Radioen

On air

Trendscheif  |  Zsela - Lily Of The Nile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Juni 44 : zwispälteg Gefiller

Zäithistoriker

Juni 44 : zwispälteg Gefiller

Viru genau 80 Joer huet d'Invasioun vun der Sowjetunioun duerch dat Drëtt Räich ugefaangen. D'Lëtzebuerger hunn den Evenementer mat zwiispältege Gefiller nogekuckt. D'Perspektiv vun enger däitscher Nidderlag huet vill vun hinne gefall; déi vun enger sowjetescher Victoire huet se awer trotzdeem och erschreckt.

auto_stories

7 min

Den Zäithistoriker Vincent Artuso. Foto: Archiv

De Sonnden 22. Juni 1944, hunn d'Lëtzebuerger erausfonnt, datt eng nei Phas vum Krich ugefaangen hat. Moies fréi hunn déi éischt Spëtze vun enger gewalteger Invasiounsarméi, déi 2.900 km-laang westlech Grenz vun der Sowjetunioun duerchbuert. Dräi Milliounen däitsch Zaldoten, an e bëssche manner wéi 700.000 finnesch a rumänesch Verbündeter, hunn um Ugrëff mam Decknumm Unternehmen Barbarossa deelgeholl.

Trotz de Warnungen hat de Stalin net un eng däitsch Attack gleewe wëllen. De kommunisteschen Diktator war iwwerzeegt, datt den Hitler den Netugrëffspakt géif anhalen, deen d'Sowjetunioun an d'Drëtt Räich am August 1939 ënnerschriwwen haten. Deen Traité hat den zwou Muechten erlaabt sech Osteuropa opzedeelen. En hat den Däitschen och de Réck fräigehalen, hinnen erlaabt sech op d'Westfront ze konzentréieren.

Dëse Pakt mam bolschewisteschen Däiwel war dem Hitler awer ni geheier. Et war just en taktesche Schachzuch gewiescht, bestëmmt keng Finalitéit. Mee elo wou d'Westmuechten um Buedem waren, an Europa ënner däitscher Hegemonie war, hat en endlech d'Hänn fräi fir mat der Sowjetunioun ofzerechnen. Zanter dem Ufank vu senger politescher Karriär war dat eigentlech säin Haaptzil gewiescht.

Kampf géint de Judäo-Bolschewismus

D'nationalsozialistesch Beweegung war aus der däitscher Nidderlag am Éischte Weltkrich entstanen, mee och aus der Angscht virun enger kommunistescher Revolutioun wéi déi, déi den tsaristesche Regimm a Russland zerstéiert hat. D'Nazien hunn am Kommunismus eng déidlech Gefor gesinn; eng Ideologie, déi vun de Judden, hir Äerzfeinden an éiwege Géigendeel, erfonnt gi war fir d'europäesch Kultur ze besäitegen an déi sougenannt "aresch" Vëlker ze versklaven.

Vum Ufank un ass de Krich géint d'Sowjetunioun vum NS-Regimm also wéi e Vernichtungskrich géint de Judäo-Bolschewismus gesinn a geplangt ginn. Et ass em drëms gaangen d'Häerz vum internationale Kommunismus ze zerstéieren, mee och déi grouss ostjüddesch Gemeinschaften ze verdillegen, an där een de Keim vum fantasmagoresche Weltjudentum gesinn huet.

D'Zil vum Krich war et awer och aus Däitschland eng global Muecht ze maachen. De Lebensraum am Oste sollt den däitsche Pendant zum amerikanesche Far West ginn. E risegen, kontinentale Raum, deem dem Drëtte Räich, mat senge Millioune Quadratkilometer, senge Rostoffer, sengem industrielle Potenzial d'Mëttele géif gi mat besteeënd oder zukünfteg Supermuechten, wéi dem briteschen Empire, de Vereenegte Staaten oder dem japanesche Keeserräich ze rivaliséieren - jo, wie weess, se souguer ze iwwertreffen.

Europäesche Kräizzuch

An den Zeitunge vum 23. Juni 1941, also de Méinden no der Invasioun, hunn d'Lëtzebuerger d'offiziell Begrënnung vun den Evenementer gelies. Op der éischter Säit vum gläichgeschalten Escher Tageblatt hunn den Titel an den Ënnertitel se beschtens resuméiert :

"Der Rote Verrat an Europa. Eine Front vom Nordkap bis zum Schwarzen Meer zum Kampf für die Sicherung Europas angetreten - Doppelspiel der bolschewistischen Heuchler entlarvt - Russland war jederzeit bereit uns in den Rücken zu fallen - Schamloser Bruch des Paktes."

An engem laangen Aufruf des Führers huet den Hitler säin Narrativ dann och selwer am Detail ausgebreet. Fir d'éischt huet e Mol erkläert, wisou en iwwerhaapt e Pakt mat de Bolschewiste geschloss hat. D'Englänner, déi zanter Joerhonnerten ëmmer erëm versicht haten eng Eenegung vum europäesche Kontinent ëm eng Hegemonialmuecht ze verhënneren, haten eng Koalitioun géint Däitschland opgebaut.

