-Kommissioun huet sech eng "Unioun vun der Gläichstellung", an domat d'Egalitéit vun den LGBTIQ-Persounen, grouss op de Fändel geschriwwen. Et war en Theema an der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hirer Ried zur Lag vun der Unioun.

An dës Kommissioun krut mat der Helena Dalli fir d'éischte Kéier eng Kommissärin fir d'Gläichstellung. Si sot bei der Presentatioun vun der Strategie, datt et d'Zil wier fir eng Unioun ze schafen, wou d'Diversitéit gefeiert gëtt, wou jiddweree kann esou sinn, wéi en ass, ouni Risiko vun Diskriminatioun, Exklusioun a Gewalt.

Nach wäit ewech vun den Ziler

Mee dovu schéngt een den Ament wäit ewech ze sinn: Der Kommissioun no spiere sech 43 Prozent vun den LGBTIQ-Persounen an der EU diskriminéiert. An d'Fäll vun Diskriminatioun an Attacke géint d'LGBTIQ-Communautéit an Europa hätten zougeholl, esou d'Katrin Hugendubel, Advocacy Direktesch bei der ILGA, der Associatioun fir lesbesch, schwul, bisexuell, trans an intersex Persounen. Et géif eng Tendenz ginn zu konservative Wäerter, wéi déi vun der traditioneller Famill als heterosexuell Koppel.

Esou wéi a Polen: do huet d'Regierung LGBTIQ-fräi Zonen deklaréiert. D'EU-Kommissioun huet dat schaarf verurteelt an hätt och Fonge fir Projeten u Pole gestoppt, sot d'Vizepresidentin vun der EU-Kommissioun, d'Věra Jourová. Et bräicht een allerdéngs eng kloer legal Basis fir kënnen ze agéieren.

Hëllefe kéint do och deen nogebesserte Mechanismus am EU-Budget, fir d'Ausbezuele vun EU-Suen un d'Konditioun ze knäppen, datt d'Grondwäerter vun der Unioun respektéiert ginn.

Diskriminatioun legislativ bekämpfen

Och déi nei Strategie fir d'Egalitéit vun LGBTIQ-Persoune gesäit legislativ Propose vir: d'Kommissioun wëllt d'nächst Joer eng Initiativ virstellen, fir Haass-Messagë géint LGBTIQ-Persounen ze verbidden. Esou Messagen hunn um Internet staark zougeholl a sollen der Kommissioun no op d'Lëscht vun de Verbriechen an der EU bäigesat ginn.

Fir d'Diskriminatioun vun LGBTIQ-Persounen op der Aarbecht ze bekämpfen, soll d'Direktiv fir d'Egalitéit um Aarbechtsmaart bis 2022 op de Leescht geholl an duerno iwwerschafft ginn. D'Rechter vu sougenannte Reebou-Famille solle gestäerkt ginn, fir datt gläichgeschlechtlech Koppele mat Kanner d'Unerkennung als Elteren net verléieren, wa si an een anert EU-Land plënneren - wat den Ament de Fall ass.

Eng Famill muss iwwerall an Europa eng Famill kënne bleiwen, seet dozou de Marc Angel. Dee sozialisteschen Europadeputéierten ass Co-President vum LGBTI Intergroup am Europaparlament. Hie begréisst der Kommissioun hir nei Strategie, besonnesch, datt Reebou-Famillen iwwerall solle kënnen unerkannt ginn, dat awer mat engem Bemol: gläichgeschlechtlech Koppelen ouni Kanner sollen eréischt méi spéit unerkannt ginn.

"Dat ass schued, mee ech verstinn awer, anscheinend ass dat ee strategesche Schrëtt, dee se wëlle maachen, well am Conseil Länner wéi Ungarn a Polen Veschiddenes kënne blockéieren."

Trotz dëse Kompromësser wier et déi richteg Strategie zur richteger Zäit, seet d'Katrin Hugendubel vun der ILGA. D'Kommissioun hätt sech derzou engagéiert fir net just do, wou se kompetent ass, um legislative Plang, endlech Neel mat Käpp maachen. Mee si géif och d'Memberstaaten opfuerderen an ënnerstëtzen, fir hir eegen Aktiounspläng auszeschaffen an ëmzesetzen.

Wou ass Lëtzebuerg drun?

Verschidden EU-Länner sinn do méi wäit wéi anerer - dorënner Lëtzebuerg. Well och zu Lëtzebuerg gëtt et zanter 2018 e Gesetz dat erlaabt, datt trans- an intersexuell Persounen hiren Numm an hiert Geschlecht am État civil kënnen änneren. Dozou seet den Erik Schneider vun der ASBL Intersex-Transgender Lëtzebuerg, datt Lëtzebuerg do extreem fortschrëttlech wier.

Nach kee Gesetz gëtt et ënner anerem zu Lëtzebuerg awer, fir Operatiounen a Konversiounstherapië bei Trans- an Intersex-Kanner ze verbidden, déi dat net selwer kënnen decidéieren. Am Koalitiounsaccord vu blo-rout-gréng zu Lëtzebuerg ass et awer virgesinn.

Den Erik Schneider mengt, datt et dofir e Gesetz bräicht, fir datt déi concernéiert Mënsche selwer eppes dozou soe kënnen. D'Aarbechte fir en entspriechend Gesetz hätte sengen Informatiounen no awer schonn ugefaangen.

D'Kommissioun rifft d'EU-Länner op, an hire Strategië fir LGBTIQ Communautéiten op Best Pratices ze setzen. D'ASBL Intersex-Transgender Lëtzebuerg géif sech do vun der Lëtzebuerger Regierung méi Ënnerstëtzung wënschen, seet nach den Erik Schneider: hie fuerdert zwou fest Plazen an och Raimlechkeeten, fir dës Aarbecht maachen ze kënnen.

Der EU-Kommissioun hir Strategie fir d'Gläichstellung vun LGBTIQ-Persoune läit elo um Dësch, mee et misst een nach dofir suergen, datt déi och Realitéit gëtt, seet de Marc Angel.