Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëffentlech Meenung

Prisma

Ëffentlech Meenung

Opgrond vun de grousse politesche Revolutioune gouf d'Demokratie gär als Massephenomen interpretéiert. Et sollt een denken, datt spontan Massebeweegungen d'Adelsherrschaft ofgeschaaft hunn an och nach de Kapitalismus mat engem Knall ofschafen. Mee nach Jore virum Antonio Gramsci huet de franséische Soziolog Gabriel Tarde dorop higewisen, wéi weesentlech déi ëffentlech Meenung am Erbäiféieren a Bestoe vun der Demokratie ass.

auto_stories

6 min

Demokratie soll d'Herrschaft vum Vollek heeschen. Hei wier et selbstverständlech onëmgänglech déi verschidden Termë vum Vollek a vun der Herrschaft ze präziséieren. Well vun deenen Definitiounen hänkt de Sënn vun Demokratie entscheedend of. An déi Bedeitunge kënnen, wéi geschichtlech bekannt, zimmlech verschidden an esou guer entgéintgesat ginn.

En politeschen Entscheedungsprozess an enger oppener an ëffentlecher Diskussioun vun enger aktiver Populatioun gëtt zu Recht Demokratie genannt. Mee geschichtlech konnte ganz am Contraire och d'Diktature vun enger gesellschaftlecher Klass, oder esou guer vun enger Partei, déi sech selwer als Wëlle vun der Populatioun am allgemengen duerchsetzt, konnten sech als Demokratie am begräifen.

Ee Massephenomen

Ouni weider op déi Komplikatiounen an ze goe, well ech vun engem gesellschaftleche Phenomen schwätzen, dee weesentlech ass fir ons modern Demokratien.

Modern Demokratië sinn am 17. an am 18. Joerhonnert entstanen als Géigebeweegung géint Adelsherrschaftschen a Feudalregime déi nom System vu Privileegie funktionéiert hunn. Modern Demokratië sinn entstanen aus dem Refus déi politesch Muecht op Gebuert, op Traditioun, oder op e presupposéierte Wëlle vu Gott ze stäipen.

Well d'Souveränitéit vum Staat a sengem Territoire bei alle Bierger leie sollt, gouf d'Demokratie zum Massephenomen. Dohier koum et och dat déi éischt Denker vun der Soziologie an der Sozialpsychologie sech un de Massephenomener interesséiert hunn. A verschiddener vun hinnen hunn nach bis an dat fréit 20. Joerhonnert geduecht, datt Massephenomener en weesentlech Medium vun de modernen Demokratië sinn.

Zwar sollten déi 2 Weltkricher dëser Perspektiv deels Recht ginn. An trotzdeem ënnerlouchen déi Auteuren och enger Iwwerschätzung vun de Massen an de modernen Demokratien.

En Auteur, dee leider nieft dem geschichtleche Succès vum franséische Papp vun der Soziologie, dem Emile Durkheim, a Vergiessenheet geroden ass, huet 1901 en Artikel verëffentlecht, deem seng Aktualitéit nach ëmmer erstaunlech bleift. Et handelt sech ëm de Soziolog a Sozialpsycholog Gabriel Tarde.

Nach virum Radio, virun der Televisioun, virun de Massemedien am Allgemengen an den soziale Medien am Speziellen, huet de Gabriel Tarde e puer Iwwerleeungen iwwer déi ëffentlech Meenung an d'Presse verëffentlecht, déi trotz allen politeschen, geschichtlechen an technologeschen Ännerungen och haut nach erstaunlech zoutreffend sinn.

D'geeschtegt Band vum Publikum

De Gabriel Tarde hat nämlech geduecht ze verstoen, dat d'Zukunft vun der Demokratie net de Massen, an de Massephenomener gehéiert, mee deem wat hien de Publikum genannt huet, a wat spéider als Ëffentlechkeet, oder ëffentlecher Sphäre benannt gouf. Et sinn net méi déi spontan Massebildungen, déi vu kuerzer Dauer bleiwen, wéi bei vun de Revolutiounen an den ëffentleche Manifestatiounen, déi Politik an der Demokratie am déifste bestëmmen, mee déi ëffentlech Meenung.

Déi ëffentlech Meenung, déi den Blaise Pascal am 17. Joerhonnert schonn d'"reine du monde" genannt huet, ass dat geeschtegt Band vum Publikum, oder vun der Ëffentlechkeet.

Contrairement zu de Massen, ass en Publikum dauerhaft, berout net op kierperlecher Proximitéit, a ka belibeg ausgedeent ginn. De Publikum berout op der Fiktioun vun enger "geeschteger Gemeinsamkeet", vun enger "imaginärer Communautéit".