Fir eng Akreesung vu sengem Land ze vermeiden, hat e keen anere Choix gehat, ewéi mam ëstlechen Noper en Accord ze fannen. Dee war awer ni e vertrauenswierdege Partner gewiescht. D'Sowjetunioun hat de gudde Wëlle vum Reich ausgenotzt fir seng Noperen ze bedroen, an éischter Stell Finnland a Rumänien. Däitschland hat also eng preventiv Attack lancéiert fir eng Bolschewiséierung vun Europa ze verhënneren.

Wat am Hitler sengem Opruff opfält ass, wéi vill en op déi europäesch Dimensioun vum Kampf insistéiert huet. Den Zweck vum Ugrëff op d'Sowjetunioun war nämlech och der däitscher Dominatioun iwwer de Kontinent eng politesch a moralesch Legitimitéit ze ginn, Däitschland als Leader vun engem gëeenten Europa, an engem globale Kräizzuch géint de Kommunismus duerzestellen.

Zwiispälteg Gefiller

Waren d'Lëtzebuerger op déi antikommunistesch, groussdäitsch an europäistesch Rhetorik sensibel? Déi prodäitsch Minoritéit warscheinlech. Mee wann een de Rapporte vum Sicherheitsdienst gleewt, war d'Meenung vum Rescht vun der Bevëlkerung éischter zwiispälteg :

"Im Gegensatz zu Teilen der städtischen Intelligenz, die nur aus ihrer Einstellung gegen Deutschland heraus eine russlandfreundliche Haltung eingenommen habe, empfänden die Bauern und die Arbeiter vielfach den deutsch-russischen Krieg als eine Auseinandersetzung des Nationalsozialismus mit dem Kommunismus, d.h. zweier Weltanschauungen, denen sie aber fremd gegenüberstehen. Gefühlsmässig seien sie gegen den Bolschewismus, weil sie im Falle eines russischen Sieges die Bolchewisierung ganz Europas befürchten. In einem deutschen Sieg sähen sie daher das geringere Übel. In diesen Kreisen vertrete man vielfach die Ansicht, dass Deutschland genötigt war, gegen Russland vorzugehen, weil die UdSSR die lebenswichtigen Lieferungen nach Deutschland eingestellt hätte, Deutschland aber auf das russische Getreide und Öl unbedingt angewiesen sei. [...] Auch die klerikalen Kreise zeigen nach vorliegenden Meldungen dem deutsch-russischen Krieg gegenüber eine veränderte Haltung. Der Krieg im Osten werde von ihnen als Kampf des "Antichristen" gegen den "Antichrist" bezeichnet. Das Christentum, das aber England und die USA verkörperten, werde Sieger sein, nachdem sich die beiden heidnischen Kräfte gegenseitig zerfleischt hätten. In diesen Kreisen seien auch Bemerkungen zu hören, wie etwa: "Wenn die Preussen den Krieg gewinnen, dann muss der Herrgott selbst ein Preusse sein". Auch in den von der Geistlichkeit abhängigen bäuerlichen Kreisen werde die Hoffnung gehegt, dass es Russland gelingen möge, Deutschland niederzuschlagen. Den Schutz Europas vor dem Bolschewismus werde dann England gemeinsam mit den USA übernehmen."

Rout Linn

D'Synthees vum SD war an dësem Fall besonnesch onkloer, scho bal konfus. Dat war vläicht manner d'Illustratioun vun der Onfäegkeet vu sengen Agenten d'Attitüd vun der Lëtzebuerger Gesellschaft ze entzifferen, wéi den Ausdrock vun enger Ambiguitéit an dëser Gesellschaft.

D'Perspektiv, datt Däitschland dës nei Schluecht kéint verléieren, huet vill Lëtzebuerger gefall; datt déi Nidderlag der Sowjetunioun kéint profitéieren huet se trotzdeem och erschreckt. Ëmmerhi war den Antikommunismus an der Tëschekrichszäit extrem staark gewiescht.

An dann huet déi gréisst Angscht vun de Lëtzebuerger eng zentral Roll gespillt: d'Gefor am Krich fir Däitschland mobiliséiert ze ginn. Dausender ware bereet sech fräiwëlleg an der däitscher Arméi ze mellen, mee den obligatoresche Militärdéngscht war eng rout Linn, déi déi meescht Leit op kee Fall iwwerschreide wollten.

D'Méiglechkeet, datt déi Flicht kéint agefouert ginn, ass awer méi prezis ginn, éischtens well den NS-Regimm d'Lëtzebuerger wéi Däitscher betruecht huet, zweetens, well e sech grad an enger neier, an dowéinst ongewësser, militäresch Aventure engagéiert hat, drëttens, a méi konkret, well den RAD, de Reichsarbeitsdienst, eng Aart Virstuf zum Militärdéngscht, e puer Woche virdrun am besate Lëtzebuerg obligatoresch gi war.

Een Deel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft huet sech, mam Ufank vu Barbarossa, natierlech direkt a resolut an d'Resistenz engagéiert: d'Kommunisten. Eenzeler haten zanter dem Enn vum Summer 1940 un der Grënnung vu Resistenzorganisatiounen deelgeholl, d'Cheffe vun der KPL waren ënnergetaucht fir de Verhaftungen ze entkommen, mee d'Partei selwer huet net aktiv resistéiert soulaang den Hitler-Stalin-Pakt gülteg war. Elo war dat net méi de Fall.