Radioen

On air

Tockcity  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Brandstëfter a seng historesch Rezepter

Zäithistoriker

E Brandstëfter a seng historesch Rezepter

Den Zäithistoriker Denis Scuto reit déi frontal Attack vum Trump an sengen Unhänger géint demokratesch Institutiounen an historesch Traditiounen an.

auto_stories

7 min

Den Zäithistoriker Denis Scuto. Foto: Archiv

Eigentlech hätt ech missten drop preparéiert sinn. Well ech zanter Joerzéngte versiche vun der Analys vum Leo Valiani (1909-1999) guidéieren ze loossen. Fir op esou Momenter wéi dës mental preparéiert ze sinn, erënneren ech mech grad dann un dat, wat dëse Journalist, Historiker, Resistenzler an italienesche Senateur op Liewenszäit iwwer d'20. Joerhonnert sot.

Hie sot: "Eist Joerhonnert demonstréiert, datt d'Victoire vun Idealer wéi Gerechtegkeet a Gläichheet ëmmer nëmmen temporär ass, mee och, datt mer ëmmer nees vu vir kënnen ufänken, wann et eis geléngt, d'Fräiheet ze erhalen." De Valiani wosst, vu wat e géif schwätzen, hien, dee fir d'éischt 1928 vum Mussolini op d'Insel Ponzo verbannt gouf, dunn, am Exil a Frankräich 1939 am Konzentratiounslager vu Vernet agespaart gouf, glécklecherweis konnt flüchten an Asyl a Mexiko fannen, iert en ab 1943 säi Land mat vun de Faschiste befreit huet.

Déi Sätz hunn ech mer agehummert, well ech mer ëmmer wollt bewosst bleiwen, datt déi demokratesch Welt, an déi ech viru méi wéi 50 Joer eragebuer sinn, dee Sozialstaat, an deem ech grouss gi sinn, aus engem historesche Prozess entstane sinn, an och ëmmer a Gefor ass, an engem historesche Prozess nees réckgängeg gemaach ze ginn.

Eng historesch Errongenschaft

De Sozialstaat, wéi mer en haut an Europa kennen, ass entstanen aus enger Weltwirtschaftskris, där vun den 1930er Joren, déi zu engem Weltkrich gefouert huet. Well Diktatoren et fäerdeg bruecht hu Millioune Leit, ëm déi sech demokratesch Staaten net gekëmmert hunn, déi demokratesch gewielte Politiker materiell fale gelooss hunn, fir sech ze gewannen.

No 1945 ass eng international Staategemeinschaft entstanen, déi sech op demokratesch Fräiheeten a Mënscherechter berifft, well Diktatoren et an de Joerzéngte virdru fäerdegbruecht hunn, Massen ze mobiliséiere mat Hëllef vun enger nationalistescher a rassistescher Propaganda. Mam makabere Resultat vun iwwer 60 Milliounen Doudeger.

Dee Léierprozess huet laang gewierkt. Mee et war nëmmen eng Saach vun der Zäi,t bis déi zynesch Ausübung vu politescher a wirtschaftlecher Muecht nees géif Iwwerhand kréien. An d'Geschicht sech géif widderhuelen. Net genee d'selwscht natierlech. Mee mat Protagonisten, déi versichen op déi selwecht historesch Rezepter zeréckzegräifen.

Eng Rhetorik, déi historesch Virleefer huet

Ech wollt preparéiert sinn. "Erënner Dech drun wat de Leo Valiani gesot huet! Sief prett!" Mee kann ee wierklech op esou Entwécklunge gefaasst sinn?

Op dat, wat ech an der Nuecht vun en Donneschdeg 5. op e Freideg 6. November op der Tëlee, op CNN, live materlieft hunn, war ech schlussendlech net virbereet. Kuerz virun eng Auer eiser Zäit huet den US-Präsident Donald Trump an enger Pressekonferenz vun enger véierel Stonn demokratesch Institutiounen ugegraff, mat enger Rhetorik, déi historesch Virleefer huet.

