Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keen ass vergiess - Näischt gëtt vergiess

Zäithistoriker

Keen ass vergiess - Näischt gëtt vergiess

Am Kader vum Internationalen Dag vun der Erënnerung un d'Affer vum Holocaust, um 76. Anniversaire vun der Befreiung vum KZ Auschwitz (de 27. Januar 1945), erzielen d'Inna Ganschow an den Denis Scuto d'Geschichte vun zwou Familljen.

auto_stories

8 min

Mir wëllen iwwer dës Affer vun der Shoah schwätzen, andeems mer de Géigendeel maache vun deem wat d'Nazie verbrach hunn. Si hunn d'Leit zu Nummeren degradéiert, si hunn hinnen hir Dignitéit ewechgeholl, si hunn se entmënschlecht.

De Mënschen een Numm ginn

Iwwer hiert Liewen ze beriichten ier d'Nazien hinnen all Rechter geholl, se deportéiert an ëmbruecht hunn, bedeit déi entgéintgesate Richtung anzeschloen. Et bedeit de Mënschen en Numm ze ginn, eng Identitéit, e Gesiicht. D'Leit net als Objeten, mee als Sujeten ze weisen. Déi lëtzebuergesch an déi europäesch Kultur a Gesellschaft sinn ouni de jiddesche Bäitrag net denkbar. Si sinn Deel vun eiser gemeinsamer Geschicht, awer si ware ganz laang net Deel vun eiser kollektiver Erënnerung.

Wa se net als Affer vum Nationalsozialismus opgetaucht sinn, goufen d'Judden hei laang op bekannte Geschäftsleit am Zentrum vun de gréissere Stied reduzéiert: Rosenstiel, Sternberg, Finkelstein, Brahms. Déi sozial an national Diversitéit vum jiddesche Liewen zu Lëtzebuerg virum Zweete Weltkrich gouf nom Krich an dëser Erënnerung ewechretuschéiert.

Dofir erziele mir haut aus dem Liewe vun zwou bestuete Koppelen. D'Männer an eng vun de Frae sinn am Ufank vum 20. Joerhonnert aus Russland iwwer Däitschland a Frankräich agewandert, déi aner Fra koum aus Lëtzebuerg. Déi bestuete Koppelen Aronow-Herz a Lukmanski-Lubinstein an hir Kanner erziele Geschichte vu Migratioun an Integratioun, vu Contrainten a Fräiheeten, vu Pläng a Réckschléi.

An dann d'Geschicht vum Ondenkbaren, der Shoah. Eleng am éischte sougenannte Polentransport goufen, mat dësen zwou Famillen, am Ganzen 323 Judden aus Lëtzebuerg de 16. Oktober 1941 op Litzmannstadt (haut Lodz) deportéiert: 89 Lëtzebuerger, 234 Net-Lëtzebuerger, haaptsächlech Däitscher, Polen, staatelos Leit - meeschtens aus Russland a Polen - e puer Litauen, Letten, Hollänner a Fransousen. Nëmmen 11 Persoune vun 323 hunn d'Deportatioun iwwerlieft.

D'franséisch Schrëftstellerin, Resistenzlerin an Auschwitz-Iwwerliewend Charlotte Delbo huet probéiert d'Gefiller vun den Deportéierten a Wierder ze faassen:

"Ils attendent le pire - ils n'attendent pas l'inconcevable."

Virbereet op dat Schlëmmst, net op dat Onfaassbaart: d'Vernichtung zu Litzmannstadt, Kulmhof (Chelmno), Auschwitz.

Gerson Aronow a Sophie Herz

De Gerson Aronow gouf 1888 zu Bapki bei Smolensk (a Russland) gebuer.

Gerson Aronow. Foto: Collection Bertogne. Photothèque de la Ville de Luxembourg

Hie koum 1914 a Westeuropa als Zaldot am russeschen Expeditiounscorps an der franséischer Arméi, an 1915 koum hien an däitsch Gefaangenschaft zu Gross-Moyeuvre an der Lorraine (Departement Moselle, däitscht Gebitt vun 1871 bis 1918). Nom Waffestëllstand ass hien op Knutange, direkt an der Géigend, geplënnert. An den 1920er Jore war do eng russesch Kolonie ronderëm d'Schmelz.

