Radioen

On air

Al Schanken  |  Russell, Calvin - All We Got Is Rock 'n' Roll

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Griichenland: Fiktioun a Realitéit

Mäin Europa

Griichenland: Fiktioun a Realitéit

D'Asylpolitik an Europa ass net ëmmer harmoniséiert a solidaresch. Dat weise mir um Beispill Griichenland: De Schutz vun unerkannte Flüchtlinge besteet do méi um Pabeier, wéi an der Realitéit. D'Maxi Pesch schwätzt mat engem irakesche Flüchtling, deen aus Griichenland fortgelaf ass, well hien net déi néideg medezinesch Versuergung krut fir ze iwwerliewen.

auto_stories

7 min

Viru véier Joer gouf den Abas Sharef am Irak ugeschoss an ass zanterdeem queeschschnëttsgeläämt. Am Rollstull, zesumme mat senger Mamm, huet hien déi geféierlech Rees iwwer d'Mëttelmier op sech geholl, fir an Europa ze flüchten.

Een Accident um Mier hätt seng Wonn nach méi schlëmm gemaach. "Ech hat dono eng oppe Wonn bis op d'Schanken. Virun 2016 war ech en normale Mann, mat engem gudden Job. Elo bekëmmert meng Mamm sech ëm mech."

E schwéieren Accès zur medezinescher Versuergung

Am September 2017 sinn déi zwee eegenen Aussoen no a Griichenland ukomm. Déi erhoffte medezinesch Versuergung hätte si do net kritt. A Griichenland wiere si an e Foyer bruecht ginn, an den Abas hätt déi ganzen Zäit eng oppe Wonn um Réck gehat, déi geblutt huet.

"Dat Eenzegt, wat si fir mech gemaach hunn, ass datt si mir Pëlle géint d'Péng ginn hunn. Kee Spidol wollt mir hëllefen, keen Dokter, an iergendwann krut ech souguer keng Medikamenter géint de Wéi méi. Meng Mamm huet sech ee Joer laang ëm mech a meng oppe Wonn gekëmmert, ouni professionell Ausbildung."

Eréischt am Mee a Juni 2018 kruten déi zwee eng subsidiär Protektioun vun de griicheschen Autoritéiten ausgestallt. Eng besser Accessibilitéit zur medezinescher Versuergung wier et doduerch net ginn.

Den Abas Sharef zesumme mat senger Mamm

Theoretesch hunn unerkannte Flüchtlingen zwar déi selwecht Rechter wéi déi lokal Populatioun, dem Dokter Anastasios Ifantis vu Médecins du Monde a Griichenland no wier d'Accessibilitéit zur medezinescher Versuergung an der Praxis schwiereg. Virop fir vulnerabel Persoune mat spezifesche Besoinen.

Gesondheetssecteur als éischte vu Spuermoossname betraff

Dat lescht Joerzéngt war et immens schwiereg fir de Gesondheetssystem a Griichenland. De Gesondheetssecteur war deen éischte Secteur, dee vun de Spuermesurë betraff war. Virop vulnerabel Persoune mat Behënnerungen hu Schwieregkeete fir Sozialhëllef ze kréien.

Flüchtlingen an Asyldemandeure kënnen dacks déi noutwendeg Taxen oder Medikamenter net bezuelen. Et géifen och guer net genuch Medikamenter am Land ginn an et hätt een e Manktem un Dokteren an Infirmieren, seet den Dokter Anastaios Infantis.

Och ee Rapport vum Europarot 2018 iwwer d'Situatioun vun de Refugiéen a Griichenland zeechent en däischtert Bild. D'Leit wieren dacks mat Schwieregkeete konfrontéiert, wann et ëm den Accès zur medezinescher Versuergung geet, zemools fir spezifesche Besoinen.

Flüchtlinge si mat ville Problemer konfrontéiert

Vill Flüchtlinge wieren och net gutt genuch iwwer de Gesondheetssystem am Land informéiert, esou den Dokter Anastasios Ifantis vu Médecins du Monde a Griichenland. Dobäi kéim d'Sproochebarrière, e Manktem un Iwwersetzer an, wéi och d'UNHCR festgestallt huet, wier dat medezinescht Fachpersonal net genuch iwwer d'Rechter an d'Kultur vu Flüchtlingen opgekläert.

Et misst ee verstoen, wéi ee sech vis a vis vun enger Fra aus Afghanistan oder aus Syrie behëlt, seet den Anastasios Ifantis.

"A Griichenland gëtt et keng esou eng Approche am Gesondheetssystem. Déi meescht Flüchtlinge kommen aus Länner, wou Krich herrscht. Vill vun hinnen hu Krichsverletzungen a sinn traumatiséiert. Mir hunn awer kee spezifescht Wëssen an och net d'Kapazitéit fir esou Fäll am nationale Gesondheetssystem ze traitéieren."