Eng Rhetorik, déi enger Neioplag vun der Sprooch vum Drëtte Räich gläichkënnt, an der moderner Form vum simplisteschen Trumpschen Newspeak. Eng neofaschistesch Rhetorik, an där fräi an demokratesch Walen mat erfonnten Uschëllegungen als gefälscht a geklaut duerstellt ginn, als geklaut vun engem korrupte System, "a corrupt Democratic Machine", e System gedroen vu "big media, big money, big tech".

Um véierel op eng hunn hunn ech iwwer WhatsApp menger Famill a menge Frënn dat heite geschriwwen: "Ongleeflech, wat den Trump grad vu sech ginn huet. Datt ech esou eng frontal Attack vun engem President vun den USA géint Demokratie a géint fräi Walen erliewen, ass den trauregste Moment a mengem Liewen als Bierger. Mir feelen d'Wierder. Wéini stoppen d'Republikaner dee Faschist?"

Am Faschismus dierf d'Vollek net schwaach sinn

Virun deem Neofaschist hat ech schonns op dëser Antenn viru véier Joer gewarnt, kuerz no senger Wiel zum US-President. Schonns dee Moment ass e Bléck an d'Geschicht duergaange fir ze mierken, datt hei e Mann zum President gewielt gouf, deen net nëmme rietspopulistesch, mee och faschistesch Wiesenszich huet: vun sengem Haass op Mënschen, déi anescht denken iwwer säi skrupelloost Ausnotzen vun Ängscht a soziale Frustratiounen, iwwer seng permanent Referenzen op Komplotttheorien an säi fanateschen Nationalismus zu sengem Rassismus a Machismus.

Nom 5. November hunn d'Republikaner den Trump net gestoppt. An him esou d'Méiglechkeet ginn e weideren Aspekt vun sengem faschistesche Weltbild ëmzesetzen. An der ganzer Welt ze weisen, wéi vulnerabel demokratesch Institutioune sinn.

De 6. Januar lancéiert den Trump en Appell u seng Unhänger, fir fir hien ze kämpfen, well d'Liewe fir de Faschist nëmmen ëm dem Kampfes Wëllen do ass. Ech zitéieren den Trump: "We fight like hell and if you don't fight like hell, you're not going to have a country anymore." Am Faschismus ass d'Bevëlkerung staark, net schwaach, si dierf net esou si wéi "so many weak republicans": "You're stronger, you're smarter".

D'Vollek muss sech heldenhaft behuelen a marschéieren. Net op Roum wéi 1922, net op München wéi 1923, mee op Washington, d'Häerz vun der amerikanescher Demokratie. Fir de Kapitol ze stiermen. "We're going to walk down to the Capitol, and we're going to cheer on our brave senators, and congressmen and women. We're probably not going to be cheering so much for some of them because you'll never take back our country with weakness. You have to show strength, and you have to be strong."

De Brand ass net geläscht

Politesch Brandstëftung huet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn dës Ried genannt. Mam Resultat vu fënnef Doudeger an Dosende gewielte Volleksvertrieder an der gréisster Demokratie op der Welt, déi ëm hiert Liewen hu misse fäerten. Dowéinst leeft am Moment en zweet Impeachment-Verfare géint den Donald Trump.

De Brand ass awer nach net geläscht. Déi, déi den Trump zanter Méint opgestëppelt huet, wëlle weider kämpfen an demokratesch Institutiounen och an dësen Deeg stiermen, virun der Assermentatioun vum neie Präsident Joe Biden, net nëmmen an der Haaptstad, mee a villen US-Bundesstaaten.

