Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Rouer fir déi nächst 100 Joer

Ofwaasser

E Rouer fir déi nächst 100 Joer

Vun dëser Woch u gëtt all d'Ofwaasser aus der Stad Lëtzebuerg an aus de Gemenge ronderëm vun der aler Kläranlag zu Bouneweg an d'Beggener Kläranlag bruecht. An den 90er Jore goufen d'EU-Norme fir d'Ofwaasser an d'Luucht geschrauft. Doropshi gouf decidéiert, just nach eng grouss Kläranlag ze bedreiwen, déi dësen Oplage konnt gerecht ginn. D'Kläranlag zu Beggen ass elo déi gréissten am Land.

auto_stories

2 min

Fir d'Ofwaasser bei déi nei Kläranlag ze transportéiere gouf en neie Rouer geluecht, dat vu Bouneweg ënner de Verluerekascht duerchgeet, bei der Péitruss erauskënnt a vun do aus ënner der Uewerstad an de Pafendall geet. Vun do u leeft de Rouer parallel zur Uelzecht bis op Beggen.

Am Uelzechtdall leeft de Rouer ongeféier 15 Meter ënner dem Buedem, zielt de Patrick Licker, Direkter vum Kanalisatiounsservice vun der Stad Lëtzebuerg. Ënner der Place d'Armes verleeft de Rouer 60 Meter ënner dem Buedem.

Ee komplizéierte Chantier

D'Joer un dësem Rouer hunn aacht Joer gedauert, e bësse méi laang, wéi ursprénglech geplangt, seet de Patrick Licker. Tunnelbau wier virun allem Geologie, an do wieren et Schwieregkeete ginn. De Sandsteen hätt vill Problemer mat sech bruecht.

Dee neie Kanal huet e Gefäll vun dräi Millimeter op de Meter iwwer déi ganz Längt. Sou muss d'Waasser néierens dotëscht gepompelt ginn. De Rouer selwer ass esou grouss, datt een dra stoe kann: en huet en Duerchmiesser vun zwee Meter.

D'Capacitéite ginn net duer

D'Kläranlag zu Beggen huet d'Capacitéit fir d'Ofwaasser vun 210.000 Awunner, mee et sinn net just d'Awunner, déi hei ugeschloss sinn. D'Industrie an d'Bürosgebaier, wou daagsiwwer Leit vun ausserhalb schaffe kommen, produzéieren och Ofwaasser.

D'Kläranlag géif dowéinst momentan "permanent mat Vollgas" lafen, seet de Patrick Licker. Et wier ee wierklech un der Limitt an u verschiddenen Deeg géif ee souguer driwwer leien. Trotzdeem géif een et dee Moment fäerdeg brénge sech un déi virgeschriwwe Grenzwäerter ze halen.

Eng nei Kläranlag fir 450.000 Awunner

Fir deem entgéint ze wierke gëtt d'Kläranlag ausgebaut fir d'Ofwaasser vu 50.000 weideren Awunner opzefänken. Et ass awer virauszegesinn, datt dat et duer wäert goen. D'Etüde wieren ëm d'Joer 2000 gemaach ginn an deemools hätt sech nach net ofgezeechent, datt d'Bevëlkerung esou vill wäert wuessen.

Dofir soll eng nei Kläranlag gebaut ginn, déi d'Capacitéit huet fir d'Ofwaasser vu 450.000 Awunner opzefänken. Dëse Projet soll Mëtt Oktober dem Schäfferot vun der Stater Gemeng virgestallt ginn a soll eng 200 Milliounen Euro kaschten.

Déi geplangte Kläranlag soll 2028 a Betrib geholl ginn a mat enger neier Technologie funktionéieren. Doduerch sollen déi méi héich Grenzwäerter erfëllt ginn an och Nano-Schuedstoffer a Réckstänn vu Medikamenter aus dem Ofwaasser erausgefiltert ginn.