Kee vun eis wäert deen éischte Stee werfe kënnen, wann et ëm moralesch einwandfräi Handlungen geet. An awer schéngt d'Aschätzung eng aner, wann et ëm Persounen an offizielle Positioune geet. Et ginn verschidde Perspektiven: En Zaldot, deen a sengem Déngscht dozou verflicht ass, am Krisch, am Extremfall, ee Mënsch ze erschéissen. Den Doud vum Géigner ass dann net seng Schold, hien war net onmoralesch, hien huet "just' seng Flicht gemaach. Genee sou wéi den Offizéier, deen den Uerder ginn huet. Ähnlech verhält et sech zum Beispill mat méi oder manner verwerfleche Praktiken, déi mat "Staatsräson' legitiméiert ginn; sinn d'Oflauschteraktioun oder verschidden dubiéis wirtschaftlech Oofmaachungen "fir d'Land' tatsächlech onmoralesch? Wann Privatpersounen dëst maache géifen, wier et kloer géint d'Moral an och strofbar. Et schéngt also en Ënnerscheed ze ginn.
Dat heescht d'moralesch Verantwortung tëscht Privatliewen an ëffentlechem Déngscht variéiert?
Jo, et gëtt vun eis anescht ageschat. Wann de Politiker déi Tâche unhëllt, dem Land ze déngen, da muss e Kompromisser agoen: Seng privat Interessien zeréckstellen an d'Oneegennëtzegkeet vum Statut vun der staatlecher Amtspersoun unerkennen. Dat Perséinlecht muss vun der Ausféierung vun den ëffentleche Funktioune kloer getrennt ginn. Mëssbrauchen ech déi Muecht, déi ech duerch meng Positioun gewanne konnt fir meng eege Bedierfnësser, dann iwwerschreiden ech déi empfindlech Grenz tëscht perséinleche Restriktiounen an ëffentleche Flichten. D'Gesellschaft ass dann indignéiert, an d'onmoralesch Affär ëm d'Amtspersoun gëtt sou séier net vergiess.
Mee vergläicht ee sou Affären mat aneren moralesch problematesche Momenter, wéi lo beim Zaldot, schéngt d'Schold dann awer net bei der Eenzelpersoun selwer ze leien?
Effektiv, do huet si jo net eng perséinlech Décisioun geholl, mee eng Flicht oder een Uerder erfëllt. An der Politik schéngt d'Excuse, een ausféierend Organ vun enger staatlecher Institutioun ze sinn, eng Ofsécherung am Fall vu moralesch verwerfleche Situatiounen duerzestellen. Mee gëtt et eng Individualmoral, déi am Fall vun ëffentleche Positioune verwässert ka ginn? Oder gëtt et eng ëffentlech Moral, déi ganz depersonaliséiert ass, an d'agéierend Persoun selwer ass net betraff?
Ech denken et gëtt do keng absolut Äntwert, an eng komesch Zwiespältegkeet tëscht der moralescher Responsabilitéit am private wéi am staatleche Sënn bleift. Mee et stelle sech wichteg Froen, déi fir eis all relevant sinn: Wat ass Moral? Ënnerscheed sech d'Moral "fir mech" vun där, déi ech als ëffentlech vertriedbar aschätze géif? Dat si Froen, déi zur Basisanalys vun all Deontologie-Codex gehéieren, an et wier duerchaus interessant gewuer ze ginn, wéi déi ëffentlech Sphär se am rezente Kontext beäntwere géif.