Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Legaliséierung vu Cannabis: "E sportlechen Dossier"

Drogen a Mënschen

Legaliséierung vu Cannabis: "E sportlechen Dossier"

Als éischt europäescht Land wëll Lëtzebuerg Cannabis legaliséieren. Dat war de Konsens vun der Lëtzebuerger Regierung an esou steet et och am Koalitiounsprogramm. Cannabis soll nach an dëser Legislaturperiod, also bis 2023, legal ginn. Mee ier dat geschitt, sinn nach vill Etappen ze huelen, doriwwer si sech d'Experten eens.

auto_stories

9 min

Wäert de Verkaf, Konsum a Besëtz vu Cannabis nach an dëser Legislaturperiod legaliséiert ginn? (Foto: Bigstock / cendeced)

D'Covid-19 Pandemie hätt den Dossier ëm d'Legaliséierung vu Cannabis hei am Land zeréck gehäit. Ma et géif een ëmmer nach all Dag dodru schaffen, seet den Drogebeoptraagte vun der Lëtzebuerger Regierung. An all Dag géif een neien Defien begéinen. Ee vun dësen Defien ass et, en eegenen, un de Grand-Duché ugepasste Modell ze entwéckelen, esou den Alain Origer. Modeller, wéi déi aus Holland, Portugal oder Kanada, géifen net komplett de Realitéiten vu Lëtzebuerg entspriechen.

"De Pouvoir d'achat vun eise Jonken ass vill méi héich, wéi dee vu Jonken aus anere Staaten. Dacks sinn d'Suen net onbedéngt d'Brems, déi dozou bäidréit, datt eppes kaaft gëtt. Mir wëllen e Modell ausschaffen, deen eng Akzeptanz huet an dee mir awer och kënnen evaluéieren. Et geet net duer, fir dat ze maachen, well mir Loscht hunn dat ze maachen. Et geet drëm ze kucken, bréngt dat eppes? Dofir muss dat wëssenschaftlech immens gutt begleet ginn an eng Baseline hunn."

E sportlechen Dossier, deen nach an dëser Legislaturperiod soll ëmgesat ginn, dorunner huet den Aarbechtsgrupp mat Vertrieder aus dem Gesondheets- a Justizministère de 7. September d'lescht Joer nach emol festgehalen.

En éischt Konzept ëm d'Reglementatioun vu Cannabis am Grand-Duché steet, de Radio 100,7 hat de 24. Februar d'lescht Joer doriwwer bericht.

  • Eng Persoun dierf pro Mount 30 Gramm Cannabis kafen
  • Et muss een 18 Joer al sinn
  • Et muss een zanter sechs Méint am Land ugemellt sinn
  • Op ëffentleche Plazen ass de Konsum verbueden
  • Op Plazen, wou et ee Fëmmverbuet gëtt, ass de Konsum och verbueden
  • Cannabisproduite sollen exklusiv am Land produzéiert ginn
  • Privaten Ubau soll verbuede bleiwen
  • De Verkaf soll duerch privat Hänn assuréiert ginn
  • 14 Verkafspunkten uechter d'Land sinn an enger éischter Phas virgesinn
  • Et soll net an der Géigend vu Schoule verkaf ginn
  • Exploitante sollen eemol fir eng Verkaflinzenz bezuelen
  • Zousätzlech: een Deel vum Joresëmsaz muss un de Staat bezuelt ginn
  • Ee maximalen THC-Taux fir d'Cannabisbléien ass net virgesinn
  • Onkloer ass: wéi kann d'Legaliséierung mat internationalem Recht an Aklang bruecht ginn

Lëtzebuerg huet verschidden UNO-Konventiounen ënnerschriwwen, déi den Ëmgang mat psychotrope Substanzen an Drogen op internationalem Plang reegelen.

Den Alain Origer ass den Drogebeoptraagte vun der Lëtzebuerger Regierung

"Déi Approche, déi bis elo gefuer ginn ass, ass suboptimal. Mir gesinn am Fong praktesch weltwäit, datt déi repressiv Schinn eleng de Problem net verbessert. An deene meeschte Länner gëtt nëmme repressiv geschafft. Et kann ee sech net méi erlaben, einfach ofzewaarden, datt Wonner passéieren," esou nach den Alain Origer.

Mëttlerweil hu verschidde Länner a Staaten de Cannabsverbuet opgehuewen. 2013 war et Uruguay, an den USA ass Cannabis a 15 Bundesstaate fir Persounen vun 21 Joer u legal, a Kanada gouf Cannabis de 17. Oktober 2018 legaliséiert an an Portugal goufen 2001 alleguer d'Drogen entkriminaliséiert.

"De Verbuet vu Cannabis léisst keng Problemer"

D'Prohibitioun, also de Verbuet vu Cannabis géif keng Problemer léisen, confirméiert de Georg Wurth vum däitschen Hanfverband am 100,7 Interview. Mee et géifen aner Problemer doduerch geschaaft ginn.