D'Geschicht widderhëlt sech ni à l'identique, mee Historiker kënnen a musse versichen historesch Mechanismen opzedecken, déi iwwer Joerzéngten a souguer Joerhonnerten weiderwierken oder ëmmer nees kënne mobiliséiert ginn. Am Fall vum US-Präsident Donald Trump gesi mer net nëmmen, wéi d'Ressorte vun deem, wat den Umberto Eco 1995 Urfaschismus genanntt huet, vun extremrietse politesche Beweegungen an hire Leadere mobiliséiert gi fir Massen och am 21. Joerhonnert fir sech ze gewannen.

D'Souveränitéit vum Vollek

Ech wéilt just zum Schluss zwee weider historesch Mechanismen ernimmen, déi mer hei um Wierk gesinn hunn. Éischtens weist dem Trump seng Opfuerderung zur Insurrektioun op déi strukturell Instabilitéit vun Demokratien hin, déi Philosophen vun der Opklärung schonns am 18. Joerhonnert pointéiert hunn, wéi déi éischt demokratesch Systemer an den USA an a Frankräich entstane sinn.

Instabel well se, wéi Historiker wéi de Gérard Noiriel oder Politologen wéi de Bernard Manin ënnerstrach hunn, op zwou kontradiktoresche Conceptioune vun der Citoyennetéit berouen: d'Muechtdelegatioun op där enger Säit iwwer d'Wiel vu Volleksvertrieder, op där aner Säit déi direkt Aktioun nom Prinzip vun der Vollekssouveränitéit.

Vu datt an enger Demokratie all Bierger eng Parzell vun der nationaler Souveränitéit besetzt, kann déi direkt Aktioun vun e puer ugesi ginn als den Engagement vum ganze Vollek. Genee dat seet den Trump sengen Unhänger an notzt dës Kontradiktioun aus, fir e Putsch ze rechtfäerdegen : "You're the real people. You're the people that built this nation. You're not the people that tore down our nation."

Dat Nationaalt an dat Soziaalt verbannen

En zweete Mechanismus, deen den Trump notzt, no villen anere Politiker an de leschten 150 Joer, déi wéi hie Massemedie geschéckt genotzt hunn, net nëmmen Faschisten, besteet doran, zwee identitär Facteuren mateneen ze verbanne fir Milliounen Leit hanner sech ze kréien: dat Nationaalt an dat Soziaalt.

75 Milliounen Amerikaner bréngen hien an d'Republikaner hanner sech mat engem neofaschistesche Gesellschaftsprojet an Discours, deen anengems versprécht e grousst Amerika nees hinzestellen a géint Feinde vum amerikanesche (sous-entendu wäisse) Vollek, baussen a bannen, géint Elitten, géint "big money", géint "big media" ze kämpfen.

Dës politesch Strategie huet dem Trump 12 Milliounen méi Stëmme abruecht wéi viru véier Joer. En ass trotzdeem net gewielt ginn, well d'Pandemie an d'Wirtschaftskris dem Trump e Stréch duerch d'Rechnung gemaach hunn, well all déi, déi un der Demokratie hänken, sech nach méi massiv mobiliséiert hunn, a virun allem an de Swing States Michigan, Pennsylvania a Wisconsin d'Differenz gemaach hunn, schliisslech well e Standbeen an eng demokratesch Gewalt wéi d'Justizwiesen an den USA standhaft bliwwen ass.

Wat léiere mer doraus?

Et bleift, datt an den USA, der Wéi vun der moderner Demokratie, e President mat engem neofaschistesche Gesellschaftsprojet véier Joer laang regéiert huet an, trotz alle Prognosen, bal erëmgewielt gi wier.

Wat léieren d'Demokraten an den USA draus? Maache Biden-Harris déi nächst véier Joer eng aner Politik wéi Obama-Biden? Eng Politik, déi sozial Gerechtegkeet, an net nëmmen Unerkennung vun Diversitéit an de Mëttelpunkt stellt.

Wat léiere mir europäesch Bierger draus? Mir wëssen elo, datt frontal Attacken op eis Demokratie nees méiglech sinn. Mee si mir wierklech prett, wann eist Land oder eis europäesch Noperen an den nächste Joren dovu betraff sinn?