De Roberto Bolano sot emol eng Kéier: kuckt emol, wéi vill Schrëftsteller en Aarbechterklass-Hannergrond hunn, an dir wäert se op enger Hand opziele kënnen. Literatur ass effektiv eng zimmlech biergerlech Affär an och déi neurotesch Veranlagung, déi en Hang zum Schreiwen oft eréischt noutwendeg mécht, wier ouni de gesellschaftlechen Drock, Dressur an en onséchert "Ech", ondenkbar.
An esou gëtt d'Sprooch op där enger Säit an eng als Raffinesse getarnten Eegenheet, op där anerer Säit fir verschidde Geeschter zum Ersatz fir e verlueregaangenen Zougang zu sech selwer, gëtt zur ästhetescher Spillwiss vun engem Liewen ënner Zwang.
E friemt Element an der héijer Klass
Dat op d'mannst schéngt de Präis ze sinn dofir, datt engem seng Virfaren sech vun hire Matmënschen ofsënnere wollten. An net ouni Recht, maachen sech bis haut déi schaffend Leit iwwer déi heiansdo droleg Gewunnechte vun hire Virgesetzte lëschteg, aus deem einfache Grond, well aus hinne kee richtegen Usproch op Autoritéit entsprange kann.
Do kënne si sech nach esou erausfizen, um Enn sti si mat hirem intellektuelle Blödsinn eleng do. Well déi intellektuell Dominatioun iwwer d'Aarbechterklass ass a bleift e Skandal, op mer elo iwwer Bio-Ernierung schwätzen, op déi dach gefällegst jiddereen ëmklamme soll oder iwwer fundamental Froen, wéi sozial Gerechtegkeet an dat gelongent Liewen, Froen deenen den D.H. Lawrence nogoung, an dofir Zäit senges Liewens als Pornograf beleidegt gouf.
Den englesche Schrëftsteller ass e gutt Beispill fir déi korrosiv Kraaft, déi d'Excursioun vun engem friemen Element an déi héijer Klass vun der englescher Bourgeoisie muss gewiescht sinn.
1885 an enger Aarbechterfamill opgewuess war den D.H. Lawrence dovunner iwwerzeegt datt d'Klassenënnerscheeder mussen iwwerwonne ginn an dat ënner anerem an der Kommunioun vun der Loscht geschéie kann. Dem D.H. Lawrence no ass Sex nämlech dat, wat zwee Mënschen zesumme bréngt, genau esou wéi et och déi Kraaft ass, déi zwee Mënschen nees auserneen drifte léist.
Inspiratioun aus dem eegene Liewen
"Lady Chatterley's Lover", säi wuel bekanntste Wierk, handelt vun der Bezéiung tëscht enger Fra aus der ieweschter Gesellschaftsschicht mat engem Juegdhidder um Domän vun hirem kranken an impotente Mann.
Wat elo dohier komme kann, wéi de bëllegen Zenario vun Erwuessenefilmer, wéi se fréier zu spéider Stonn op der Televisioun ausgestraalt goufen, ass eigentlech e Buch deem seng revolutionär Kraaft kaum iwwerschat ka ginn, an och haut näischt vu senger "kathartescher" Kraaft verluer huet. Insgesamt eng radikal Analys vu soziale Muechtverhältnisser am England vu senger Zäit an e beandrockende Fresk vu Charakteren, direkt inspiréiert aus dem Lawrence senger eegener Biografie.
1912 hat hie nämlech d'Frieda Weekley kennegeléiert, gebuere Von Richthofen. Eng däitsch Aristokratin, wäitleefeg Famill vum Manfred von Richthofen (besser bekannt als Roter Baron) a bestuet mam fréieren Unisprofesser vum Lawrence, dem Ernest Weekley, mat deem hat dräi Kanner hat. Schnell sollt sech tëscht deenen zwee eng Leidenschaft entwéckelen, déi d'Frieda dozou dränge wäert seng Famill zeréck ze loosse fir sech mam Lawrence duerch d'Bascht ze maachen.
Zesummentreffen tëscht zwou Klassen
Gebuer an opgewuess war d'Frieda vno Richthofen 1879 zu Metz, dat e puer Joer virdrun, 1871, mat der ganzer Moselle vu Preussen annektéiert gi war an eréischt 1918 Frankräich nees zoufale sollt. Et ass och hei, wou seng Famill zu Montigny bei Metz gewunnt huet, wou d'Frieda mam Lawrence ënnergedaucht ass. Offiziell war hat do fir sengem Papp, dee Baron an Ingenieur an der preisescher Arméi war, säi 50. Déngschtjoer ze feieren.
Grouss war dofir d'Opreegung, wéi de Lawrence, deen op enger Excursioun laanscht déi massiv Festung vun der Stad a militäresch Gebitt era spadséiert an als brittesche Spioun verhaft gi war, de ganzen Afloss vu senger Frëndin hirem Papp gebraucht huet, fir nees fräi ze kommen.
Du war allerdéngs och kloer datt d'Frieda net op Besuch, mee op der Flucht viru senger englescher Famill wier. En Zesummentreffe vum preiseschen Aristokrat an dem Jong vun engem Kueleminnenaarbechter war frosteg.
Eng Bezéiung bis zum Dout
Well d'Stëmmung verduerwe war huet sech de Lawrence, deen ausserdeem Metz, wou sech déi gréissten däitsch Architekten hunn dierften austoben, als "eng gräisslech Mëschung" aus Zitat "Neistad, Alstad, Baracken, Baracken", enger "Kathedral" an eben "Montigny" empfonnt huet, no Tréier ofgesat.
E puer Méint a Versich vum Frieda sengem Papp hatt ëmzestëmme méi spéit, hunn déi zwee sech bei Münche fir hir "Hochzäitsnuecht" erëmgetraff. D'Bezéiung, obwuel holpereg, sollt bis zum Doud vum D.H. Lawrence unhalen.
"Nur der Wind..." heescht iwwregens d'Autobiografie, déi Frieda Lawrence 1936, sechs Joer nom Doud vu sengem Mann zu Berlin am Verlag Rabenpresse erausgëtt. Si selwer stierft 1956 op der gemeinsamer Ranch a New Mexico, déi hinne vun enger räicher Mäzenin geschenkt gi war.