D'Petite Russie zu Knutange ass iwwregens e weidert Beispill vu Vergiessen, e "non-lieu de mémoire" wéi den Historiker Piero Galloro an de Soziolog Ahmed Boubeker et ausgedréckt hunn. Den Aronow huet als Stolaarbechter geschafft. Am Mäerz 1922 huet hie sech zu Miedernach mat der Lëtzebuergerin Sophie Herz bestuet, déi do 1897 als Duechter vum Véihändler Lippman Herz gebuer gouf.

An der Mëtt vum 19. Joerhonnert hu sech eng Rei jiddesch Familljen, déi vum Véihandel gelieft hunn, an dëser ländlecher Uertschaft am Zentrum vum Land niddergelooss. Véihändler goufen am Kader vum landwirtschaftlechen Opschwong am Grand-Duché no de leschten Agrarkrise vun den 1840er Jore gebraucht.

Sophie Herz, 1926. Foto: Collection Bertogne. Photothèque de la Ville de Luxembourg

1926 sinn de Gerson a seng Fra op Esch/Uelzecht geplënnert, wou hien op der Schmelz. Terre Rouge geschafft huet. D'Koppel Aronow-Herz ass awer séier dem Beispill vum Sophie senger Schwëster Leonie nogaang, déi d '"Confiserie de la Poste" a spéider d'"Confiserie de l'Hôtel de ville" an der Uelzechtstrooss mat hirem Mann Osias Handzel gefouert huet. D'Koppel ouni Kanner huet sech 1937 zu Déifferdeng niddergelooss, wou se d'"Confiserie de la Place du Marché" opgemaach hunn. Als Russ am Exil, als Member vun enger vun den éischte Gemeinschaften, déi vun der Société des Nations als Flüchtlingen unerkannt goufen, war den Aronow am Besëtz vun engem Nansenpass mat engem belschen a franséische Visa, deen hie fir Handelszwecker an der Grenzgéigend gebraucht huet.

Den 11. Mee 1940 gouf d'Koppel, wéi de Rescht vun der Südbevëlkerung vu Lëtzebuerg, wéinst der däitscher Invasioun evakuéiert. Hiert Wunnhaus a Geschäft goufe vun enger Bomm getraff. Dofir si se no hirem Retour aus der Evakuéierung op Miedernach geplënnert, wou se beim Schwéierpapp Lippmann Herz gelieft hunn. Schaffen duerfte si net méi. 1941 huet de Gerson bei Paul Wurth Zwangsaarbecht misse leeschten wéi vill aner Judden zu Lëtzebuerg.

De Gerson an d'Sophie Aronow-Herz goufe mat den anere Familljememberen, déi zu Miedernach bliwwe waren, de Julius an d'Simone Herz-Weill, hir Duechter Liliane, d'Koppel Louis a Bertha Rosenfeld-Herz an hir Duechter Jeanne Flore mam éischten Transport vu Lëtzebuerg op Litzmannstadt de 16. Oktober 1941 deportéiert. Dem Sophie säi Papp, de Witmann Lippmann Herz, gouf den 28. Juli 1943 aus dem Lëtzebuerger Sammellager vu Cinqfontaines op Theresienstadt deportéiert.

Den Escher Osias Handzel gouf de 24. August 1942 vun Drancy bei Paräis op Auschwitz deportéiert, d'Léonie Handzel-Herz an hiren néng Joer ale Jong Marcel den 31. Juli 1944, och op Auschwitz. Kee vun de genannte Familljememberen huet d'Deportatioun iwwerlieft. Ënner den Nokomme vum Lippmann Herz an dem Rosa Samuel, déi schonns 1938 gestuerwen ass, am Ganze sechs Kanner mat Ehepartner a fënnef Enkelkanner, hunn nëmmen hir Duechter Thekla Herz an hire Mann Adolf Evlagon souwéi hiren Enkel Gaston Herz de Krich a Frankräich iwwerlieft (liest dozou den Artikel vum Georges Buchler iwwer de Marcel Handzel am Luxemburger Wort vum 23. November 2017).


Aron Lukmanski, Frieda Lubinstein, Claire, Henri a Jeanne

Den Aron Lukmanski gouf 1889 zu Vitebsk (haut a Wäissrussland) gebuer.