"Gerade problematischer Konsum bei Jugendlichen wird durch das Verbot nicht unterbunden. Es ist auch nicht so, dass Cannabis auf dem Markt nicht verfügbar wäre. Jeder, der es will, bekommt es. Das heiß der eigentliche Zweck des Verbots wird nicht erreicht, aber stattdessen werden Konsumenten gejagt, und zwar ziemlich massiv. Ich weiß nicht wie es in Luxemburg aussieht aber in Deutschland haben wir jedes Jahr neue Rekorde bei der Verfolgung von Konsumenten. Da ist ein enormer Verfolgungsdruck. Es werden Strafverfahren eröffnet. Selbst wenn diese wieder eingestellt werden, sieht es nicht gut aus im Lebenslauf. Außerdem fördert das Verbot organisierte Kriminalität. Da wird ein großer Markt Leuten überlassen, die man eigentlich nicht fördern will und der Staat gibt eine Menge Geld für Repression aus und lässt sich zusätzlich noch Steuereinnahmen entgehen. In Deutschland sind es mehrere Milliarden Euro, die viel besser in Prävention und Hilfe investiert wären."

Och de Verbraucherschutz wier e grousse Sujet an der Diskussioun, esou den däitsche Lobbyist an Aktivist Georg Wurth.

"Man kann dann sicherstellen, dass keine Streckmittel, Fungizide, Herbizide, Schimmelsporen und so weiter in der Ware drin sind. Das ist nämlich ein Gesundheitsrisiko für alle Konsumenten und nicht nur für die, die tatsächlich ein Problem mit Cannabis haben."

Streckmëttel oder aner Substanzen am Joint

"Ech hat Patienten, déi kruten op dem illegale Marché synthetesch Cannabinoiden an hiren Joint gemaach, wat extrem geféierlech war. Dat hu mir dunn och direkt gemellt a kontrolléiere gelooss. Wann ech wierklech decidéiert hunn, ech muss dat onbedéngt eng Kéier ausprobéieren, da probéieren ech et aus, egal ob et legal oder illegal ass," Confirméiert den Dr. Jean-Marc Cloos.

Den Dr. Jean-Marc Cloos ass medezinesche Spezialist an der Psychiatrie mat Zousazausbildung an der Suchttherapie an zënter dräi Joer medezineschen Direkter vun den Hopitaux Robert Schuman.

"Wann et legal wier, hätt een och eng gewësse Qualitéitskontroll drop. Da muss ee jo net onbedéngt 25 Prozent THC dra setzen. Dann hätt een eng Méiglechkeet dat ze kontrolléieren an och eng Alterskontroll ze maachen quitt, datt et dann awer dozou kënnt, datt verschidde Jugendlecher dat huelen."

Geféierlech ass de Cannabis fir Jugendlecher ënner 25 Joer, well eréischt duerno ass d'Gehier ausgeräift. Wann ee fréi mat Cannabisfëmmen ufänkt, kéinte bleiwend Schied entstoen. Dorënner Konzentratiounsschwieregkeeten, Antriebslosegkeet a Gläichgëltegkeet an a schlëmme Fäll kënnen duerch de Cannabiskonsum och Psychosen ausgeléist ginn.

Wien ass responsabel, wann eppes geschitt?

Eng Fro, déi ee virun der Legaliséierung vum Cannabis misst klären ass: wien ass responsabel, wann de Konsum wierklech esou negativ Konsequenze mat sech bréngt, freet den Dr. Jean Marc Cloos.

"Wann e 17-Järegen dat hëlt, kann de Staat ëmmer soen, datt Cannabis eréischt vun 18 Joer u legal ass. Mee wann en 18-Järegen dann awer eng Psychos mécht, well en et jo legal kaf huet, kann een eigentlech dem Producteur soen, datt een duerch säi Produit eng Schizophrenie entwéckelt huet. Also juristesch wäert et net oninteressant ginn."

Eng aner Suerg vun den Experten ass, datt d'Zuel vu Cannabiskonsumente kéint an d'Luucht goen, wann d'Substanz da bis legal ass.

Den Dr. Jean-Marc Cloos huet och mat Patienten ze dinn, déi duerch de Cannabiskonsum Psychose kritt hunn

Aner Länner hunn allerdéngs gewisen, datt dat net onbedéngt muss stëmmen. A Kanada sinn et duerch d'Legaliséierung esou guer manner Leit ginn, déi kiffen. Dat beleeën Zuelen vun der offizieller kanadescher Statistik Autoritéit.

De Schwaarzmaart konnt awer och hei net agedämmt ginn. Dat kann doru leien, datt et engersäits net genuch Geschäfter ginn, an deene Konsumenten hier Wuer kenne kafen an: De Präis vun engem Gramm Cannabis ass um legale Maart a Kanada ëmmer nach méi héich wéi um Schwaarzmaart.

