Radioen

On air

Al Schanken  |  Stephen Bruton - Make That Call

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E klassesche Schreiffeeler

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

E klassesche Schreiffeeler

ob oder op? E klassesche Schreiffeeler beliicht vun der Linguistin Caroline Döhmer aus dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

auto_stories

4 min

Simon Larosche: Als alleréischt, vill Gléck am neie Joer!

Caroline Döhmer: Villmools Merci! Ech wënschen dir an de Leit dobaussen natierlech och alles Guddes fir 2021!

A mir fänken u mat Orthografie?

Jo, haut geet et ëm en heefege Schreiffeeler, deen ech awer grammatesch kann erklären. Also dacks mécht een e Feeler net méi, wann een erkennt, wéi d'Wierder an dësem Fall am Saz fonctionéieren.

Wourëm geet et dann?

Et geet ëm den Ënnerscheed tëschent "ob" (mat <b>) an "op" (mat <p>). Dat gëtt nämlech vill verwiesselt, obwuel et zwee ganz verschidde Wierder sinn, déi och grammatesch zu anere Kategorië gehéieren.

Also deen een ass jo mat <b> an deen anere mat <p>, firwat klénge se dann allebéid wéi <p>?

Gutt Fro! D'Ennverhäerdung mécht, datt déi zwou Formen d'selwecht kléngen.

Ennverhäerdung. Dat seet mer eppes!

Mir haten d'Ennverhäerdung scho beschwat, do gi Konsonanten, déi eigentlech mëll geschwat ginn, um Enn vum Wuert haart geschwat, eeben ennverhäert: Also et ass "erlaben", mee "erlaabt", "midden", awer "midd".

An dat ass och de Fall bei "ob", et gëtt geschriwwen: <o-b>, geschwat awer <o-p>, well et ennverhäert ass. An dofir gëtt et eebe vill mat der Prepositioun "op" verwiesselt.

Wat kann den "ob" mat <b> dann alles sinn?

Den "ob" mat <b> ass eng Niewesazaleedung. Se steet um Ufank vun engem Niewesaz. Well den "ob" en Niewesaz aleet, hänkt en och am Prinzip vun dengem Haaptsaz of: Ech froe mech, ob mer haut fäerdegginn. Ob mer matginn, wollt hatt wëssen. Do stinn dann och meeschtens Äusserungsverben am Haaptsaz (soen, froen).

An den ob-Saz kann ëmmer mat "wat" gefrot ginn: Wat froen ech mech? Ob mer fäerdegginn. Wat wollt et wëssen? Ob mer matginn.

Inhaltlech dréckt en ëmmer eng Optioun aus, also ob eppes Bestëmmtes de Fall ass. An et gëtt eng Jo-Nee-Äntwert erwaart, well "ob" (mat <b>) eng indirekt Fro aleet.

An den "op" mat "p"?

Den "op" mat <p> ass eng Prepositioun. Hannerum "op" steet ëmmer en eenzelt Bezuchselement, also eng Nominalphras: op der Wiss, op der Këscht. Oder e Pronomen: op wat.

Déi stinn dann op verschiddene Plazen am Saz, am Haaptsaz oder am Niewesaz:

  • Ech hu keng Kéi op der Wiss gesinn.
  • Op d'Vakanz freeën ech mech am allermeeschten.
  • D'Buch, op dat ech mech hei bezéien.

Grad dee leschte Fall féiert dacks zu Konfusiounen, well hei eeben och "op" am Ufank vun engem Niewesaz steet. Gemengt ass awer ëmmer nach d'Prepositioun.

Gëtt et do keen Trick?

Dach, och hei kënne mer ee Fro-Test maachen. Also wann ech nom Deel mam "op" (mat <p>) froen, dann ass meng Fro "wourop" oder "op wat": Wourop frees de dech? Op wat frees de dech?

Oder einfach "wou?": Wou stinn d'Kéi? Op der Wiss.

Mir erënneren eis, den ob-Saz (also mam <b>) kréien ech just duerch eng Wat-Fro eraus.

An och inhaltlech ass den Ënnerscheed, datt "op" natierlech dacks raimlech ze verstoen ass: op der Wiss, op der Këscht, op de Mond, asw.

An du mengs, datt d'Leit elo direkt erkennen, wéi een "op/ob" gefrot ass?

Mer kënne jo e klengen Test maachen!

Ech ginn elo mol e puer Beispiller, wou der matrode kënnt, wéi een et ass. Well, wéi gesot, kléngen se allebéid d'selwecht!

Ech loossen allkéiers eng kleng Paus nom Saz, dir rot, ob den "op/b" e <p> oder e <b> kritt an duerno léisen ech op. Da kënnt der kucken, ob der den Ënnerscheed erkannt hutt.

  • Mir drénken op dat neit Joer. (Wourop drénke mer?)
  • Ech weess net, ob dir dat gefält. (Wat weess de net? + Jo-Nee-Äntwert)
  • Eng Saach, op déi ech stolz sinn (Wourop sinn ech stolz?)
  • Hie freet, ob dat duergeet. (Wat freet en? + Jo-Nee-Äntwert)
  • Op de Kanaren ass et schéin. (Wou ass et schéin?)