Medezinesch Behandlung zu Lëtzebuerg

Fir hire Fils ze retten hätt dem Abas Sahrif seng Mamm hien no engem Joer, am November 2018, aus Griichenland op Lëtzebuerg bruecht. Hei ass hien dunn direkt hospitaliséiert ginn. D'Versuergung, déi hien an der Klinik zu Lëtzebuerg krut, hätt hien ni am Irak, an der Tierkei oder Griichenland kënne kréien, zielt si. Zanter annerhallwem Joer ass den Abas zu Lëtzebuerg a Behandlung.

Dem Abas Sharef seng Wonn muss medezinesch versuergt ginn

Den Abas Sharef ass nach ëmmer a Behandlung a muss dräimol d'Woch an de Rehazenter. Säi Gesondheetszoustand wier den Dokteren no nach ëmmer kritesch. Den 20. Januar heescht et an engem medezinesche Rapport:

"Comme déjà noté dans les rapports précédents, son état uro-néphrologique reste extrêmement précaire avec de nombreuses anomalies constatées lors des examens paracliniques réalisés et ayant finalement motivé la mise en place d'une sonde sus-pubienne. Le dossier devra encore être rediscuté sur le plan chirurgical pour envisager d'autres possibilités thérapeutiques plus définitives, mais la situation reste extrêmement complexe et sujette à des complications importantes et fréquentes."

A weider:

"A ce stade nous poursuivons une prise en charge au Rehazenter à raison de trois demi-journées par semaine comprenant gymnase, kinésithérapie, musculation et ergothérapie. Le patient bénéficie également de passages en policlinique pour vérifier l'état cutané et adapter le traitement."

Demande fir international Protektioun

Zu gläicher Zäit hätten déi irakesch Famill eng Demande fir international Protektioun um Immigratiounsministère hei am Land gemaach. Mam Resultat, datt de Ministère d'Demande als irrecevabel erkläert huet. Eng Decisioun, déi hirersäits d'Verwaltungsgeriicht net acceptéiert huet. Op Basis vun enger Jurisprudenz vum Europäesche Geriichtshaff heescht et an der Conclusioun vun der Riichter:

"[Q]u'à défaut pour le ministre d'avoir suffisamment instruit la question de savoir si, en tant que bénéficiaire de la protection subsidiaire en Grèce, le demandeur peut bénéficier des soins médicaux nécessaires pour ne pas compromettre sa vie, la décision ministérielle du 22 août 2019 doit être annulée."

Der Jurisprudenz vum Europäesche Geriichtshaff no mussen déi lëtzebuergesch Autoritéiten an dësem Fall ënnersichen, ob e Retour a Griichenland kengen onmënschlechen oder erofloossenden Traitementer ausgesat ass. Dat, obwuel Griichenland de Flüchtlingen e subsidiäre Schutzstatus ubitt.

D'Demande gëtt eng zweete Kéier refuséiert

Zwee Méint drop, de 16. Januar 2020, deelt de Ministère op en Neits eng negativ Decisioun mat. Mam selwechten Argument, datt den Abas Sharef schonn e Statut a Griichenland huet, an datt seng medezinesch Problemer do kéinten traitéiert ginn.

E Schock fir de queeschschnëttsgeläämten Iraker. Säin hallwe Kierper géif permanent wéidoen, zielt hien. "Et deet nach méi wéi, datt ech a Griichenland net wéi e Mënsch behandelt gouf."

Den Abas Sharef hätt schonn dacks doriwwer nogeduecht sech d'Liewen ze huelen. "Wann ech zeréck ginn, da wäert sech mäi Gesondheetszoustand nees verschlechteren, soen d'Dokteren." Den Ament wier hien an engem Traitement, dat ee Suivi bräicht.

"Hei hunn ech d'Hoffnung, datt meng Péng besser gëtt, mental a physesch. A Griichenland wäert ech op der Strooss schlofe mussen."

Méi Solidaritéit

Fir den Dokter Anastasios Ifantis wier den Abas Sharef a Griichenland engem grousse Gesondheetsrisiko ausgesat, wann hie géif zeréckgeschéckt ginn, de Gesondheetssystem wier schwaach.

Vulnerabel Persoune mat Behënnerunge missten an ee Land kommen, dat d'Kapazitéiten huet fir dëse Besoine gerecht ze ginn, seet den Dokter vu Médecins du Monde, "eleng wéinst dem Respekt vis-à-vis vun de Mënscherechter."

Fir den Dokter Anastasios Ifantis wier et rational, wann déi Leit d'Chance géife kréie fir korrekt behandelt ze ginn an net zeréck a Griichenland geschéckt ginn. Souwuel den Abas Sharef, seng Mamm wéi och den Dokter Anastasio Ifantis fuerdere méi Solidaritéit tëschent den EU- Memberstaaten.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.