De Steve Schwartz ass eigentlech Beruffsgäertner a schafft zanter ronn 30 Joer an deem Beruff. Zanterhier ass hie bei der Stater Gemeng am Service des parcs engagéiert a këmmert sech zanter bal 20 Joer ëm de Klouschtergaart.
"Zanter e puer Joer schafft d'Gemeng och elo mat mir a mengem private Projet zesummen. Ech ginn hinnen u sech d'Ausgangsmaterial, d'Geseems aus mengem Projet fir de Klouschtergaart. Natierlech ass do och d'Wëssen an de Know-How mat am Package dran."
Ales, Neies an Zukünfteges sammelen an erhalen
Mat deene modernen Zorte kéint an dierft hien u sech keng Weiderziichtung maachen, well et engersäits technesch net méiglech wier. Anerersäits op ville Zorten e Patent drop wier.
"D'Leit mengen ëmmer, ech géif al Zorten erhalen. Dat stëmmt net ganz. Ech hu léiwer de Begrëff traditionell, somfest Zorten aus deenen ech da mäi Geseems kann hierstellen."
De Steve Schwartz begeeschtert sech awer och dofir, nei Ziichtungen ze maachen.
"Am Kräizschouschteschgaart gëtt u sech Ales, Neies an Zukünfteges erhalen, respektiv gesammelt."
Et kéint een haut net wëssen, wéi eng Notzplanzenzorten an Zukunft wichteg gi fir ze iwwerliewen. Dat ass ee vun de Grënn, wisou et dem Steve Schwartz wichteg ass, d'Zorten ze erhalen a weiderzëentwéckelen.
"Mat deenen traditionellen Zorte kann ee sech vill besser fir d'Zukunft wappnen. Déi agroindustriell Landwirtschaft setzt dacks alles op eng Kaart."
Dee System wier vulnerabel a liicht ugräifbar, esou de Steve Schwartz.
"Zanter Dausende vu Joren hunn d'Baueren, d'Gäertner oder och Privatleit hiert d'Geseems iwwer de Gaardenzonk matenee getosch. Mir mussen eis enorm dofir asetzen, datt eis dat Recht net ewech geholl gëtt."
De Steve Schwartz bedauert, datt déi nohalteg, regional Vermaartung ëmmer méi verschwënnt an duerch déi net nohalteg global Mäert ersat ginn. An deem Sënn kéint ee vun enger sougenannter "genetescher Erosioun" schwätzen, also der Bedrohung vun der Liewensmëttelsécherheet an Ziichtung, duerch déi d'Souveränitéit vum Geseems um Spill steet.
Déi "gréisste privat Notzplanzesammlung am Eck"
Op iwwer 30 Ar baut de Steve Schwartz Planzen un, vun deenen hien u sech just d'Geseems ziicht. Et ass déi "gréisste privat Notzplanzesammlung am Eck." Iwwer 600 Zorten huet de Steve Schwartz a senger Notzplanzen-Sammlung an nach vill méi am Tiefkühler gelagert.
De Steve Schwartz bedreift mat sengem Engagement eigentlech och Fuerschungsaarbecht. Doduerch, datt hie verschidde Sorten déif gekillt a gelagert huet, kann hien analyséieren, wéi se sech zum Beispill iwwer zéng Joer weiderentwéckelt huet.
All Joer gi ronn 100 Zorten a sengem Gaart no biologesche Krittären ugebaut a weider geziicht.
Mat sengem Engagement, dem Erhalt an der Weiderentwécklung vun traditionellen, somfesten a lokal ugepassten Notzplanzen, dréit de Steve Schwartz vum Kraizschouschteschgaart e groussen Deel zum kulturhistoresche Patrimoine bäi.
"Ech maachen dat hei jo net nëmme fir meng Zukunft oder déi vu menge Kanner. Et ass eigentlech e Projet fir d'Allgemengheet. Dat hei ass u sech d'Liewensversécherung vu Lëtzebuerg an der Groussregioun, wann een et elo e bëssen iwwerspëtzt wëllt formuléieren."
An de leschten 100 Joer ass méi wéi 70 Prozent vun der Notzplanzevillfalt verschwonnen, seet de Steve Schwatz. Traditionell, somfest a lokal ugepassten Zorte géifen ëmmer méi duerch modern an net méi nobaubar Héichleeschtungssorte verdrängt ginn. Deem wëllt hien entgéint wierken a sech net just doriwwer opreegen, mee "eppes maachen".
Eppes fir d'Allgemengheet maachen
Hie weist op säi méi wéi 30 Ar grousse Gaart, wou hien déi traditionell Notzplanze fir hiert Geseems ziicht a seet:
"Hei ass elo d'Resultat dovun. D'Kanner soen ëmmer: 'Et ass e Schatz, deen de Pappa do uewen huet. Jo, dat ass et eigentlech och."