Radioen

On air

Tockcity  |  Nas & DJ Premier - Define My Name

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jérôme Konen: "Mat 27 Joer gouf hien Direkter"

SOT EMOL

Jérôme Konen: "Mat 27 Joer gouf hien Direkter"

​Zanter 2015 ass de Jérôme Konen elo schonn Direkter vum Centre Culturel "Kinneksbond" zu Mamer. Dat sinn ewell aacht Joer, datt de Jérôme Konen d'Soen an dësem regionale Kulturzenter huet.

auto_stories

2 min

De Jérôme Konen hat deemools 27 Joer wou en Direktioun vum "Kinneksbond" iwwerholl, an datt elo schonn esou vill Joer vergaange sinn, iwwerrascht hien och selwer.

"Wann ech drun denke siwen oder bal aacht Joer, datt dat eng immens laang Zäit ass, mee déi awer wierklech verflunn ass. Ech mengen dat Schéinsten ass, datt et nach ëmmer opreegend bleift all Dag op d'Aarbecht ze goen an ech mäin Job nach ëmmer mat enger extrem grousser Passioun maachen"

"Et ware spannend aacht Joer"

De Jérôme Konen hat wéi gesot 27 Joer, an dann op emol esou vill Responsabilitéit ze kréien, war deemools schonn eng Erausfuerderung. De Jérôme Konen huet sech direkt mat alle Facetten, vun der Organisatioun, der Produktioun, der Teamleedung mussen ausernee setzen.

"Dat war spannend, een Challenge deen ech, mengen ech, mëttlerweil och maîtriséieren an dann dono natierlech esou kleng Imprevuë wéi eng Pandemie."

En harmonesche Mënsch

D'Teamleedung war fir hien eng Première, well hie selwer keng autoritär Persoun ass. Hien nennt sech selwer e ganz harmoneschen a pazifistesche Mënsch, huet dofir och léiwer, well se am "Kinneksbond" eng kleng Equipe sinn, dat Decisiounen zesumme kënne geholl ginn.

"Well ech mengen dat schweesst och zesummen. An dat motivéiert déi aner Leit och sech voll an hir Aarbecht an ze bréngen. Mee natierlech hunn ech awer och misse léieren, datt ech awer een Direkter sinn an datt ech heiansdo muss, vläicht och méi schwéier Decisiounen huelen an och dozou stoen."

Schonn ëmmer hannert de Kulisse geschafft

De Jérôme Konen war sech ëmmer sécher an der Kultur ze schaffen, artistesch an och organisatoresch, do ass Direktioun vun engem Centre Culturel sécher déi richteg Plaz. Mee esou op der Bün an der Luucht ze stoen, ass net esou säin Truc, éischter am Hannergrond.

"Ech hunn nach ëmmer hannert de Kulisse geschafft, ni op der Bün. Mee ech hunn inzenéiert, parallel dann awer och mat anere Kënschtler zesumme geschafft éischter op enger "Produktiounsebene". Et war mir ëmmer wichteg déi zwou Aarbechten zesummen aus ze liewen an ze kombinéieren."