En demokratescht Regime besteet dann aus enger ganzer Rei vun esou Zorte vu Publikumen. All Publikum, esou den Tarde, stellt eng kleng Welt fir sech, e klenge gesellschaftleche Mikrokosmos duer. Et héiert een hei schonn dem Pierre Bourdieu seng Iddi vun de "sozial Felder" am gesellschaftleche Raum ukléngen.

D'Leit aus engem Publikum erkennen sech ënner sech, si sympathiséiere mateneen, si liesen dat nämmlecht, denken dat nämmlecht, an doen sech oft d'nämmlecht un an iessen esou guer dat nämmlecht, observéiert den Tarde.

Konkurrenz tëschent de Publikums-Meenungen

Zesumme gehale gëtt all Publikum awer virun allem duerch eng gemeinsam Meenung: dat heescht duerch gedeelten Iwwerzeegungen an Ideologien. All Publikum ass esou also den Uert vun enger "ëffentlecher Meenung", an déi gesamtgesellschaftlech "ëffentlech Meenung" entsteet aus der Konkurrenz vun den eenzele Publikums-Meenungen eraus.

Wou kommen awer elo déi ëffentlech Meenunge vum Publikum hier? De Gabriel Tarde, weist, grad esou wéi de Jürgen Habermas 60 Joer méi spéit, dat se fir d'éischt an de Kaffishaffer an de Salone vun der Bourgeoisie, an de Caféë vun den Aarbechter entstane sinn.

Mee bedeitend méi wichteg ass nom Gabriel Tarde de Rôle vun den Zeitungen. Et ass eréischt duerch d'Zeitunge wou ëmmer méi grouss Gruppe vun Individuen, déi net emol direkt a Kontakt ze stoe brauchen entstinn, wou déi "communauté d'esprits" entsteet, déi e politesch relevante Publikum ausmécht.

D'Roll vun de Medien

Wann déi modern Demokratien duerch déi ëffentlech Meenung bestëmmt ginn, a wann déi ëffentlech Meenung weesentlech duerch d'Press, a soe mer dobäi d'Massemedie bestëmmt ginn, dann ass d'Wichtegkeet vun dëse Medie kaum ze ënnerschätzen. De Journalismus ass haut selbstverständlech längst net méi déi eenzeg Quell vu solch ëffentleche Meenungen.

Mee wat den Tarde beim Journalismus gesäit, gëllt selbstverständlech och fir déi aner Medien, fir de politesche Marketing, an deels esou guer fir d'Technike vun de Sondagen, déi den amerikanesche Psycholog George Gallup populariséiert huet.

Et gëtt nämlech, esou de Gabriel Tarde, eng Wiesselwierkung tëscht dem Journalismus an der ëffentlecher Meenung. De Journalist, de Publizist huet eng dauerhaft, a systematesch Wierkung op säi Publikum. An deem Sënn erschaaft hien sech esou guer säin eegene Publikum iwwer d'Zäit.

Mee ëmgedréint, versicht de Journalist och sengem Public ze gefalen. Déi ëffentlech Meenung wierkt also och hirersäits op den Journalist zeréck, deen, esou den Tarde, mat allen Mëttele versicht sengem Public, a senger Meenung Rechnung ze droen an ze gefalen.

"[...] le journaliste cherche à lui plaire et à le retenir" schreift den Tarde, an zwar nom Thermometer vun den Abonnementer an den Désabonnementer: "le public, après tout, n'est qu'une espèce de clientèle commerciale".

Hei ass vun Ufank un ugeluecht, wat mer haut eng "Media Bubble" nennen. Esou deklinéiert sech also déi ëffentlech Meenung vun Ufank un an der Wiesselwierkung tëscht Medien a Public zu Meenungs-Blosen.

Homogeniséierung vun der ëffentlecher Meenung

Dozou schreift de Gabriel tarde schonn 1901: "L'homme d'un seul livre est à craindre, a-t-on dit; mais qu'est-ce auprès de l'homme d'un seul journal!"

Wat den Tarde awer nach net gesi konnt, ass dat ënner dem Konkurrenzdrock och d'Medien selwer d'Tendenz hunn sech ze homogeeniséieren. An dat ass dann nach méi geféierlech fir eng Demokratie: mat der Eendimensionalitéit vun de Medien ass nämlech dann och d'Eendimensionalitéit vun der ëffentlecher Meenung schnell erreecht.

Wann awer d'Meenungs-Villfalt sech verdënnt, oder ganz verschwënnt, dann ass et mat der Demokratie och net méi wäit hir. Hei entsteet nämlech eng Perspektiv op d'Méiglechkeet vun deem, wat den israeleschen Historiker Jacob Talmon "messianesch" oder "totalitär Demokratie" genannt huet.

Eng totalitär Demokratie wier en System, wou d'Volleksvertrieder zwar nach duerch Wale selektionéiert ginn, mee wou déi ëffentlech Meenung esou eng homogen Form ugeholl huet, dat se zum allgemeng gedeelten Dogma ginn, deen da just nach plebiszitéiert ze gi brauch.