Radioen

On air

De Moien  |  Pretenders - Don't Get Me Wrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger an der Friemelegioun

Geschicht

Lëtzebuerger an der Friemelegioun

Wie waren déi Lëtzebuerger, déi sech am Laf vum 19. Joerhonnert a bis d'Zäit tëschent den zwee Weltkricher an der Friemelegioun engagéiert haten? Am Virfeld vun enger grousser Ausstellung, Enn Juni am Musée Dräi Eechelen, ass elo e Sammelband zu deem Sujet verëffentlecht ginn.

auto_stories

4 min

"Légionnaires. Parcours de guerre et migrations entre le Luxembourg et la France" (Silvana Editoriale) heescht dëst Wierk mat Artikele vu Lëtzebuerger an internationale Spezialisten, dorënner vill Historiker vum Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) vun der Uni Lëtzebuerg. De Projet gouf ënnert anerem vum Denis Scuto dirigéiert.

"Dëse Projet iwwer déi Lëtzebuerger Legionären ass d'Resultat vu fënnef Joer Fuerschung, virun allem vum Arnaud Sauer, Dokorant am C2DH. Et ass och déi lescht Aarbecht an Zesummenhang mat eisem Projet iwwer de Centenaire vum Éischte Weltkrich, dee mer mam Staatsministère geleet hunn."

Fokus 1. Weltkrich

Och wann d'Buch duerchaus op d'Joerzéngten no der Grënnungszäit vun der Friemelegioun 1831 ageet, sou läit den Haaptfokus vun där kollektiver Etüd op der Period ëm den Éischte Weltkrich. Bei der Mobilisatioun 1914 hat Frankräich déi eegen Arméi via Dekret fir auslännesch Residenten opgemaach.

Et ass och an där Zäit, wou sech de schlechte Ruff vum Legionär als zwar effikasse mee dach iergendwéi suspekte Sëldner sech zum Positive verännert hat. Zemools och hei zu Lëtzebuerg, erkläert d'Historikerin Sandra Camarda:

"Evidenterweis ass d'Geschicht vun de Legionären direkt nom Krich instrumentaliséiert ginn. Et wollt een d'Iddi verkafen, datt Lëtzebuerg ëmmer op der Säit vun de Krichsgewënner gestanen hätt - mir wëssen, datt déi Fro vill méi komplizéiert ass. Mir kenne Beispiller vu Lëtzebuerger Legionären, déi nom Krich gelidden hunn, wéi de Fall vum Zaldot Schmidt weist. Nom fräiwëllegen Engagement am Éischte Weltkrich hat hien zu Lëtzebuerg op der Douane geschafft. Wéi dunn déi Däitsch komm waren, hat hie seng Aarbecht verluer, well hien an der Legioun war."

Individuell Parcoursen

Am Buch gëtt sech vill mat eenzele Liewensgeschichten ausernee gesat. Individuell Parcourse wéi déi vum Lucien Ries, Henri Dieschbourg, de Bridder Lecharlier, vum François Faber (éischte Lëtzebuerger Gewënner vum Tour de France), weisen d'Diversitéit vun de Motivatiounen hanner dem Engagement an der Légion étrangère.

Ëm déi 1.000 Lëtzebuerger sollen dee Schratt am analyséierten Zäitraum gemaach hunn. Et ass awer schwéier, fir déi Zuel präzis z'ermëttelen, ënnert anerem wéinst dem Anonymat, deen déi franséisch Arméi de Legionäre garantéiert hat. Mee dat hat net fir all d'Zaldote gespillt, seet den Arnaud Sauer:

"Dans le cas de figure des engagés volontaires luxembourgeois pour la durée de la guerre, donc ceux qui s'engagent à partir de 1914, il n'est pas question d'anonymat du tout. Ils sont référencés dans les registres de la Légion étrangère sous leur véritable identité. Sauf quelques cas qui posent certains problèmes: des gens nés en Alsace et en Moselle, de nationalité luxembourgeoise, mais qui sont nés du côté allemand. Ça pose des problèmes en cas de capture, avec de possibles rétorsions pour la famille. Donc, ces personnes-là auront une fausse identité."

D'Geschicht vun de Lëtzebuerger an der Friemelegioun, seet den Arnaud Sauer, limitéiert sech net op d'Zäit bis den Éischte Weltkrich:

"Globalement, toutes les périodes que nous n'avons pas pu étudier: l'après-Première Guerre, bien sûr, et peut-être aussi les premières années de la Légion, qu'il faudrait encore plus creuser. Il y a beaucoup de légionnaires luxembourgeois qui s'engagent avant la Première Guerre mondiale, qui sont naturalisés et qui participent au conflit en tant que soldats français. Tous ces gens-là sortent également des radars. Il y a donc beaucoup plus de luxembourgeois engagés du côté français que ce que l'on imagine."

Den Denis Scuto confirméiert, datt am Kader vum C2DH eng Rëtsch deementspriechend Fuerschungsprojete an der Maach respektiv geplangt sinn:

"Mir wäerten an den nächste Jore mat enger virtueller Ausstellung iwwer den Zweete Weltkrich beoptraagt ginn. Verschidden Aarbechten iwwer déi Lëtzebuerger Kolonialgeschicht sinn an Aussiicht. Do wäerte mer natierlech och op d'Legionäre stoussen."

Ausstellung am Musée Dräi Eechelen

D'Buch iwwer d'Legionäre begleet eng gréisser Ausstellung am Festungsmusée Dräi Eechelen. Nodeems se méi ewéi eng Kéier wéinst der Pandemie huet misste verluecht ginn, mécht d'Expo viraussiichtlech den 30. Juni hir Dieren op. De Musées-Direkter François Reinert hieft den Aspekt vun der Migratioun ervir:

"Déi a Frankräich ausgewandert Lëtzebuerger, vun deenen ongeféier Dausend an der franséischer Arméi gedéngt hunn, si wéinst hirem Schicksal zu engem identitäre Sujet ginn. Besonnesch nom Krich huet dat sech an dat kollektiivt Gediechtnes verankert."

D'Expo iwwer d'Lëtzebuerger an der Friemelegioun soll vum 30. Juni bis den 28. November daueren, eng Verlängerung gëtt elo schonn an d'A gefaasst.


"Légionnaires. Parcours de guerre et migrations entre le Luxembourg et la France" (dir. Sandra Camarda, François Reinert, Arnaud Sauer an Denis Scuto), Silvana Editoriale, 35€.