Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gaalgebierg

Flouernimm

Gaalgebierg

Op ronn 80 Plazen sollen hei am Ländche Leit um Gaalgen higeriicht gi sinn, an dat nach bis un d'Enn vum 18. Joerhonnert. Kee Wonner, datt de Flouernumm "Gaalgebierg" a ville Gemengen uechter d'Land nach unzetreffen ass.

auto_stories

4 min

Zanter dem 13. Joerhonnert goufe Leit ëmmer méi op enger bestëmmter, fester Plaz, ëffentlech higeriicht. No an no goufen do sougenannte "Gaalgentiermecher" opgebaut, dat aus ganz prakteschen, mee virun allem awer fir ofschrecken.

Op där enger Säit huet de Vollstrecker esou mam Opriichte vu sengem Handwierksgeschier net ëmmer vu vir missen ufänken. Dacks koumen do jo nieft engem Gaalgen och nach e schwéiert Rad oder en décke Poul mat an d'Spill. Op där anerer Säit goufen dës Plaze gären op Duerfgrenzen, nieft staark frequentéierte Weeër a Kräizungen, op Hiwwelen oder Knuppe festgeluecht, fir datt och jiddweree se gesäit, an deemno onfeelbar op déi ofschreckend Strofen aus dëser Géigend opmierksam konnt gemaach ginn. Déi sougenannten Hoheitsgebidder vun alen Herrschafte konnten esou markéiert ginn. Dës Grenze sinn iwweregens haut nach zimmlech gutt ze erkennen, well d'Gemengen, déi jo no der franséischer Revolutioun hei ageféiert goufen, dës Grenzen gären emol iwwerholl hunn.

Gaalgebierg, Faulesaang, Faulebierg, Faulert, am Schënner, Schënngruef

Déijéineg, déi higeriicht goufen, goufen dann och dacks laang Zäit um Gaalgen hänke gelooss, an der Verweesung, respektiv den Hënn, Kueben, Kréien an anerem Gedéiesch iwwerlooss. De Geroch, deen dobäi entstanen ass, kéint een deemno och als Doftmarken ugesinn, wéi een dat éischter vun Déiere kennt, fir en Herrschafts-Revéier ze markéieren an duerch de Geroch ofzegrenzen.

D'Läiche sinn da spéider direkt ënner dem Gaalgen, oder net wäit dovun ewech, ënnergeschäert ginn. Deemno deiten och haut nach Flouernimm wéi de Kuebebierg zu Eech oder de Kréienacker zu Garnich op Plazen hin, wou fréier emol higeriicht gouf. Zu Steesel a Walfer gëtt et haut nach de "Faulesaang", zu Mertert de "Faulebierg" an zu Dikkech de "Faulert" - alles Flouernimm, déi un déi faul Äerd vu ënnergeschäerte Läichen erënneren. An och Nimm wéi "am Schënner", zu Kielen an zu Hollerech, oder de Schënngruef zu Réiser, wou zwar meeschtens just Kadaver vun Déiere geschënnt goufen, weisen drop hin, datt net wäit ewech vläicht emol e Gaalge stoung.

Wann ee sech dat alles virun Aen hält, sech déi al Stroossen- a Landschaftskaarten an haaptsächlech den Urkataster vun eisem Land, deen ufanks vum 19. Joerhonnert vun de Fransousen opgestallt gouf, méi genee ukuckt, da ginn et zu Lëtzebuerg ronn 80 kloer an däitlech Hiweiser op Plazen, wou an der Zäit emol e Gaalge stoung an higeriicht gouf. De Flouernumm "Gaalgebierg", wéi mer e vun Esch, Keel, Sëll oder och nach Réimech hier kennen, ass dobäi natierlech am eendeitegsten.

D'Seeche vum Réimescher Gaalgebier

Um Enn bleift dann nach ze soen, datt ëm dës ëffentlech Hiriichtungen, bei deenen och mol Hexe verbrannt goufen, och vill Seeërcher entstane sinn, déi, zu enger Zäit, wou déi mëndlech Iwwerliwwerung nach wonnerbar geklappt huet, och dacks als Ofschreckung hu missen duerhalen. Wéi dës "Seeche vum Réimescher Gaalgebierg", fräi iwwersat aus dem Nikolaus Gredt sengem Buch "Sagenschatz des Luxemburger Landes": Um Gaalgebierg zu Réimech, do wou elo d'Gipsgrouf ass, loung vu laanger Zäit emol en décke, breede Steen. Genee do, wou och de Gaalgen fréier stoung. Aus dësem Steen, deen elo allerdéngs net méi do ass, ass soss mol d'Blutt vun deenen erausgefloss, déi do higeriicht goufen. An all Joer um Saint Martins Dag, wann d'Nuecht däischter an ouni Stäre war, an daagsiwwer an der ganzer Géigend keen ee Kueb ze héieren, da koum dat Blutt och nees aus dem Steen eraus, an huet souguer an der Nuecht geliicht, wéi e grousst Feier.

Dëst Blutt war nämlech vun engem Mäerder an Déif, deen an der Zäit déi ganz Géigend onsécher gemaach hat, bis hien engesdaags gepaakt an higeriicht gouf. De Mëller hat hie vu senger Kar geheit an d'Miel mat de Päerd geklaut. Dem Hannes vu Beieren hat hien am Bësch opgelauert an doutgeschloen, wéi dee mat all senge Suen heem wollt goen. De Leit hat hien d'Haiser iwwer dem Kapp ugefaangen a villes méi och nach gestuel. Ma alles, wat dëse Mäerder a sengem Liewen ugestallt hat, sollt hie bis zum Dag vum jéngste Geriicht routgliddeg an der Hand festhalen, esou datt och säi Geescht als Strof ni zur Rou sollt kommen.
Op Saint Martin geet dem Mäerder säi Geescht bis haut nach ëm, jéimert a beklot sech. An de Stee gëtt dann och dem Mäerder säi Blutt vu sech, dat esou hell liicht, wéi e Feier, a vun all Mënsch scho vu wäitem ka gesi ginn. A wien dann net séier e Gebiet opseet, dee kënnt d'Feier sichen a bréngt esou vill Leed, datt deejéinegen genee esou verluer bleift, wéi de Mäerder.