Radioen

On air

Notturno  |  The The - This Is The Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dréisch an Dréischer

Flouernimm

Dréisch an Dréischer

De Flouernumm vun dëser Woch ass Dréisch oder Dréischer. Et kéint een och Frichen oder ganz einfach Brooch oder Broochland soen, mee do ginn et awer landwirtschaftstechnesch gesi fein Ënnerscheeder.

auto_stories

2 min

Mam Wuert Brooch gi gemengerhand Felder bezeechent, déi eng Zäit net benotzt ginn. An der Zäit vun der Dräifelderwirtschaft war d'Brooch dat Feld, dat ee Joer roue gelooss gouf, fir sech ze regeneréieren. Spéider gouf den Ausdrock och gebraucht fir allgemeng en onbenotzten Terrain ze bezeechnen.

Och dat franséischt Wuert Friche ass dofir dacks gebraucht ginn, dat mer hei zu Land haut dann nees éischter fir eng Industriezon benotzen, déi souzesoe brooch läit, wéi zum Beispill d'Frichë vun Esch/Belval.

Wann dann awer op esou engem onbenotzten Terrain oder Feld sech schonn nees eng Vegetatioun breet gemaach huet, mat Straicher, Blummen, déi wëll wuessen, a gären och mat vill Onkraut, da gëtt allerdéngs vun enger Dréisch geschwat.

Vun der Landwirtschaft an de Bauperimeter

Dëser Brooche fënnt een natierlech uechter d'ganzt Land. A well op Lëtzebuerger Buedem nach ëmmer vill Landwirtschaft bedriwwe gouf, sinn d'Flouernimm Dréisch an Dréischer och iwwerall unzetreffen, obschonn op dëse Plazen net ëmmer Broochland läit.

Dacks huet sech nämlech de Bauperimeter vun enger Gemeng an der Zäit geännert, vergréissert, an op esou Felder goufe Privat- an Appartementshaiser gebaut, et steet haut vläicht souguer eng Aktivitéits- oder Industriezon do.

Et ginn der vill uechter d'Land

Mee nawell, d'Flouernimm Dréisch an Dréischer si bestoe bliwwen, an et fënnt ee se, wéi gesot, op ganz ville Plazen uechter d'Land erëm. "An den Dréischer" heescht et zum Beispill zu Keel an zu Monnerech, "Kuurz Drésicher" zu Leideleng, an "Op den Dréischer" zu Esch an zu Walfer. Mee och déi éischter däitsch Versioun "Driescher" ass gären emol unzetreffen, wéi zum Beispill zu Sëll, Biekerech, oder och nach zu Feelen.

A wéi sou dacks kommen eis Lëtzebuerger Wierder Dréisch an Dréischer dann och aus dem Däitschen, wou d'Ausdréck Dreesch, Dreisch an Driesch bis haut och nach erëmzefanne sinn, an etymologesch bis an d'12./13. Joerhonnert zeréckverfollegt kënne ginn. Dröge, also trocken, genee esou wéi dat englescht Wuert dry hunn deemno déi selwecht Virgänger wéi eist Wuert dréchen, respektiv eis Flouernimm Dréisch an Dréischer.