Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et war mir wichteg, eppes zeréckzeginn"

Sot emol ...

"Et war mir wichteg, eppes zeréckzeginn"

D'Françoise Poos huet virun 20 Joer zu New York gelieft an huet d'Attentater vum 11. September 2001 materlieft. Mëttlerweil ass si Direktesch vum Kulturprogramm vun Esch 2022 a wëllt als Minetter eppes zeréckginn.

auto_stories

3 min

D'Françoise Poos huet 2001 zu New York gewunnt, wéi d'Attentater vum 11. September waren. Als Korrespondentin fir de radio 100,7 huet si fir de Panorama dräi Stonnen, nodeems den éischte Fliger an den éischten Tuerm geflunn ass, hir Andréck vun Deem Dag erageschéckt.

"Wat duerno geschitt ass, dofir ginn et keng Wierder. Fir d'éischt ass géint zéng Auer de Südtuerm zesummegebrach a virun enger gudder Stonn och deen zweeten. Dat heescht d'Twin Towers sinn aus der Skyline vu Manhattan verschwonnen. De Buergermeeschter Rudi Giuliani huet d'Awunner opgeruff roueg ze bleiwen an de Secteur ze evakuéieren. All d'Flughäfen aus dem Land si gespaart, dat ass et nach net ginn, an déi international Volle ginn iwwer de Kanada geleet. Dat ass et nach net ginn, esou sinn d'Commentateuren an d'Journaliste sech eens, eng terroristesch Attack vun dësem Ausmooss, géint déi och kee "missile filed" effikass ass. Esouwäit vu New York zeréck op Lëtzebuerg."

Den Dag vum 11. September 2001, an déi domadder verbonne Biller ginn der François Poos net méi aus dem Kapp.

D'Pandemie huet villes erschwéiert

D'Françoise Poos huet zu Stroossbuerg Literatur studéiert, dunn an England Bildwëssenschaft an zu New York Fotografie. Aktuell ass d'Françoise Poos Direktesch vum Kulturprogramm vun Esch 2022, an ass matten an der Pandemie an de Projet geklommen.

Esch 2022 wier zwar eng vergänglech Kulturinstitutioun, mee et wier eng Kulturinstitutioun déi een hätt missten opbauen. An der Pandemie hätt ee misste vun engem Dag op den aneren ëmswitche fir an den Homeoffice ze goen. D'Projete fir Esch 2022 wieren esou online opgebaut ginn.

"Ech mengen duerch d'Pandemie ass et komplizéiert gi fir bestoend Haiser de Public nees zeréck ze kréien. Et dierf ee sech näischt virmaachen, de Public huet aner Gewunnechte kritt, e geet net méi esou einfach an de Kino oder op e grousse Concert. Mee et kann ee ganz vill aus der Pandemie léieren, wéi kann ee mateneen iwwer Distanz kommunizéieren, wéi een trotzdeem kann zesumme schaffen, a wéi ee virun allem och déi nei Technologie gebrauche ka fir engem ze hëllefen. Dat ass mengen ech eng vun deene grousse generellen Erkenntnisser."

D'Françoise Poos ass net nëmme fir Esch 2022 engagéiert, si ass den Ament och Presidentin vum Verwaltungsrot vu Neimënster, dem Centre Culturel et de Rencontres, deen - nieft der Pandemie - méi rezent wéinst den Iwwerschwemmunge gelidden huet.

Ee Minettsdapp

D'Françoise Poos krut de Minett souzesoen an d'Wéi geluecht: si ass aus dem Minett a kennt d'Industriekultur, souwuel d'Mentalitéit aus dem Süden.

"Ech si vun Téiteng. Téiteng ass jo och mat der Gemeng Keel een Deel vun der Kulturhaaptstad. An deem Sënn war et mir wichteg eppes zeréck ze ginn, Erfarunge mat ze bréngen, och meng Passioun fir Kultur an natierlech fir déi Géigend."

De Minett hätt en immenst Potential a wier schonn ëmmer op gewiescht fir alternativ Kultur. Fir d'Françoise Poos ass et deemno flott, fir bei esou engem Projet kënne matzeschaffen: et géif een d'Transitioun vun der Géigend a vun der Industriegesellschaft duerch déi digital Revolutioun erliewen - grad op Belval wier dat ganz materiell siichtbar. "Sech do mat anzebréngen ass ganz flott", esou d'Françoise Poos.