Aron Lukmanski. Foto: ANLux, J-108-027430, Antrag zur Erneuerung der Fremdenkarte, 6.9.1937

Seng Bridder waren an der sozialistescher jiddescher Partei BUND wärend der éischter russescher Revolutioun vun 1905 aktiv goufen. Den Aron Lukmanski selwer huet 1910 Russland verlooss well seng Verlobte Frieda Lubinstein wärend engem antisemittesche Pogrom attackéiert gi war. Si goufen am Mee 1910 zu Nanzeg bestuet. Hir éischt zwee Kanner, d'Claire 1912 an den Henri 1915, koumen zu Nanzeg op d'Welt, d'Jeanne 1920 op enger vun de ville Statioune vun hirer Migratioun, zu Cornellà de Llobregat bei Barcelona.

Frieda Lubinstein. Foto: ANLux, J-108-027430, Antrag zur Erneuerung der Fremdenkarte, 6.9.1937

1921 kënnt d'Famill op Esch, wou se an der Brillstrooos Nr. 88 e Geschäft opmaachen, wou den Aron an d'Frieda Molereigeschir verkafen an hien donieft als Usträicher schafft. D'Claire bestit 1936 e Fransous vun Audun-le-Tiche. D'Jeanne mécht eng Léier beim Coiffeur Pozzi-Fey zu Esch. Den Henri huet sengem Papp am Geschäft gehollef. 1936 an 1937 mécht hien zu Metz säi Militärdéngscht.

Zu Nanzeg gebuer hat en déi franséisch Nationalitéit. 1938 huet et geheescht hie wéilt en Job als Museker a Frankräich kréien - d'Familljlegend seet, datt den Henri eemol an engem Orchester virun der Grande-Duchesse gespillt huet. D'Geschäfter si gutt gelaf an d'Lukmanskis konnten dräi Haiser zu Esch kafen.

Henri Lukmanski. Foto: : ANLux, J-108-027430, Gesuch zur Erlangung einer Identitätskarte, 31.10.1938

D'Famill gouf den 11. Mee 1940 evakuéiert. Den Henri gouf an d'franséisch Arméi agezunn an ass den 19. Juli 1940 leie bliwwen, an de leschten Deeg vun der Bataille de France.

Claire Lukmanski. Foto: ANLux, J-108-027430, Gesuch zur Erlangung einer Identitätskarte, 13.9.1934

D'Claire ass mat hirem Mann op Epinal geplënnert. Sii ass deen eenzege Member vun der Famill déi de Krich iwwerlieft huet. Den Aron, d'Frieda an hir jéngst Duechter Jeanne, déi aus der Evakuéierung zréckkomm waren, goufen de 16. Oktober 1941 um éischten Transport op Litzmannstadt deportéiert a si warscheinlech am Konzentratiounslager Chelmno ëmbruecht ginn.

Jeanne Lukmanski. Foto: ANLux, J-108-027430, Antrag zur Erneuerung der Fremdenkarte, 11.11.1938

Nom Krich huet d'Claire Krichsindemnitéiten ugefrot. Dat gouf hir refuséiert mat der Begrënnung datt nëmme Lëtzebuerger Staatsbierger vun deem Gesetz profitéiere kéinten. Eréischt no dräi Geriichtsurteeler huet si et fäerdeg bruecht, déi dräi Haiser vun der Famill als eenzegen Ierwen erëmzekréien.

Si huet hire Bouf kathoulesch gedeeft well se nom Bestietnes selwer zum Katholizismus iwwergetruede war. Dem Bouf seng Giedel war eng italienesch Nopesch aus der Brillstrooss.

Wann d'Claire mat hirem Jong bei si op Besuch koum, souz et ëmmer an der Stuff sou datt et hiert Elterenhaus op Nr. 88 aus der Fënster gesinn huet. Hire Jong praktizéiert nach ëmmer als Dokter a reest vill an Afrika am Kader vu "Médecins sans Frontières". Hien huet véier Kanner. Si sinn all am humanitäre Beräich aktiv, weltwäit.

Dem Claire säi Jong an hir Enkelkanner setzen deen humanisteschen Optrag no Auschwitz ëm, deen déi schonns ernimmte Schrëftstellerin Charlotte Delbo an hirem Gedicht "Prière aux vivants pour leur pardonner d'être vivants" esou ausgedréckt huet:

"Je vous en supplie
faites quelque chose
apprenez un pas
une danse
quelque chose qui vous justifie
qui vous donne le droit
d'être habillés de votre peau de votre poil
apprenez à marcher et à rire
parce que ce serait trop bête
à la fin
que tant soient morts
et que vous viviez
sans rien faire de votre vie."