  • Déi kanadesch Regierung seet, si wéilt Cannabis, grad fir Jonker, duerch niddereg Präisser net nach méi attraktiv maachen
  • Staatlech Gesondheetskontrolle kaschte Suen, déi ginn op de Präis dropgeschloen
  • 1 Dollar pro Gramm erhieft de Staat u Steieren

D'Steieren an Akzisen, déi duerch de verkaf vu Cannabis hei zu Lëtzebuerg an Zukunft erakommen, sollen an e Fong fléissen, dee Preventiounsaarbecht soll finanzéieren.

Eng Akzeptanz fir d'Legaliséierung vu Cannabis

Preventioun ass immens wichteg, do misst scho fréi domat ugefaange ginn, seet den Alain Origer, den Drogebeoptraagte vun der Regierung. Am beschte Fall schonn ier déi Jonk eng éischte Kéier mat Cannabis a Kontakt komm sinn. Ma an der ganzer Bevëlkerung misst eng Akzeptanz fir d'Legaliséierung vun dëser Substanz erreecht ginn.

"Wéi ugefaange ginn ass ze iwwerleeën, wat Harm reduction heescht, ass d'Gesellschaft lues a lues matgaangen. Datt mir haut Saachen, wéi den Heroinprogramm hunn oder Drogekonsumraim an Europa, dat war e Prozess, dat ass net einfach esou aus dem Stee geschloe ginn. Politesch gesi sinn dat Saachen, wou ee muss e Konsens hunn an d'Bevëlkerung muss och de Sënn dora gesinn. De Kuerzschloss fir dann ze soen: Lo gi se hinnen och nach déi Drogen, déi si net sollen huelen ass grouss. Dat ass schonn eng grouss Aarbecht u Kommunikatioun an Iwwerzeegungsaarbecht. Et ass awer och wichteg herno ze beweisen, datt eppes bréngt, fir de Konsument un éischter Stell, awer och fir d'Gesellschaft."

Datt een der Gesellschaft en anert Wësse muss vermëttelen wat Drogen ugeet, do ass och den däitsche Politikwëssenschaftler a Publizist Robert Feustel averstanen.

De Robert Feustel gesäit d'Zil vun enger progressiver Drogepolitik an der Entkriminsaliséierung oder Legaliséierung vun all den Drogen

De Robert Feustel huet 2012 mat enger Aarbecht zum Thema "Kulturgeschichte des Rauschs" promouvéiert. Datt Cannabis fir hie legaliséiert gehéiert, wier duerch déi vill Diskussiounen a wäiten Deeler vun der Gesellschaft ukomm.

"Gras ist sozusagen aus der Blickrichtung der bösen 'evil drug' herausgekommen. Gras war auch jahrzehntelang Gegenstand von Dämonisierungen. Jetzt haben aber auch BürgerInnen, die nicht so wahnsinnig Drogen-affin sind oder die noch diese alte Drogenordnung kennen, verstanden, dass Cannabis als vermeintlich weiche Droge nicht so eine große Gefahr ist, auch körperlich nicht. Jedenfalls nicht gefährlicher als Alkohol. Es ist einfach weit verbreitet. Deswegen ist es da nicht mehr so wahnsinnig schwer eine Legalisierung anzuschieben, weil die Akzeptanz in der Gesellschaft und auch das Wissen und den Umgang mit Stoff relativ gut ausgeprägt ist. Deswegen ist es jetzt absehbar, dass viele Länder nachziehen werden, was Legalisierung von Gras angeht. Deutschland wird das letzte Land sein, nehme ich an, weil die hier auch ein bisschen eine Macke haben. Bei anderen Drogen ist es schwieriger. Da ist der Weg noch ein bisschen weiter."

"Anescht mat Drogekonsumenten ëmgoen"

De Robert Feustel gesäit als Zil d'Entkriminaliséierung respektiv d'Legaliséierung vun allen Drogen,

"Ob Crystel Meth gefährlich ist oder nicht, sollte unabhängig davon sein, ob ich es legal mache oder nicht. Es heißt ja nicht, dass dann alle Leute Crystal Meth nehmen, aber man kommt sowieso recht leicht an den Stoff ran. Und wenn man es legalisiert, kann man Menschen aus dem Dunkel der Kriminalität herausholen. Also auch Menschen, die mit dem Stoff ein Problem haben, weil das gibt es natürlich auch zuhauf. Aber man kann die Leute anders adressieren, anders mit ihnen umgehen in sozialen Projekten, in sozialer Arbeit. Statt sie immer nur als die bösen Kriminellen zu verhaften."

Mee bis dohinner wier et nach e laange Prozess. An dat gesäit och den Drogebeoptraagte vun der Lëtzebuerger Regierung esou. Eng Legaliséierung oder Entkriminaliséierung vun anere Substanze wier den Ament nach net ugeduecht, seet den Alain Origer.

"Do ass et wéi iwwerall: Step by step. Dat hei ass schonn schonn e groussen Dossier. Och do muss et eng gesellschaftlech Bereetschaft do sinn, fir dat matzedroen. Dat kann een net mam Briecheise maachen."